Radioen

On air

De Moien  |  Oflenkung am Auto: esou banal an dach esou geféierlech

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Love on the Spectrum"

Seriekritik

"Love on the Spectrum"

Op en Date goen, ass am Fong fir all Mënsch, deen op der Sich no Léift ass, eng zimmlech stresseg Saach. Sinn ech ze vill opdränglech, stellen ech déi richteg Froen, schweessen ech ze vill, wat soll ech nëmme soen?

auto_stories

4 min

Et gi Leit, déi zousätzlech zu deene Froen och nach aner Schwieregkeeten hunn. Zum Beispill d'Liese vu Kierpersprooch oder d'Ausdrécke vu Gedanken.

Déi australesch Dokumentarserie "Love On the Spectrum" begéint a begleet Mënschen aus dem autistesche Spektrum op hiren Dates oder a scho bestoende Bezéiungen. An all Episod leiert een nei Leit an hir Famill kënnen, héiert vun hire Wënsch an erlieft si an hirer Famill, wéi och op meeschtens hirem aller éischten Date iwwerhaapt.

De Besoin an d'Recht op Léift

Esou ginn an der éischter Episod de Michael presentéiert, dee 25 Joer al ass a schonn zanter fënnef Joer vu senger Dramfra dreemt, d'Chloé, dat bisexuell ass, an d'Ruth an den Thomas, déi schonn zanter véier Joer an enger fester Bezéiung sinn.

Eng spezialiséiert Beroderin hëlleft verschidde Leit dobäi. Mënsche mat Asperger oder Autismus gëtt hire Wonsch no Léift an Intimitéit dacks ofgeschwat, wéinst hirer Diagnos. An awer hätte si genee wéi all aner Mënsch e Besoin an e Recht op Léift an Zäertlechkeet, esou d'Beroderin.

Déi meeschten Treffe si mat anere Leit, déi och am Spektrum sinn. Hei freet ee sech, ob dëst net e bëssen ausgrenzend ass, mee d'Wiel treffen déi eenzel Kandidate selwer an de genannte Grond ass meeschtens, datt si d'Gefill hu besser verstanen ze ginn.

D'Leit fille sech wuel

D'Kamera ass an dëser Serie net nëmme stëlle Beobachter, mee d'Crew an de Regisseur Cian O'Cleary hunn heiansdo och eng interaktiv an ënnerstëtzend Roll. A schwierege Momenter fäert de Regisseur net seng Positioun am Hannergrond opzeginn an de Leit ënner d'Äerm ze gräifen.

Zum Beispill wärend engem Date, wou ze vill Nervositéit zu Angoissë féiert. Dës respektvoll a mënschlech Approche gëtt dem Regisseur eng Vertrauenspositioun an där déi gefilmte Leit sech offensichtlech wuel spieren a sech opmaachen.

A relativ perséinlechen Interviewen zielen déi verschidde Leit, wat hinne wichteg wär bei engem Partner, wéi si sech Léift virstellen a wéi si generell zu hirer Diagnos stinn. Och d'Elteren äussere sech an deelweis emotionalen Zeenen an zielen iwwer hir Suergen an Hoffnungen.

Do ass de Spectateur de Leit ganz no. Als Kontrast dozou beweegt sech d'Kamera aus dem enken eent zu eent Gespréich awer och erëm an den Hannergrond a weist d'Mënschen an hirem Alldag, mat hire Famillen an hire Beroder.

Ënnerschiddlech Personnagen

An de fënnef Episode léiert een ëmmer erëm nei Mënsche mat komplett verschiddene Stäerkten an Eegenschafte kennen. An deem Sënn mécht d'Serie de Bléck op, op d'Villfältegkeet an d'Eenzegaartegkeet vu Mënsche mat Autismus oder Asperger Syndrom, wat och erkläert, firwat et autistescht Spektrum genannt gëtt.

Esou huet de Jimmy Schwieregkeete senger Frëndin, dem Shanae, méi wéi zéng Sekonnen d'Hand ze ginn, wat d'Shanae och akzeptéiert, wärend d'Ruth an den Thomas permanent matenee schmusen. Den Andrew brauch et zum Beispill propper an ass e Frënd vu Reegelen, de Mark weess bal sou zimmlech alles iwwer Dinosaurier, wat et ze wësse gëtt, an d'Maddie wënscht sech e grousse Mann mat Bauchmuskelen.

Schlussendlech fënnt ee sech an hire Wënsch a Perséinlechkeeten als Spectateur erëm an de Gruef tëschent den neurotypischen a neurodivergente Mënsche gëtt e bësse méi kleng. D'Serie réckelt och jonk Fraen an d'Bild, déi a der Vergaangenheet wéineg an dës Diagnose gefall sinn a weist wéi schwéier a wéi spéit esou Diagnosen iwwerhaapt falen.

Keng depriméierend Serie

De Cian O'Cleary schafft iwweregens net fir d'éischte Kéier mat neurodiverse Mënschen. 2019 huet hien an der Serie "Employable Me", Mënschen aus dem Spectrum begleet wärend hirer Aarbechtssich, an 2015 huet hien d'Dokumetarserie "Changing Minds" an enger vun de gréisste Psychiatrië vun Australien gedrént. A seng Aarbechte fannen och Uklang. D'Theema vun der Inclusioun an ob Mënschen als behënnert, krank oder neurodivers ugesi ginn, ass eng wichteg an aktuell Debatt.

Och wann d'Serie"Love On the Spectrum" heiansdo e bësse redundant ass, well se an de fënnef Episoden dat selwecht Schema suivéiert, esou huet se awer hire Wäert, well de Regisseur, ouni ze fäerten an awer mat vill Gefill, déi Froen upaakt, déi schwéier sinn. An awer ass et keng depriméierend Serie, si huet éischter eng wonnerbar Liichtegkeet, well de Courage vun de Mënsche virun der Kamera ass bewonnerenswäert an och ustiechend.

"Love On the Spectrum" heescht déi nei Serie, déi fir de Moment op Netflix ze gesinn ass.