Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lutz Seiler - Stern 111

Buchkritik

Lutz Seiler - Stern 111

Schonn erëm e Roman iwwer d'Wendezeit. De Berliner Mauerfall inspiréiert d'Autorinnen an Auteuren an an der Tëschenzäit huet een heiansdo den Androck, et géif een ëmmer dee selwechte Roman liesen. Net esou beim Lutz Seiler, och wann d'Thematik - also d'Wendezeit - net grad originell an innovativ ass, dat wat de Gewënner vum Leipziger Buchpräis a sengem Buch "Stern 111" zesummestellt, ass schonn e klengt Wonnerwierk, fënnt d'Valerija Berdi.

auto_stories

3 min

DDR - e puer Deeg nom Mauerfall. De Carl, e Student, gëtt vu sengen Eltere gebieden, ganz séier heem ze kommen. Si hunn him eppes Wichteges matzedeelen: si wëlle fort aus der DDR, si trauen der Ouverture vun de Grenzen net a wëlle vum Ament profitéieren. De Carl soll d'Wunneng, den Auto an alles, wat ee soss nach hanner sech léisst, wann ee flücht, iwwerhuelen.

Eng Situatioun, déi de Carl iwwerfuerdert, ass et net hien, de Student, dee rebellesch misst sinn, dee sech traue sollt en neit Liewen unzefänken, an net seng Elteren, déi dach ëmmer brav a bieder Bierger waren, déi spuersam mat Suen, Projeten a Verännerungen ëmgaange sinn? An elo verloossen si hir Aarbechtsplaz, hir Sécherheet, alles wat si hiert Liewe laang opgebaut hunn, fir mat engem Rucksak, Pass an neien Dreem an de Westen ze reesen.

"Auf ihre Weise trugen Inge und Walter zum Umsturz bei, der überall im Gange war. Sie erschienen nicht mehr auf ihrer Arbeit, sie verliessen ihren Platz und rüsteten zur Flucht, wenn man es so nennen wollte. Seine Eltern! Sie waren die unwahrscheinlichsten Flüchlinge, die Carl sich vorstellen konnte."

De Carl packt et net an der Wunneng, an an enger Zort Féiwer setzt hie sech an dem Elteren hiren Shiguli, verléisst Gera Richtung Berlin.

Ee Gefill vu Verloscht

Et si Reflexiounen iwwer säin nach jonkt Liewen, déi de Carl beschäftegen, seng zerbrach Bezéiung, d'Opgi vum Studium, mee et ass virun allem seng Relatioun mat sengen Elteren, déi d'Häerzstéck vu senge Gedanke ass.

Gëlt nach déi gewinnten Eltere-Kand-Opstellung? Wéi gutt kennt hie seng Elteren? Mat wéi engem Recht gi si hir klassesch Roll op? Suergen a Reprochen, Verlaangere a Vermëssen féiere beim Carl zu engem Gefill vu Verloscht a Verluer sinn.

Hie weess net wouhin, lieft op der Strooss bis hie richteg krank gëtt a vun der Berliner Ënnerwelt gerett gëtt.

Solidaritéit an Antikapitalismus

Et ass d'Clique, konterbont gemëscht, déi an enger Parallelwelt lieft, sech dës Welt an de Kellere vu Berlin opbaut a plangt Haiser, déi eidel stinn, ze iwwerhuelen, se de Mënschen, déi sech Loyeren net kënne leeschten, zur Verfügung ze stellen.

Solidaritéit an Antikapitalismus sinn hei grouss geschriwwen, Kelleren a verloossen Haiser gi renovéiert. Sue besuerge si sech, andeem si Schaffgeschier vu grousse Chantiere klauen a virun allem verkafe si Stécker vun der Berliner Mauer: "Sabotage an den Brutstätten des Kapitals bei gleichzeitiger Umverteilung."

Een anere Bléck

De Lutz Seiler beschreift hei atmosphäresch dicht en anert Berlin, erlaabt en anere Bléck op d'Wendezeit, e Berlin, dat esou staark un dem Alfred Döblin säin "Berlin Alexanderplatz" erënnert. Dem Seiler seng Geschicht ass vill méi linear, manner montéiert, trotzdeem sinn hei och Gedichter, Zitater, iwwerraschend Wendungen, chaotesch Entwécklungen, Humor an Ironie, an en Dreiwen ze liesen, et fillt een de Bols vum groussen däitsche Klassiker. Genee wéi den Döblin huet de Seiler säi Roman an néng Kapitelen opgedeelt.

Dotëschent ëmmer erëm d'Liewen vun den Elteren a Westdäitschland. Eng aner Sprooch, niichter, einfach an dach voller Sensibilitéit. Eng eeler Koppel op der Sich no Aarbecht, no engem Wunnsëtz, déi ausgebeut an ofgeleent gëtt, an awer hiren Dram net opgëtt. An dësen Dram ass absolut net, sech e biedert Liewen a Westdäitschland opzebauen, den Dram geet vill méi wäit.

A Stern 111? "Stern 111" war eng Radiosmark an der DDR an dëse Radio spillt och um Enn eng Roll an nach en anere Stär.

Dëst Joer hat d'Jury vum Leipziger Buchpreis erëm e wonnerbare Choix getraff, am Géigesaz zum leschte Joer, a wien, wéi ech, u sech keng Loscht méi op däitsch Romaner iwwer de Mauerfall an d'Wendezeit huet, soll onbedéngt de Lutz Seiler liesen. Grad dowéinst!