Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jordan Rakei - Freedom

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LEAP fir d'Hisae Ikenaga

Luxembourg Encouragement for Artists Prize 2020

LEAP fir d'Hisae Ikenaga

Den LEAP-Präis priméiert d'Wierk vu Kënschtler, déi schonn e gewësse Parcours hanner sech hunn. De Luxembourg Encouragement for Artists Prize goung dëst Joer un déi japanesch-mexikanesch Kënschtlerin Hisae Ikenaga.

auto_stories

3 min

A Konformitéit mat den aktuelle Restriktiounen huet d'Präisiwwerreechung vum LEAP dëst Joer viru klengem Publikum an a kuerzer Zäit e Samschdeg Owend an der Grande Salle vun de Rotondë stattfonnt. No e puer Wierder vun ë. a. der Kulturministerin Sam Tanson, duerfte sech déi véier Laureate Suzan Noesen, Nina Tomàs, Hisae Ikenaga an den Duo Bruno Baltzer a Leonora Bisagno kuerz virstellen, éier dann de CEO vun der Luxembourg Art Week, am Kader vun där de LEAP iwwerreecht gouf, den Alex Reding, de Präis nach emol kuerz virgestallt huet.

International Virbiller fir de Präis

2015 op Initiativ vun der Lëtzebuerger Filial vun Allen&Overy, dem zéngtgréissten Affekotebüro op der Welt, an d'Liewe geruff als ëffentlech-privat Partnerschaft mat de Rotonden zu Bouneweg, priméiert de Luxembourg Encouragement for Artists Prize - kuerz LEAP - all zwee Joer d'Aarbecht vun engem zäitgenëssesche Kënschtler. Den Alter spillt dobäi keng Roll. Eenzeg zielt de Bezuch zu Lëtzebuerg an datt nëmme Wierker ausgezeechent ginn, déi net méi wéi dräi Joer al dierfe sinn.

Als Virbiller hat den LEAP Präisser am Ausland wéi de Prix Marcel Duchamp a Frankräich, de britteschen Turner Prize oder e Preis der Nationalgalerie für junge Kunst an Däitschland, huet den Alex Reding erkläert. D'Zil wier dobäi ëmmer gewiescht Kënschtler auszezeechnen an eng gréisser Siichtbarkeet ze ginn, déi schonn e bësse Wee hanner sech zeréckgeluecht hätten.

Alldagsgéigestänn eng aner Bedeitung ginn

Dëst Joer goung dee mat 12.500 Euro dotéierte Präis dann un déi japanesch-mexikanesch Kënschtlerin Hisae Ikenaga, déi zanter Kuerzem aus Spuenien op Lëtzebuerg geplënnert ass an elo hei wunnt a schafft. An hirer Konscht konzentréiert si sech op Alldagsgéigestänn, déi si ëmbaut fir hinnen aner Bedeitungen oder en anere Gebrauch ze ginn.

A senger Begrënnung huet de Jury ënner anerem déi "grouss Koherenz" vun der Hisae Ikenaga hirem Wierk gelueft, dat "räich u multipellen interdisziplinäre Referenze wier, déi d'Diversitéit vun der mënschlecher Aarbecht tëschent industrieller an artisanaler Produktioun" géifen ervirruffen.

Am internationale Jury souzen - mat Ännerungen - d'Hélène Guenin, Direktesch vum MAMAC, dem Musée d'Art Moderne Contemporain zu Nice, de Frank-Thorsten Moll, Direkter vum IKOP, dem Musée Contemporain vun Eupen, da stellvertriedend fir Gertrud Peters, Kommissärin vum KIT Kunst im Tunnel, hir Mataarbechterin d'Céline Offermanns a stellvertriedend fir de d'Konschtsammler Patrick Majerus, den Architekt a Konschtsammler Marc Gubbini. President vum Jury war den Alexandre Bohn, Direkter vum FRAC, dem Fonds régional d'art contemporain vu Poitou-Charentes.

Der Gewënnerin vum LEAP an deenen aneren dräi Finalisten hir Wierker sinn dann nach bis de 29. November an de Rotonden ausgestallt. Den 100,7 wäert Iech an den nächsten zwou Wochen d'LEAP Kënschtler virstellen.