Kultur an der Entwécklungspolitik
Bei Entwécklungspolitik denkt een éischter u sozial oder wirtschaftlech Projeten, wéi u kulturell Initiativen. D’Lëtzebuerger EU-Presidence setzt sech dofir an, datt d’Kultur eng méi grouss Roll an der europäescher Entwécklungspolitik kritt.
[caption id="attachment_9287" align="aligncenter" width="604"] © Kulturministère[/caption]
D’läscht Woch war zu Iechternach eng international Konferenz zum Thema Kultur an Entwécklung. Dat wär eng gutt Geleeënheet fir ze weisen, datt Kultur zur nohalteger Entwécklungshëllef ka bäidroen, esou d’Kulturministesch Maggy Nagel.
Kultur géint Aarmutt
Datt kulturell Projeten och Aarbechtsplaze schafen, beweist dem Abdel Kader Haïdara seng ONG. Wéi seng Heemechtsstad Timbuktu am Mali 2012 vun Islamisten iwwerfall gouf, blouf net vill Zäit fir der Stad hir wäertvoll Kultur-Gidder ze retten. Den Abdel huet sech deemools drëms gekëmmert, antik Manuskripter z'evakuéieren, éier d’Islamiste se konnten zerstéieren. Well eng spontan Rettungsaktioun awer net duergeet fir d’Manuskripter laangfristeg z’erhalen, sinn och Conservateuren an Iwwersetzer um Projet bedeelegt. Seng ONG géing op déi Manéier a ganz Mali Aarbëchtsplazen schafen, esou den Abdel Kader Haïdara.
De Cercle de Coopération, an deem d’Lëtzebuerger Entwécklungs-ONGe regroupéiert sinn, begréisst, datt d’Regierung d’Roll vun der Kultur am Entwécklungsberäich wëllt stäerken. D’Kultur géing hëllefen d’Defië vun der Aarmutsbekämpfung hei zu Lëtzebuerg bekannt ze maachen, esou d’Direktesch vum Cercle, d’Christine Dahm.
Vill ONGe géinge mat kulturellen Acteuren aus Entwécklungslänner zesummeschaffen, fir d’gesellschaftlech Schwieregkeeten an dëse Länner ze thematiséieren. Wann een d’Roll vun der Fra an enger Gesellschaft wéilt erklären, wär et heiansdo vill méi einfach, dat mat engem Theaterstéck oder engem Lidd ze maachen, wéi duerch laang Discoursen, sou d’Christine Dahm.
Eng besser Coordinatioun
Eent vun den Ziler vun der Konferenz zu Iechternach war et, eng gemeinsam europäesch Strategie ze entwéckelen, fir Kultur a Cooperatioun ze verbannen. Den EU-Députéierten Charel Goerens, dee bis 2004 Lëtzebuerger Cooperatiouns-Minister war, fuerdert datt d’EU-Staaten hir Zesummenaarbecht am Entwécklungs-Beräich verbesseren. Am Moment géing d’europäesch Unioun 20 Prozent vun de budgetaire Moyene fir d’Entwécklungspolitik liwweren, déi aner 80 Prozent kéime vun den eenzelne Memberstaten. D’europäesch Traitéë géingen zwar virschreiwen, datt déi verschidde Staaten hir Cooperatioun-Politik ze coordinéieren hätten. “Dat steet awer méi fest um Pabeier, wéi et an der Wierklechkeet realiséiert gëtt”, esou de Charel Goerens: “Do ass doudsécher ee Effort unzesetzen, a punkto Kohärenz vun de Politiken.”
D’Lëtzebuerger EU-Presidence wëllt elo bis Ënn des Jores dozou bäidroen, datt et am Entwécklungs-Beräich, e besseren Austausch tëscht den EU-Staaten gëtt. Dat war eng vun de Conclusiounen déi d’Kulturministesch Maggy Nagel no der Konferenz zu Iechternach gezunn huet.
Audio: Den Dossier vum Rick Mertens zu der Konferenz.