Kulturchronik: Belsch Fritten

Zanter 2001 gi vun der Unesco och immateriell Elementer an d’Lëschte vum Kulturierwe vun der Mënschheet opgeholl, dat fir dës Traditiounen méi bekannt ze maachen, a fir d’Kulturbewosstsinn ze stäerken.

Hei fënnt een zum Beispill Folklore, Theater, oder mëndlech Iwwerliwwerungen, mä och Iesskultur. An an deem Domaine keent et villäicht geschwënn eng Iwwerraschung ginn. De Georges Kohnen erkläert, wat Fritte mam immateriellen Weltkulturierwen ze dinn hunn.

 

Zu dësem immaterielle Kulturierwen gehéieren zum Beispill di chinesesch Calligraphie, europäesch Karnevalstraditiounen oder nach d‘Sprangprëssessioun zu Iechternach.

An och um gastronomesche Plang fënnt een do zum Beispill den tierkesche Kaffi, an di franséisch, japanesch oder nach di mexikanesch Kichen.

E weidert, villäicht méi onerwaart Element kéint demnächst an d’Lëscht vun der Unesco opgeholl ginn: di belsch Fritten. Jo, di längelzeg Gromperestécker, 1 cm deck, zweemol am Rëndsfett frittéiert, fir d’éischt bei 150 an duerno bei 175 Grad, an am beschten an engem dräieckegen Cornet zerwéiert, mat Salz a vill Zooss. Jee, e Meeschterwierk, wéi nëmmen d’Friterien bei eisen Noperen dat hikréien. 96% vun der Belscher Bevëlkerung geet wéinstens eemol am Joer eraus Fritten iessen. Dat mécht pro Dag 130.000 Kilo Gromperen aus, déi op knapps 1200 Hektar Land wuessen, dat ass esouvill wéi 2000 Fussballsterrainen.

Scho säit 2011 wëllt d’Union Professionnelle des Friteries Belges dës kulinaresch Traditioun schützen, an huet dofir och d’”Semaine de la Frite” an d’Liewe geruff, déi dëst Joer fir di 4. Kéier Ufanks Dezember organiséiert gouf. Dës Kéier war se och d’Geleeënheet fir eng breet populär Petitioun, fir d’Politiker opzefuerderen, eng Kandidatur bei der Unesco eran ze reechen. Flanderen hat scho virun engem Joer d’Fritten op d’Lëscht vu sengem immaterielle Patrimoine gesat, an elo sollen di franséisch- an däitschsproocheg Gemeinschaften nozéien. Mat quasi enger Friterie pro Duerf ass dëse Secteur effektiv eng Traditioun, an de Symbol vun der Fritt wäit iwwer d’Grenzen bekannt.

Mä traditionell Friterien gëtt et der ëmmer manner. Aus Bequemlechkeet, a sécher och Rentabilitéit gëtt am Ueleg frittéiert amplaz am Rëndsfett, an dacks och fäerdeg geschnidde Fritte benotzt, oder schlëmmer nach, déifgefruerener, amplaz d’Grompere frësch ze schielen an ze schneiden. Eng Reconnaissance vun der Unesco kéint och hei, wéi schonn méi oft, eng Traditioun retten.

Villäicht wier dann och esou den Amerikaner bäizebréngen, dass d’Fritte keng French Fries sinn, mä Belgian Fries. Och wann eis Belsch Noperen wahrscheinlech net vill wëllen mat der schlechter Imitatiounen ze dinn hunn, déi doiwwer French Fries genannt ginn.

U sech ass et jo eng exzellent Iddi, eng kulinaresch Traditioun mat Hëllef vun der Unesco schützen ze wëllen. Och wann d’Initiative vum Secteur selwer ausgeet, deem et ökonomesch gesinn an de leschte Joren net allze vill gutt geet. Trotzdem, wann der mol eng Kéier richteg gutt gemaachte Fritten an der Belsch geschmaacht hutt, da wësst der vu wat ech schwätzen.

Sou, ech mengen, lo ginn ech mer mol e Cornet sichen. E groussen natierlech, mat Samourai’s Zooss, well déi pickt. A fir dat Feier ze läschen huelen ech mer duerno en Trappistebéier. Tiens, déi kéint een der Unesco jo eigentlech och proposéieren.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen