Radioen

On air

Tockcity  |  Fontaines D.C. - Starburster

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Literaresch Texter a véier Sproochen an Essayen

Les cahiers luxembourgeois -1-2020

Literaresch Texter a véier Sproochen an Essayen

An der leschter Editioun vun de Cahiers luxembourgeois mécht sech de Guy Helminger Gedanken iwwer d'Positioun an d'Existenz vun Intellektuellen zu Lëtzebuerg. De Benoît Reiter schreift iwwer eng Recherche iwwer historesch Portraiten, de Jean-Marie Reding befaasst sech mat "Gewerbliche Leihbibliotheken". Dann ass awer och nach Lyrik a Prosa vu Lëtzebuerger Auteuren ze entdecken.

auto_stories

3 min

Nee, net ganz vun hannen, well d'Biographië vun de Matwierkende vun dëser Nummer vun de Cahieren si mir bekannt ... obwuel do ass een Numm, dee mir friem ass - Karina Florini.

Firwat ech dee leschte Bäitrag als éischte gelies hunn, ass einfach, well ech de Guy Helminger souwisou gäre liesen an hei war et dann och nach manner literaresch - obwuel - mee et ass en Essai, deen de Guy Helminger hei publizéiert huet, mam Titel "Der schweigsame Intellektuelle."

Ginn et nach Intellektueller zu Lëtzebuerg, a gi si iwwerhaapt gebraucht, si si hei iwwerhaapt erwënscht?

Keng nei, mee interessant Analys mécht de Guy Helminger hei iwwer den intellektuellen Zoustand vu Lëtzebuerg. Fake News a Facebook, Greta Thunberg an déi aktuell Begeeschterung fir den Asaz géint de Klimawandel, an da geet de Helminger awer méi wäit a setzt de Fanger op d'Press an de Journalismus. Hie bedauert, datt de Feuilleton zu Lëtzebuerg amgaang ass auszestierwen, an datt déi, déi nach analytesch an differenzéiert berichten, souwisou net gelies ginn an och net erwënscht sinn. Amplaz géifen da Redaktere kommen, déi:

"dpa-Meldungen abdrucken ohne sie zu hinterfragen, politische Statements wiedergeben, als seien sie die Pressesprecher der Regierung, aber mit Sicherheit innerhalb der Ausübung ihres Jobs nicht als Intellektuelle zu bezeechnen sind."

A weider:

"so trägt auch der Wettbewerb , der kapitalistische Sparmodus, einschliesslich Personalabbau, der Inhalt opfert, in der Hoffnung Leser zu gewinnen, indem er jene, die eine Meinung haben, aber keine Zeit zum Reflektieren, an die Schreibfront schickt, massiv dazu bei, Intellektuelle in ihren Publikationsmöglichkeiten zu beschneiden."

Den Helminger konstatéiert awer dann och, datt sech eben intellektuell Kommentare schlecht verkafen an dat:

"der Hang zur austarierten Genauigkeit (hat) heutzutage die Anziehungskraft eins Abwasserkanals."

Ech fäerten, datt dem Helminger säin Artikel och net ze dacks wäert gelies ginn ...

Weider Bäiträg an dëser Editioun vun de Cahieren ass eng historesch Recherche iwwer "Leihbibliotheken" zu Lëtzebuerg vum Bibliothecaire Jean-Marie Reding an de Benoît Reiter mécht sech op d'Spuere vun Tableauen aus der Mansfeld-Zäit.

Ervirzehiewen ass och dem Raoul Biltgen säin Text "Sitzt ein Mann im Zug", deen am typesch frech-ironeschem Biltgen-Stil geschriwwen ass a wou engem awer lues a lues d'Grinse vergeet. Absolut liesenswäert!

Et ass en absolutte Sammelsurium vun esou ënnerschiddlechen Texter, datt ee sech freet, wisou gëtt et guer kee roude Fuedem oder ass grad dat de roude Fuedem? Dem Florent Toniello säin Theaterstéck iwwer den Offenbach steet nieft den total skurrillen a reegelrecht anti-literareschen a psychedeleschen Erënnerungen un d'Jugend vum Jupp Gudenbuerg, engem Rëmelenger Urgesteen a Liewenskënschler, wéi en hei beschriwwe gëtt.

Eng Rei Gedichter an däitscher an englescher Sprooch vun der Fabienne Hollwege, Diane Neises an der Karina Fiorini, déi een entdecke kann. An eng zimmlech originell Geschicht vun der Maryse Krier "Der Mann", deem déi selbstbewosst Protagonistin wëllt lass ginn, an deen net just hir onangeneem am Genéck setzt.