Radioen

On air

Notturno  |  Lost Girls - Ruins

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "M - Eine Stadt sucht einen Mörder" vum Fritz Lang

An der Cinematheik

"M - Eine Stadt sucht einen Mörder" vum Fritz Lang

Mat Stommfilmer wéi "Dr. Mabuse, der Spieler" a "Metropolis" huet den däitsch-éisträichesche Regisseur Fritz Lang sech international en Numm gemaach. 1931 bréngt hien de Film "M - Eine Stadt sucht einen Mörder" eraus. Et ass säin éischten Tounfilm a gëtt haut als Meilesteen vum däitsche Kino betruecht. Dem Fritz Lang säi Meeschterwierk kann een nächste Freideg nach eemol um groussen Ecran genéissen.

auto_stories

4 min

De Film "M" erzielt d'Geschicht vun engem Kannermäerder, deen a ganz Berlin Panik ausléist. Ugedriwwe vun de Medien entsteet an der ganzer Stad eng Massenhysterie a jidderee ka vun haut op muer beschëllegt ginn, de Mäerder ze sinn.

Fir de Mäerder ze faassen erhéicht d'Police hir Presenz op der Strooss a féiert an der Nuecht Razzien duerch. Well d'Berliner Verbriecherbande wéinst der Policepresenz net méi schaffe kënnen, decidéieren si, de Kannermäerder selwer ze fänken an ëmzebréngen.

Den Afloss vun Toun op de Filmspectateur

"M" ass den éischten Tounfilm vum Regisseur Fritz Lang. Hien erkennt séier déi nei Méiglechkeeten, déi Tounopname bidde fir Atmosphären ze schafen a beim Spectateur Gefiller auszeléisen.

"Damals kam ich zu der Erkenntnis, dass man Ton als dramaturgisches Element nicht nur verwenden kann, sondern unbedingt sollte - in M zum Beispill, wenn die Stille von Straßen plötzlich durch schrille Polizeipfiffe zerrissen wird, oder das unmelodische, immer wiederkehrende Pfeifen des Kindermörders, das seinen Triebgefühlen wortlos Ausdruck gibt."

Dem Edvard Grieg seng bekannt Melodie aus Peer Gynt gëtt am Film zu engem Leitmotiv a suggeréiert beim Spectateur, datt de Mäerder gläich nees zouschléit. D'Päife gëtt dem Kannermäerder Hans Beckert awer schliisslech zum Verhängnes, well hien sech doduerch selwer verréit.

Nodeems et de Verbriecherbande gelongen ass, den Hans Beckert ze faassen, stellen se hie virun een improviséiert Geriicht. D'Urteel steet vu vir era fest: de Kannermäerder muss stierwen.

Fir dem Verbriechergeriicht den Uschäi vun engem faire Prozess ze ginn, kritt den Hans Beckert d'Geleeënheet sech ze verdeedegen.

Den Héichpunkt vum Film

D'Zeen vun der Verurteelung bilt den Héichpunkt vum Film - net just wéinst der immenser schauspillerescher Leeschtung vum Peter Lorre, deen de Kannermäerder spillt mä och wéinst de philosopheschen a juristesche Froen, déi dës Zeen opwäert.

Ass Doudesstrof ëmmer illegitim oder ass se bei sou grujelege Verbriechen ewéi Kannermord ze rechtfäerdegen? Muss een och mental krank Persoune bestrofen oder sinn si net zourechnungsfäeg an dofir net wierklech schëlleg? De Film gëtt keng Äntwert op dës Froen.

Fir den Impakt vun dëse Froen op de Spectateur vun deemools ze verstoe muss een de Film a säin historeschen a soziale Kontext setzen: d'Doudesstrof war nach net ofgeschaaft, d'Nazien hu mat hire mënschefeindleche Vuen ëmmer méi Afloss an der Gesellschaft gewonnen an d'Weimarer Republik war an enger déiwer politescher, sozialer a moralescher Kris.

Eng Zäit vu grujelege Mordserien

Doriwwer eraus hunn eng Rei grotesk Mordserien d'Gesellschaft an Otem gehale kuerz ier de Film erauskoum. 1921 - also zéng Joer ier dem Fritz Lang säi Film an d'Kino koum - ass de Seriemäerder Carl Großmann zu Berlin gefaange ginn, dee verdächtegt gëtt bal 100 Mënschen ëmbruecht ze hunn.

Dräi Joer méi spéit ass de Geeschteskranke Karl Denke der Police an d'Netz gaangen, dee senger Affer net just ëmbruecht mee och giess huet.

Dat nämmlecht Joer ass de Seriemäerder Fritz Haarmann - de Werwollef vun Hannover - zum Doud verurteelt ginn. Iwwert den Haarmann ass souguer ee populäert Lidd gesonge ginn, dat och am Fritz Lang sengem Film virkënnt.

De Fritz Lang huet sech wärend engem Interview an de 60er Joren zu sengem Film geäussert an erkläert, de Verbriecher humaniséiert ze hunn.

"Ich habe mich in meinem Leben für tausend Dinge interessiert, und aus diesen Interessen für tausend Dinge kam ein Hauptinteresse: der Mensch. Und nicht nur was er tut - in Schuld oder Unschuld - sondern was ihn zu seinem Tun bewegt, what makes him tick! Und mit dem Versuch dies zu erkennen, wächst nicht nur persönliche Erkenntnis sondern, viel wichtiger, Mitgefühl."

Well de Film selwer sech awer net positionéiert, léisst de Schluss méi ewéi eng Interpretatioun zou. De Joseph Goebbels soll de Film a sengem Tagebuch gelueft hunn an 1933 krut de Fritz Lang, dee selwer jüddesch Originnen hat, vum Goebbels ugebueden, Direkter vun der däitscher Filmindustrie ze ginn.

Amplaz d'Offer unzehuelen, ass de Fritz Lang an Amerika geflücht wou hie seng Filmkarriär zu Hollywood weidergefouert huet. Säi Film M ass kuerz duerno vun de Nazie verbuede ginn.