Radioen

On air

Resonanzen  |  Ludwig van Beethoven - Serenade fir Flütt a Piano a Ré Maj., Op. 41, V. Allegro scherzando e vivace - Emmanuel Pahud (Flütt), Eric Le Sage (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Moon-Song

Südkoreanesch Kënschtlerinnen

Moon-Song

D'Kënschtlerinne Keong-A Song a Se-Lyung Moon hu mat hire Sujeten Dram an Erënnerung e "Moon-Song" fir d'Librairie Fellner Louvigny kreéiert. D'Kerstin Thalau weess méi iwwer déi zwou Kënschtlerinnen.

auto_stories

2 min

Ufanks 2021 wäert den Hans Fellner säi Konschtbicher-Buttek an der Louvignys-Gaass fir ëmmer hanner sech zouspären. Bis dohinner presentéiert de studéierte Konschthistoriker do net just eng Hällewull spannend Bicher, mee och déi eng oder aner Konschtausstellung.

Zum Beispill d'Expo "Moon-Song". Fir déi huet den Hans Fellner, deen e Faibel fir asiatesch Konscht huet, zwou Koreanerinnen zesummebruecht, déi sech guer net kannt hunn, obschonns déi eng 20, déi aner 13 Joer an der Groussregioun doheem sinn: d'Keong-A Song an d'Se-Lyung Moon.

De Bäitrag vum Kerstin Thalau lauschterenplay_arrow

Fir d'Expo "Moon-Song", an der Librairie Fellner Louvigny, huet de Konschtlibraire Hans Fellner di südkoreanesch Kënschtlerinne Keong-A Song a Se-Lyung Moon invitéiert.

D'Keong-A Song, Joergang 1974, hat sech am Joer 2000 fir en Zousaz-Studium zu Nanzeg decidéiert, an huet do hiren zukünftege Mann, de portugisesch-lëtzebuergesche Konzeptkënschtler Marco Godinho, kennegeléiert.

Zanterhier lieft a schafft si tëscht Südkorea, Lëtzebuerg a Frankräich. Der Keong-A Song hir Haaptsujeten: Dram an Dramwelten.

De Bäitrag vum Kerstin Thalau lauschterenplay_arrow

D'Südkoreanerin Se-Lyung Moon hat schonn e Soziologie-Diplom aus hirer Heemecht an der Täsch, wéi si sech 2007 op der Konschthéichschoul zu Metz ageschriwwen huet. No hirem Ofschloss 2010 war si eng Zäitchen an der Kommunikatioun aktiv, mee mëttlerweil fillt si sech am Konschtberäich méi wuel, huet sech mat hiren Installatiounen an der Lorraine en Numm gemaach.

Virun dräi Joer konnt een hier Aarbechten och zu Lëtzebuerg entdecken. An der Expo "Moon-Song", an der Librairie Fellner Louvigny, presentéiert d'Se-Lyung Moon Peinturen a Skulpturen zum Thema Erënnerung.