Kulturchronik: Fear of Music
Leschte Weekend war zu Brighton déi zéngten Editioun vum Great Escape Festival. Op 35 Plazen sinn an dräi Deeg iwwer 400 nei Gruppen a Kënschtler opgetrueden. Ee wichtege Rendezvous, dee vill “Tastemakers” aus der ganzer Welt ulackelt. Dës Form vun Evenement kéint och gutt zu Lëtzebuerg funktionéieren, mengt den Yves Stephany an der Kulturchronik.
D’Iddi vun engem Showcase Festival ass et, fir keng bekannten Nimm ze weisen, mee nei Découverten. Op deenen dräi groussen Events an Europa, dem Eurosonic, dem Great Escape, an dem Reeperbahn Festival, décidéiert sech zum groussen Deel, wéi eng Gruppen déi nächst Saison op de Festivale wäerte spillen, ween den Next Big Thing gëtt, wat hip ass, a wat net.
Zu Lëtzebuerg hu mir och ee Showcase-Festival. De Sonic Visions. Do trieden an der Rockhal eng ganz Rëtsch Gruppen op, déi schonn eng gewëss Renommée hunn, an niewebäi spillen och nach puer Lëtzebuerger Artisten. De Message, deen un d’Concerts- a Festival-Bookeren, déi aus ganz Europa invitéiert ginn, vermëttelt gëtt, ass, dass mir eis bësse fir eis Musekszeen schummen. Et ass mëttlerweil besser gi mat der Visibilitéit vun de lëtzebuerger Gruppen um Sonic Visions. Awer si ginn net kloer an de Spot gestallt, wéi ee sech dat vun esou enger Manifestatioun kéint erwaarden. Dat, wat déi international Invitéeë vu Lëtzebuerg ze gesi kréien, ass vill Beton, e puer al Fabriken, een Akafszentrum, an eben um Bord e Grapp voll Gruppen.
Dobäi hu mir eng wonnerschéin a lieweg Haaptstad, mat mëttlerweil enger ganzer Rëtsch interessante Cluben a Baren. Wéi wär et dann, wa mir eis vun eiser beschter Säit géife weisen? Beim Filmfestival klappt et jo och. Ech sinn dovun iwwerzeegt, dass ee Clubfestival an der Stad ee rise Succès wär. Souwuel fir d’Musekszeen, wéi och de Restauratiouns- an den Tourismussecteur. A fir den Image vum Land. Well mir ginn “dobaussen” dacks als Steierparadis ofgestempelt. Dat kréien och d’Artisten ze spieren.
Esou eng Manifestatioun géif awer och nach eppes anescht mat sech bréngen, wat fir d’Musek zu Lëtzebuerg batter néideg wär: Selbstbewosstsäin. Firwat kennt jiddereen Islännesch Artisten, obwuel do vill manner Leit liewen? Firwat ass islannësch Musek an eisen Ouere sou besonneg? Vläicht sinn et déi schéi Landschaften an d’Feeën, déi fir dem Björk a Sigur Ros hir Inspiratioun suergen. Villäicht läit et och einfach just um Fait, dass d’Islänner houfreg op hir Kënschtler sinn. Dass um islännesche Radio islännesch Artiste gespillt ginn, an d’Concerte vun islänneschen Artiste gutt besicht sinn. Hat ech gesot, dass den Iceland Airwaves Festival zu Reykjavík zanter senger Grënnung am Joer 1999 bei all Editioun honenrte Journalisten a Professioneller aus der Branche ulackelt. Wann d’Kënschtler eng gutt Homebase hunn, a wëssen, dass hiert Land hannert hinne steet, da klappt et och mam Export. Well och doranner sinn d’Islänner Pionéier. A Virbiller fir de lëtzebuerger Museksexport.
2009 gegrënnt an zum groussen Deel vum Kulturministère finanzéiert, soll Music:LX Museker ënnerstëtzen, déi am Ausland probéiere Fouss ze faassen. Wuelgemierkt Museker, déi hir Passioun wëllen zum Beruff maachen. Net déi, déi just Loscht op een Ausfluch op een exotesche Festival hunn. Awer de Message: “et ass Méiglech, fir am Land vun den décken Autoen an den deiere Loyere professionell Musek ze maachen” gouf mat där hallwer Millioun, déi all Joers an den Exportbureau gepompelt ginn, net bis zu Enn geduecht. Do gehéiert méi dozou. Niewent Wunnraum, deen ee fräischaffende Museker sech leeschte kann, an der Méiglechkeet fir och mol flexibel kënnen ze schaffen, wéi zum Beispill mat Hëllef vun engem Congé Culturel, gehéiert och eng Attitude dozou, déi zu Lëtzebuerg nach feelt.
Esou ee Stad-Festival géif hëllefen, dee Prozess ze beschleunegen. Ech schwätze wuelgemierkt net vun engem weideren Volléksfest. Och wann den LCTO sech mat sengem joerelaangen Know How bestëmmt och bei engem Festival mat Goût an enger zäitgeméisser Programmatioun als Partner kéint mat abréngen.
Mir brauchen nei Konzepter, en neie Wand. Et gi genuch jonk Acteuren am Museks-Milieu, déi gutt Iddien hunn, an déi d’Zeen aus hirem Dornréische-Schlof kéinten erwächen. Elo muss ee sech trauen, fir unzefänken.