Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 15 Joer Héichten an Déiften

Kulturhuef Gréiwemaacher

15 Joer Héichten an Déiften

Zu Esch gouf et emol e Schluechthaus, dat bis 1979 fonctionnéiert huet. Aus dem Schluechthaus gouf 1998 e Centre Culturel: D’Kulturfabrik. Mee d’Geschicht widderhëlt sech jo gären. Och zu Gréiwemaacher gouf et e Schluechthaus, an och aus deem gouf am Joer 2000 e Centre Culturel: De Kulturhuef.

auto_stories

4 min

De Kulturhuef renovéiert geschwënn seng Ausstellung iwwer d'Dréckerei

D’Geschicht vum Site vum Kulturhuef läit 118 Joer zeréck.1897 gouf do eng "Etude pour la Construction d’un abattoir" gemaach, a nëmme fënnef Joer méi spéit huet d’Gréiwemaacher Schluechthaus seng Dieren opgemaach. Deemools huet natierlech nach keen dru geduecht, datt do emol Muséeën, e Kulturcafé an e Kino géife fonctionnéieren.

Am Schluechthaus gouf bis 1975 geschafft, dono gouf de Site als Vestiaire fir de Fussball a vun de Scoute benotzt, et war en Depot fir de 'Comité des fêtes' dran, an eng Sozialwunneng. Mat mat de Joeren huet d'Zäit awer hir Spueren hannerlooss, souwäit bis et geheescht huet, et misst ofgerappt ginn. Mee 1995 ass awer dunn decidéiert ginn, op deem Site eng Plaz fir d'Kultur ze schafen. 

Entstan ass sou, lues a lues, eng exceptionnel Plaz am Oste vum Land."Mir hunn hei op engem klenge Site e Café, e Kino an e Musée. Fir sou e klenge Site ass dat schonn eemoleg", seet d'Liane Felten, Presidentin vun der ASBL Kulturhuef.

"Kultur sou net kannt"

Ufanks sinn d'Leit aus der Géigend mat gemëschte Gefiller op de neie Kulturzenter zougaang. "D'Leit hunn d'Kultur, sou wéi mir se hei gemaach hunn, net kannt", erënnert sech d'Liane Felten. Haut hätt dat sech zwar scho geännert, mee d'Awunner géifen ëmmer nach e bësschen zécken. "Mee d'Leit ronderëm Maacher, souguer déi aus der Groussregioun, déi komme gär bei eis", sou d'Liane Felten déi selwer e "Maacher Meedchen" ass.  

D'Monika Jakobs an d'Liane Felten

Kulturcafé, Kino, Dréckereimusée oder Spillkaartemusée – d’Offer vum Kulturhuef ass speziell, a gläichzäiteg spezifesch fir dëse Centre Culturel. "Mir schwätze mat deene verschiddene Piliere verschidde Publicen un: am Musée ass méi e nationalen an internationale Public, de Kino, dat ass méi regional, an de Kulturcafé ass am 'daily business' och méi lokal, mee wa besonnesch Evenementer sinn, da kommen och Leit aus der ganzer Regioun", seet d’Monika Jakobs, déi zanter 2003 Coordinatrice vum Maacher Kulturhuef ass. 

(Nach ëmmer) net Member bei de regionale Kulturhaiser

De Kulturhuef ass an enger Zäit gewuess, wou et eng Inflatioun vu regionale Kulturhaiser gouf. 2008 gouf och de lëtzebuerger Reseau vun de regionale Kulturhaiser gegrënnt – an deem de Kulturhuef vu Maacher awer net Member ass.

D'Monika Jakobs ass der Meenung datt déi Decisioun haut nach ëmmer richteg ass: "Mir hunn eng ganz aner Ausriichtung wéi déi aner Kulturhaiser duerch déi verschidde Pilieren déi mir hunn: de Musée, de Kino an de Café mat senger klenger Bühn, déi net déiselwecht Dimensioun huet wéi déi an déi engem CAPe, enger Kulturfabrik oder engem Trifolion. Dofir kënne mir zum Beispill net an d'Kreatioun vu neien Theaterstécker mat eragoen".

D'Kreatioun am Kulturhuef geschitt anescht. Et gëtt zum Beispill vill fir Kanner gebueden, am Dréckereimusée, wou et eng Rei Ateliere ronderëm d'Drëckkonscht ginn – och fir Erwuessener. A fir de 15. Gebuertsdag leeft och de Projet "Wanted" wieder. 

E Bléck an d'Zukunft

Op 15 Joer gëtt am Kulturhuef zeréckgekuckt, mee och an d'Zukunft."Mir hunn nach ganz vill Iddien, mir musse just kucke wéi mer déi mat eiser klenger Equipe ëmgesat kréien", seet d'Monika Jakobs. De nächste Schrëtt wäerte weider Verännerungen am Beräich vum Musée sinn. Dëst Joer ass den Entréesberäich scho renovéiert ginn, do fënnt een elo ënner anerem e neie Muséesshop an och e sougenannten Expo-Cube, wou temporär Ausstellunge kenne lafen. Als nächst soll awer déi permanent Ausstellung vun der Imprimerie iwwerschafft ginn.