Kulturchronik: Nation-Branding amplaz kulturell Ambassadeuren?

Am Projet de Loi No. 6722, dem sougenannten “Zukunftspak”, gëtt ee gewuer datt d’Regierung wëlles huet, dee sougenannte “Congé culturel” ofzeschafen. D’Argumentatioun, mat där dës sougenannt “Spuermesure” justifizéiert gëtt, ass nawell bosseg. Fir d’Kulturkronik huet d’Cléo Thoma sech domat ausernee gesat.

 

Ouni et un déi grouss Klack ze hänken huet d’Regirung ënnert dem Punkt 5 vum Projet de Loi 6722 hir Intentioun formuléiert, datt d’Gesetz vum 12. Juli 1994 iwwert de Congé culturel net méi gülteg soll sinn. Deemools war et drëm gaangen, de professionellen a semi-professionnelle Kënschtler, déi als Ambassadeure vun onsem Land bezeechent goufen, z’erméiglechen, u groussen internationale Manifestatiounen deelzehuelen ouni datt hinnen doduerch een ekonomesche Schued geschéich. Op dës Manéier sollt déi kulturell Professionaliséierung ënnerstëtzt ginn. Allerdéngs, heescht et elo am Zukunftspak, wär dëst Zil net erreecht ginn. De Congé culturel hätt also net derzou bäigedroen, datt sech méi Leit derzou duerchgerongen hätten, fir alleng vun hirer kënschtlerescher Aktivitéit ze liewen. Als Congé culturel konnt ee bis elo maximal 20 Deeg, verdeelt op zwee Joer, a maximal 60 Deeg, pro Kapp a Carrière, an Usproch huelen. Et wäert jo wuel kee serieux geduecht hunn, datt dat en Argument gewiescht wär, fir sech als fräischaffende Kënschtler ze lancéieren? D’Realitéit ass déi, datt sech dat just ganz rar Ausname leeschte kënnen- sief, datt se formidabel gutt, an als sollech international unerkannt sinn, sief, datt se mat engem bestuet sinn dee genuch mat heem bréngt, oder sief, datt se ierflech mam Hënner an de Botter gefall sinn. Net jiddereen huet déi Chance.

"La majorité des quelque 600 congés culturels accordés depuis 1995 dans le domaine de la musique a été accordée pour des déplacements de fanfares et d’harmonies municipales" heescht et weider am Zukunftspak. Méiglecherweis eng Behaaptung déi einfach esou an d’Welt gesat gouf. Wann ee sech nämlech ëmhéiert an der Musekszeen, woren et nach laang net just d’Troaterbattien a Konsorten déi vum Congé culturel profitéiere konnten. Eppes méi wäit dann: "la loi de 1994 a permis avant tout à ses bénéficiaires de poursuivre leurs activités de “loisirs” lors de manifestations à l’étranger (...)" a weider: "le critère d’octroi, à savoir une manifestation culturelle ou artistique de “haut niveau”, est difficile à appliquer en pratique car il ne constitue pas un critère clair et objectif (contrairement au congé sportif où il existe des critères plus objectifs tels que notamment la licence d’affiliation à une fédération ou le simple fait d’être qualifié pour une compétition internationale)".

Mä en Artist, deen un engem internationale Concours deelhëlt, sief et an der Literatur, an der Musek, an der Konscht, oder an engem anere kulturelle Beräich, an eventuell – dat ass jo scho virkomm – als Kiischt um Kuch och nach e Präis mat heem bréngt, huet deen net en ähnleche Mérite wéi e Sportler, als Ambassadeur vu sengem Land? A muss een dat Ganzt onbedéngt kompetitiv gesinn? Een deen am Ausland un engem Festival deelhëlt, ausstellt, Theater spillt, asw., dréit schliisslech derzou bäi, datt Lëtzebuerg dobaussen net just als reng Finanz- a legal Steierhannerzéiungs-Plaz opgefaasst gëtt: eppes, wat mer jo anscheinend ustriewen. D’Regirung versenkt kolossal Zommen an Etuden iwwer Nation-Branding – mä ginn et besser Ambassadeuren fir onst Land, wéi seng Artisten? Déi nu wierklech net souvill kaschten? An deenen et, well se jo souwisou op Mannst Deelzäit als Salarié musse schaffen, prioritär wahrscheinlech guer net sou ëm d’Sue geet, mä méi villméi ëm e bësse Flexibilitéit? Oder geet een dovunner aus, datt all Museker haaptberufflech Musekscouren, all Moler Molcouren hällt, an all Schauspiller eigentlech Däitsch-, Franséisch- oder Engleschprof ass, an datt se jo da gutt kéinten Dënschdes an Donneschdes Mëttes, oder de Weekend, am Ausland hirer “aktivité de loisir” nogoen?

Ganz ofgesinn dovun, datt den Text vum Gesetzesprojekt, wéi de Feierkrop scho richteg bemierkt huet, am Fong suggéréiert d’Beamten am Kulturministère wäre net fäeg z’évaluéieren wat gutt genuch ass fir als “haut niveau” kënne qualifizéiert ze ginn, also u sech den Tri tëscht enger “kultureller” an enger renger “Fräizäit”-Aktivitéit ze maachen. Wann déi Beamten dat net hikréien, firwat schaffen se dann do?

Schliisslech muss d’Fro gestallt sinn, wéi vill de Staat eigentlech duerch d’Ofschafung vum Congé culturel aspuere kéint. D’Konte vun 2013 weisen dee spektakuläre Montant vu 4.368 Euro op, déi sämtlech Congés culturellen de Staat dat Joer kascht hunn. Déi aspuere geet mol net duer, fir engem Minister ee Business-Class-Fligerticket ze finanzéieren.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen