Radioen

On air

De Weekend  |  Noel Gallagher's High Flying Birds - Love Is A Rich Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kulturell Diversitéit zu Lëtzebuerg

Riicht Eraus

Kulturell Diversitéit zu Lëtzebuerg

Am Kader vum Internationalen Dag vun der kultureller Diversitéit fir den Dialog an d'Entwécklung (21. Mee) seet d'Audrey Azoulay, d'Generaldirectrice vun der UNESCO, datt eng Welt vun Diversitéit net just méi friddlech, mee och méi räich a méi gerecht ass.

Liewe mir an esou enger Welt? Wéi steet et ëm déi kulturell Diversitéit zu Lëtzebuerg? Doriwwer diskutéieren d'Ainhoa Achutegui, Directrice vum Kulturzenter Abtei Neimënster, d'Kënschtlerin Sascha Ley an den Direkter vum Institut Pierre Werner, den Olivier Frank.

auto_stories

4 min

Dräi ganz ënnerschiddlech Personnagen, déi eent awer sécher verbënnt, dat ass hir Passioun fir d'Kultur an déi een allen dräi als Ambassadricen an Ambassadeure vun der Kultur bezeechne kann.

D'Ainhoa Achutegui ass zu Caracas am Venezuela gebuer, zu Wien opgewuess a war do zwee Joer laang Kulturmanagerin vum WUK - Werkstätten- und Kulturhaus - ee vun de gréisste Kulturhaiser zu Wien. Duerno koum dann de Wiessel op Lëtzebuerg an do op un d'Spëtzt vum CAPE - dem Centre des Arts pluriels zu Ettelbréck éier si Directrice vum Kulturzenter Neimënster gouf.

Venezuela-Éisträich-Lëtzebuerg - e Wiessel vu Länner an och vu Kulturen. D'Ainhoa Achutegui verweist op déi extrem musikalesch a folklorbezunne Kultur vu Venezuela, déi si da mat an Éisträich matgeholl huet. Si mécht op d'Gemeinsamkeeten an d'Ënnerscheeder vun der Kultur an Éisträich a Lëtzebuerg opmierksam.

D'Sascha Ley ass och a ville Kulturen doheem, a ville Konschtrichtungen. Musek, Film, an och Literatur - bei hir geet villes zesummen an aneneen. Bei Büneprojete géif si gäre verschidde Medie vermëschen, zanter Jore géif si an eege Kreatioun goen, selwer ze komponéieren, Stécker selwer ze betexten, deelweis instrumental Musek ze maachen an no an do och lyresch Texter ze schreiwen. Dat alles géif an der Kreatioun vu Projete passéieren.

De Begrëff vun der Kultur

Kultur ass awer net just Theater, bildend Konscht, Musek, Film a Literatur, mee och d'Sprooch an och d'Gesellschaft, an där mir opwuessen. Wat versteet een als individuellen ënner dem vaste Begrëff Kultur?

Den Olivier Frank huet jorelaang eng ganz Rei Emissiounen op RTL geféiert, war 15 Joer laang artisteschen Direkter vum OPL - dann de Wiessel bei den Institut Pierre Werner.

Den Institut soll de kulturellen an intellektuellen Dialog tëschent den dräi Grënnungslänner Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg an och aneren europäesche Länner fërderen. Op dësem Wee wëllt den Institut Pierre Werner e Bäitrag zu der Entwécklung vun enger europäescher Staatsbiergerschaft am Sënn vun der Traditioun vun der europäescher Opklärung an den Erfarunge vun der Nokrichszäit vum 20. Joerhonnert leeschten.

Fir den Olivier Frank ass d'Kultur en Dauerzoustand:

"De Problem ass nëmmen, wéi kritt een dat nëmme weider vermëttelt, wéi kritt jiddwereen op der Welt d'Chancen un deem deel ze huelen, a virun allem, an dat ass jo dann eng Méiglechkeet sech ze wieren am Liewen, et geet jo nëmmen esou. Ouni Kultur, ouni Wëssen, ouni Raffinement kritt ee sech net duerchgesat, ouni Schläue, dat alles setzt Kultur viraus. Wann der net do deel huelt, si der ausgeschloss."

Op d'Fro, wéi si fir sech de Begrëff vun der Kultur definéiert, seet d'Ainhoa Achutegui:

"Mir definéieren eis och iwwer Kulturen. Dat ass och ganz wichteg am Beräich vun de Minoritéiten, dat heescht, datt ee sech iwwer eng gewëss Relioun, eng gewëss Croyance, déi een huet, kann definéieren. Déi mussen och erlaabt sinn, déi fräi Meenung. An esou definéiere sech Kulturen. Interessant ass et dann, wa vill Kulturen openeen treffen, an ee sech dann jee no Situatioun eng Kultur auswielt. Dat ass mäi Fall. Ech soen heiansdo ech si Baskin, ech sinn Éisträicherin oder Venezuelanerin oder Lëtzebuergerin, dat ass, well an der Situatioun passt a well ech mir dat Bescht vun all Kultur wëll erauspicken."

D'Wichtegkeet vun der Sprooch

D'Sprooch ass e wichtegt Element vun der Kultur. "D'Sprooch ass wichteg fir déi eegen Identitéit", seet d'Sascha Ley.

"Mech wonnert, firwat d'Kanner net Lëtzebuergesch an der Schoul léieren. Et gëtt Literatur, et gëtt e Liedgut, et gëtt Musek. Dat fänkt elo lues un, mee firwat si do net erugeféiert goufen, well dat ass och Kultur, souguer Konscht, dat ass interessant. Do baut sech deng eegen Identitéit op, déi bréngt der eppes, déi bréngt der Stolz. Ech hoffen, datt dat elo kënnt, ouni nationalistesch Gedanken ze hunn, ech fannen dat ass einfach eppes, wat der e Selbstverständnis gëtt an dengem Liewen ze bougéieren, dech ze expriméieren."

D'Bedeitung vun der Sprooch géif ganz staark zum Ausdrock kommen, wann international Kënschtler zesummekommen, am Beräich vun der Musek, wier dat vill méi einfach, am Theater ëmmer eng Erausfuerderung, konstatéiert d'Ainhoa Achutegui.

Wéi vill Plaz huet Lëtzebuerger Kultur an de Medien? D'Octavie Modert (CSV) hat kierzlech d'Propos gemaach, datt Quote sollen ageféiert gi fir Lëtzebuerger Musek op Lëtzebuerger Radioen ze spillen. "Lëtzebuerger brauche keng Quoten, entweder si si gutt a setze sech duerch" seet den Olivier Frank. "Wann dann esou fierchterlech Propositioune kommen, je me méfie."