Radioen

On air

Tockcity  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konschtsammlungen: D'Beispill Mudam

Zäitgenëssesch Konscht

Konschtsammlungen: D'Beispill Mudam

620 Wierker sinn haut an der Sammlung vum Mudam, dem Muséee d’Art Moderne Grand Duc Jean. 6 Prozent dovunner si vu Lëtzebuerger Kënschtler. An déi Sammlung vu Géigewaartskonscht wiisst - trotz Budgetskierzungen - weider. Eng Bestandsopnam.

auto_stories

4 min

Walking Through. Foto: Andrés Lejona / Mudam

1996 ass deen éischten Akafscomité fir de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean, kuerz Mudam, zesummegestallt ginn. Dee sollt den Ufank maachen, vun enger Sammlung fir den - zu deem Zäitpunkt zukünftegen - Musée um Kierchbierg. Deemools war de fréieren Direkter vum Muséee d’art moderne et contemporain vu Saint-Étienne, de Bernard Ceysson, engagéiert gi fir der Sammlung eng éischt Identitéit ze ginn. Hien hat sech zwar Hoffnungen op de spéideren Direktiounsposte gemaach, krut déi Plaz awer net. Ufanks den 2000er ass nämlech d’Marie-Claude Beaud als Cheffin vum Mudam engagéiert ginn. De Musée sollt eréischt mat vill Verspéidung 2006 seng Dieren opmaachen.

No 13 Joer Bau- a Planungszäit ass de Musée mat enger Ausstellung opgaangen, déi de schéinen Titel "Elodarodo" hat a fir laang Zäit d’Richtung uginn huet. E Koup Buedem hat deemools am Musée fir Opreegung gesuergt, war et dach esou, datt vill Leit sech eng Ausstellung am Genre vun der zweeter École de Paris erwaart haten. Dat hate si och Zäitweis an de 1990er Joer versprach kritt. Deem war awer net esou.

Eng oppe Kollektioun

D’Marie Claude Beaud, kuerz MCB, huet net d'Molerei aus de 1950er Joeren ausgestallt, mee zum Beispill d'Moud aus den 2000er. Domat huet si - op mannst zu Lëtzebuerg - d'Iddi vun engem Musée fir aktuell Kreatioun duerchgesat. Dat sollt si schlussendlech hir Plaz kaschten.

Et wier der Marie Claude Beaud en Uleies gewiescht, fir nei Disziplinnen, wéi de Film, de Video, mee och den Design an d'Moud an d'Mudam-Kollektioun z'integréieren, betount d'Curatrice Marie-Noëlle Farcy. Besonnesch zënter den 2000er wieren och déi Nei Medien e wichtege Volet. "Mir interesséieren eis fir Kënschtler, deenen hir Konscht sech um Bord vu verschiddenen Disziplinne beweegt." Un dëse Wierker aus der Mudam-Kollektioun wieren dann och aner Muséeë fir hir Ausstellungen interesséiert.

Et wier wichteg, en oppene Bléck op d'Konscht hunn, fënnt och de Curateur en Chef, de Clément Minighetti. "Well zäitgenëssesch Konscht ass eng Erfarungsplattform." Als eenzege Musée fir zäitgenëssesch Konscht zu Lëtzebuerg, wier et dem MUDAM seng Missioun fir e Gesamtbild vun dëser Konscht ze zeechnen.

Mudam - De nos visages. Foto: Mudam

Ëmmer an der Entwécklung

Dofir sollt een net no engem gewëssene Stil Thema oder Genre sammelen. De Chefcurateur betount, d'Konschtwelt géif sech séier weider entwéckelen, et wier eng Geschicht an der Maach. "Haut doriwwer ze jugéieren, wat gutt a richteg ass, dat ass onméiglech." Dofir wier d'Zesummestelle vun enger Kollektioun ni eppes Ofgeschlosses. "Eng Kollektioun ass de ganzen Zäit am Gaange sech weider z'entwéckelen." Eng Kollektioun, déi gestoppt géif ginn, wier wéi verstengert, fënnt och d'Marie-Noëlle Farcy. "Dat ass schued, well da kënnt hir Entwécklung zu engem Stëllstand."

An enger Kollektioun hätt een op där enger Säit Referenzwierker, op där anerer Säit hätt een nei Generatioune vu Kënschtler an dat Ganzt géif vuneneen ofhänken. Dës Referenzkënschtler, dat wier fir d'Mudam Kollektioun zum Beispill den iresche Kënschtler James Coleman, fënnt de Clément Minighetti. Mee och d'Performance-Kënschtler Gilbert & George, den Amerikaner Chris Burdon oder d'Marina Abramović, wieren ervirzehiewen, well si wichteg Referenze wieren. "Et sinn d'Kënschtler vun enger gewësser Generatioun, mee si spillen nach haut eng grouss Roll fir jonk Kënschtler."

"Do fir gewisen ze ginn"

D'Kollektioun vum Mudam ëmfaasst mëttlerweil 620 Wierker - woubäi de Begrëff "Wierker" deenbar wier, esou d'Curatrice vum Musée Marie-Noëlle Farcy. "E Wierk ass eppes Komplexes. Et kann ee Bild sinn, mee och eng Installatioun oder eng Foto-Serie - dat ass scho méi grouss an awer ziele mir et als ee Wierk." Wann een all eenzel Stéck géif zielen, da wier d'Kollektioun duebel esou grouss. D'Artisten aus der Kollektioun géifen déi geografesch Partikularitéit vu Lëtzebuerg erëmspigelen, seet d'Curatrice. Et wiere franséisch, englesch, däitsch, amerikanesch a Lëtzebuergesch Kënschtler vertrueden.

D'Sammlung wier net nëmmen do, fir konservéiert, mee och fir gewisen ze ginn, betount d'Curatrice. An dat kéint op verschidde Manéiere geschéien. De Mudam géif regelméisseg Ausstellungen organiséieren, déi sech mat de Wierker aus der Kollektioun géife befaassen "Dat ass ongewéinlech, well mir keen Espace permanent fir d'Kollektioun hunn." Am Kader vum normale Programm géifen awer och ëmmer erëm Stécker aus der Mudam-Kollektioun gewise ginn, betount d'Maire-Noëlle Farcy.

Zënter 2008 ass den Enrico Lunghi Direkter vum MUDAM. Ënnert him sinn d'Problemer vum Musée déi, vun de Sue ginn. Dëst obwuel hien opgrond vum Contenu vu sengen Ausstellungen ëmmer nees ugegraff gouf. Mee d’Bedreiweungskäschte vum Mudam goufen an der Planungsphase schonn ënnerschat. De Mazout an den Outsourcing vum Gardiennage sinn zum Beispill deier Geschichten. Dofir ass den Acquisitiounsbudget virun zwee Joer an de Fonctionnementsbudget iwwergaangen: Eng Ännerung, déi een nach ëmmer a Fro stelle kann. Och wann d'Situatioun sech den Ament normaliséiert, fir op déi ronn 650.000 zeréckzekommen, déi fir d'Akafe vu Konscht am Mudam virgesi sinn.


Konschtsammlungen an de Lëtzebuerger Muséen sinn och Thema am Riicht eraus de 5. November um 12 Auer. Den Débat gëtt Live aus der Villa Vauban iwwerdroen. Reservéiert Är Plazen op events@100komma7.lu