Kulturchronik: World Wide Knit In Public Day

bigstock-close-up-of-woman-hands-knitti-76148483-1024x682.jpg

Gestréckte Strëmp? - Nee, dat kraazt mer ze vill. Oder: Dat ass dach eppes fir al Grousien an almoudesch Jofferen. Oder: wat soll een sech dann do ploen, wou een dach haut alles bëlleg am Buttek ka kafen? Sou a sou ähnlech sinn dacks Reaktiounen op handgestréckte Kleedungsstécker.

En iwwerliefte Bild vun enger Handaarbecht di entretemps eng Renaissance erlieft – an dofir ginn et direkt e puer gutt Grënn, fënnt d’Nathalie Bender an explizéiert an dëser Kulturkronik firwat.

 

Dräi Äntwerte virop:

Woll di een hautdesdaags keeft kraazt kaum nach, a wann, dann huet een se falsch respektiv bewosst esou erausgesicht.

Zweetens: wann “al Grousien an almoudesch Jofferen” net weider wie och soss laang Generatioune virun hinne gemittlech gestréckt hätten, kéint haut kee méi engem anere weisen, wéi Strécken iwwerhaapt geet.

An Drëttens. Et ass keng Ploerei sech selwer eppes z’erschafen, sou wie ee sech et virstellt, sou wie een et individuell gär hätt, an och nach en eenzegaartege Produit creéiert. Dat mécht nämlech Spaass. Ausser natierlech et huet een eng Riisewurrel a senger Woll di een dann an minutiéiser Piddlerei muss erausfriemelen – di meescht Strécker wësse wouvun ech schwätzen.

Et mécht souguer zimlech ville leit Spaass, an och laang net nëmme Fraen. An den Altersduerchschnëtt ass net gläichzesetze mam Pensiounsalter, wäit gefehlt. Strecken huet, fir déi di et nach net sollte gemierkt hunn, eng Renaissance hannert sech, an erfreet sech wuessendem Interessi vun zemools enger jonker Generatioun – wie een ob alle relevanten Online-Säite ka gesinn.

An do läit d’Kromm bëssen an der Heck – well Dir frot iech jo wuel wisou ech lo hei iwwer Strécke schwätzen an wat dat alles iwwerhaapt mat Kultur ze dongen huet. Den nächste Samschdeg ass de WWKIPday – a Wierder: de World Wide Knit In Public day – also weltwäite Stréckdobaussendag.

Ech erkläre mech : Am Internet genéiert kee Mënsch sech fir iwwer seng Leidenschaft zum Strécken, zu Woll, zu selwer fabrizéierten Textilien Säiten an Säiten ze posten, a Bloggen ze diskutéiere wie dës Woll sech verstréckt oder wéivill Kniet an enger anerer Pelote dra waren, wéi ee Woll richteg lagert, wéi schlëmm ee ka quasi süchteg no Woll, Strécken an allem wat domat zesummenhänkt ginn.

Mais wéivill kënnt Dir der opzielen, déi Dir mat Woll dobausse gesinn hätt, geschweigs dann ze strécken am ëffentleche Raum? Also ech hu schonn éiweg kee méi gesinn, heiansdo mol op engem Maart, wou dann ee seng Stréckwuer ugebueden huet, an dann eben och am Waarden op den nächste Client d’Zäit genotzt huet fir séier nach puer Reien ze strécken.

Dat hänkt vläicht domat zesummen dass ech selwer am Fall wou ech net muss Auto fuere mee am Bus kutschéieren net gesinn ob nach aner Leit strécke well ech selwer op meng Stréck fokusséiert sinn. Ma ‘t sief, ech giff trotzdem bal wetten, dass keng masseg Leit dobaussen , also am Park, am Wartesall, am ëffentlechen Transport oder wou och soss hier Stréckgeschier eraushuelen an hirem Hobby noginn.

A sou kënnt et dann zu weltwäiten Aktioune wi där vum 13. Juni: dass ebe probéiert gëtt weltwäit Mënschen ze mobiliséiere sech ze trauen, hiren Hobby eben net nëmmen alleng doheem an der Stiffchen ze praktizéieren, a scho bal bësse genéiert ze si wann een anere se dobäi gesäit – aus Angscht vläicht, dass een als almoudesch oder vu gëschter giff gestempelt ginn.

Ech iwwerdreiwen natierlech – Dir mierkt – mee wisou ass dobausse strécken net grad sou normal wie dobaussen Zeitung liesen, Fussball spillen oder wat och soss ëmmer?

Vläicht well zanter den 1980er Joeren Strecken iergendwéi en Image Problem hat – war no der Necessitéit vu Stréckwuer am zweete Krich Gestrecktes opgrond vun méi schéine Faarwen a bessere Wollqualitéiten Deel vun der Haute Couture – denke mer nëmmen un den deemools onbedéngt néidege reng gestreckten Twin-Set – sou ass an den 1980 Joer an Aschnëtt komm: de Verkaf vu Stréckmuster a vu Woll ass uerg an de Keller gaangen, Gestrecktes gouf als almoudesch ugesinn a verpöhnt, a Kanner sinn an der Schoul net méi Strécke geléiert ginn, respektiv net méi sou selbstverständlech. Grond war natierlech och d'Performanz vun de Maschinnen; e maschinell produzéierte Pullover huet deemools scho wäit manner kascht wéi d’Muster an d’Woll fir de Pullover ze strécken , ouns d’Aarbecht ze rechnen.

Di nei Fasere mat deene Sweatshirten etc produzéiert goufe waren in, konnte mat manner Opwand gewäsch a mat wat ee wollt bedréckt ginn. De Stréckpullover huet al ausgesinn, an e gudden Deel vun de Commercen, déi bis dohi Muster a Woll, grad wie Nolen a wat ee soss als Strécker gebraucht huet, verkaaft hunn, sinn noutgedronge verschwonnen. Natierlech gouf doheem weider gestreckt, mee et war een eben net méi in, wann ee Strécken als Hobby uginn huet.

Den decisive Punkt, dass d’Passioun vum Handstrécken nees en Opschwong erlieft huet, kann een dem Internet zegutt schreiwen. Mam Opkomme vun der weltwäiter Online-Vernetzung konnten och Doheemstrécker sech mat Mënschen um aneren Enn vun der Welt iwwer Stréckmuster, Faarwen, Wollqualitéiten a soss Stréckthemen austauschen, a lues awer sécher huet sech eng nei Generatioun vu Stréckbegeeschterten, “Knitaholics”, forméiert, di bis haut enorm lieweg ass, a wahrscheinlech hiren Héichpunkt nach net erreecht huet.

Zäitgläich mat enger ganzer Generatioun jonke Mënschen di sech a ville Beräicher vun hirem Liewe léiwer op DIY, “Do it yourself” aloosse wi ouni Wëssen iwwer Produktiounsmethoden, Handelsweeër a Konditiounen, grad wéi Loun fir Hiersteller blann engem Produkt vertrauen, an hiren eegene Geméisgaart fleegen, grad do ass et a mengen Aen eng absolut normal a logesch Entwécklung, dass ee sech freet: wéi war dat scho méi: ee lenks ee riets, ee fale loosse – amplaz an d’Bëllegfranchise ze lafen a fir ee scho bal penibel nidderege Präis eppes ze kafe wat gestreckt ass, awer wou ee sech sécher ka sinn, dass weder d’Schof, vun deem d’Woll kënnt, nach de Mënsch, deen an der Fabrik hannert der Maschinn souz, konnte glécklech sinn.

An ech si mer natierlech bewosst, dass di meeschte Mënschen déi haut en iergendwéi gewéinlecht Liewe féiere keng Zäit méi hu fir nieft hirer Aarbecht nach um lafende Band Pulloveren ze strecken oder Strëmp oder wat och soss, an ech wëll wierklech beileiwe kee beschëllegen deen sech e Pullover kafe geet, dorëms geet et net.

Ech mengen nëmmen dass eng Fangerfäerdegkeet wéi déi vum Strecken en Deel vun eiser Kultur ass, deen ëmmer nees opkënnt, mol méi, mol manner an de Fokus geréckelt gëtt, entspriechend dem grad gehypten Zäitgeescht, an dass ee sech op kee Fall sollt genéieren, mee houfreg soll si wann een eppes mat zwou oder véier / fënnef Nolen an enger Pelote Woll unzefänke weess. An dat och am ëffentleche Raum net sollt verstoppen. Da kéint een nämlech verschidde positiv Experienze maachen: dass Mënschen ee spontan uschwätzen. Oder dass ee Gläichgesënnter fënnt, a sech zesummen an de Park op d’Bänk ka setze fir ze strécken.

An zu Lëtzebuerg? Huet een d’Impressioun dass net souvill leit sech mam Strécke beschäftegen. Allerdéngs fënnt een, wann ee sech dofir interesséiert ëmmer nees Leit di och strécken, oder soss eng ähnlech Handaarbecht maachen, oder z. Bsp. Woll spannen. Fir den nächste Samschdeg, wou dann de weltwäite “Stréck-dobaussen-Dag”ass, sinn och zu Lëtzebuerg, souwäit ech konnt erausfannen 2 konkret Rendezvousen: emol mëttes um 1 am Stader Park beim Amalia, beim ronne Sprangbuer um Boulevard Prince Henri, do treffe sech di lettesch Stréckbegeeschtert zu Lëtzebuerg, an dann och am Märeler Park, wou vu 4 bis hallwer 6 de Rendezvous Tricot vu Woolinspires.com an Zesummenaarbecht mat der Initiativ Solidairé Tricot Mamie et Moi.

Kuckt op Facebook, an op der Säit www.wwkipday.com

An da sidd Dir Deel vun iwwer 500 Evenementer di an iwwer 46 Länner uechter d’Welt den 10. Gebuertsdag vum Weltwäite Stréckdobaussendag!

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen