Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kultur laanscht d'Barragen vun Esch-Sauer

WaterWalls Festival

Kultur laanscht d'Barragen vun Esch-Sauer

De WaterWalls Festival leeft elo schonn zanter dem 17. Juli zu Esch-Sauer. Natur an Nohaltegkeet sti beim Kulturfestival am Mëttelpunkt. De Ben Kobs war sech de Festival am Naturpark ukucken.

auto_stories

3 min

D'Staumauere vun Esch-Sauer spillen am Moment net just eng funktionell, mee och eng kulturell Roll. De WaterWalls-Festival verbënnt d'Idyll vum Naturpark Uewersauer mat enger Rei Installatiounen, Concerten, Liesungen, a Virstellungen. Fir dës Idyll ze erhalen, gouf de Festival sou nohalteg wéi méiglech gestalt.

Dofir hunn d'Organisateuren op de sougenannten "Cradle-to-cradle" - also vu Wéi zu Wéi - Prinzip gesat. Änlech wéi bei der économie circulaire sollen d'Kënschtler souvill wéi méiglech op recycléiert a réutiliséiert Materialien zeréckgräifen. D'Severine Zimmer, Artistic and Cultural Manager vum Festival:

"En fait, le secteur culturel n'y échappe pas. Le fait de la temporalité du festival qui est courte - qui est 2-3 mois. Le fait de l'environnement naturel. Ce sont trois facteurs assez importants pour qu'on puisse effectivement se poser la question: pourquoi ne pas le faire au plus proche des principes de l'économie circulaire, du "cradle-to-cradle"?"

Leit aus der Regioun mat abannen

De Jeannot Sanavia, Esch-Sauerer Kulturschäffen a Member vun der Séibün Ënsber, gesäit Kultur als gutt Mëttel fir d'Leit op d'Klimakris opmierksam ze maachen. Et géif een elo keng Revolutioun mat der Kultur maachen, mee:

"Ech mengen et ass awer wichteg, datt d'Kultur do ass fir d'Leit op eppes opmierksam ze maachen. Dat soll elo net dauernd mam decken Hummer sinn, hei ass et mengen ech souguer ganz subtil. Kultur soll zu eppes bäidroen, dat ass awer mengen ech ee ganz klengt Riedchen an dem Ganzen."

D'Häerzstéck vum Festival si fënnef Installatiounen, eng fir all Barrage zu Esch am Lach. Dës kann een op eegenem Fouss besichen, oder als Deel vun enger Balade commentée déi d'Wierker nach eng Kéier an de Kontext vum "cradle-to-cradle"-Konzept setze soll.

D'Installatioune goufen a Kollaboratioun mat Bewunner vun der Gemeng Esch-Sauer opgeriicht. Der Séverine Zimmer war et wichteg, datt Leit aus der Regioun aktiv um Projet bedeelegt sinn:

"(Le festival) n'est pas fait que pour les gens - bon, je vais dire de façon un peu brutale mais - il n'est pas fait que pour les culturés de la ville, il n'est pas fait que pour les touristes de passage, il est fait aussi pour apporter quelque chose différent dans le paysage local habituel."

Nieft der plastescher Konscht spillt de Liveprogramm d'Haaptroll beim WaterWalls Festival. Een elektronesche Museksfestival esou wéi eng Rei Concerten an en Theaterstéck suergen hei fir vill Ofwiesslung. Ee vun den Highlighten ass "Offrir quelques mots à la rive" vum Fábio a Marco Godinho. Wärend enger Residenz zu Esch-Sauer hunn déi zwee Poeten am direkten Austausch mat de Bewunner, eng Rei Gedichter iwwer d'Duerf verfaasst. Dës wäerten op enger spezifesch dofir gebauter Plattform an der Sauer virgedroe ginn.

"Dat war de Schweess, dee mer op der Stier stoung"

Wärend den Iwwerschwemmungen, war des Plattform d'Suergekand vum Festival, Jeannot Sanavia:

"Et war awer ëmmer: "Klappt et nach? Klappt et nach? Klappt et nach?" Wann ech uewe stoung an ech hunn erof gekuckt, dat war awer schonn impressionant an ech ka soen, do hunn ech... Ech hu geschweesst obschonns et gereent huet, also dat war net de Reen, dat war de Schweess dee mer op der Stier stoung."

D'Installatiounen hunn dëse Kampf mat der Natur alleguer iwwerstanen. Si bleiwen nach bis de 26. September stoen, fir zesumme mam Rescht vun der kultureller Offer vum WaterWalls-Festival e kloert Zeeche fir méi Nohaltegkeet ze setzen.