Radioen

On air

Resonanzen  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konscht op Weenercher

Annexe 2022

Konscht op Weenercher

Module 3 - Section B ass dem Paul Kirps seng artistesch Ausernanersetzung mat senger Faszinatioun fir Archiven. Et ass ee Wierk wat de Spectateur dozou invitéiert duerch säin eegene Virwëtz an d'Welt vum Konschtstockage anzedauchen.

auto_stories

2 min

Module 3 - Section B heescht déi nei Installatioun vum Paul Kirps, déi grad op der Brillplaz zu Esch ausgestallt gëtt. Wéi den Titel schonn undeit, behandelt de Lëtzebuerger Kënschtler an dësem Wierk rëm ee vu senge Leitmotiver: d'Archivéierung.

D'Installatioun an der Annexe 2022 ass relativ simpel gehalen: de Kënschtler huet dräi Platteweenercher mat Illustratiounen, Fotoen, an diversen aneren Objete bepak. Mee grad an dëser Simplicitéit läit laut dem Paul Kirps d'Stäerkt vum Wierk. De Visiteur gëtt dozou agelueden, seng eegen Interpretatioun ze fannen.

"Wat ech am Fong wollt weisen, ass en État deen a sech bei Ausstellungen net sou heefeg ass. Dat heescht, et ass villäicht eppes wat méi op de Montage an op den Demontage vun enger Expo hiweist, an och déi Etappe virdrun an duerno. An u sech net d'Expo selwer opgräift."

"Hei richt et och"

Mat Module 3 - Section B réanalyséiert de Paul Kirps och säin eegent Wierk. Nieft Wierker aus sengem Privatarchiv huet de Kënschtler bei der Installatioun och mat Materialien a Prozesser geschafft, déi fir hien ongewinnt waren, wéi zum Beispill Sperrholz.

De Bléck hanner d'Kulisse vun der Konschtwelt, deen engem d'Installatioun gewäert, gewënnt virun allem wärend der Pandemie u Relevanz. Am leschte Joer war de Groussdeel vun der Konscht am Lager confinéiert. De Bildschierm huet d'Billerrumm ersat an Online-Expoen sinn ëmmer méi heefeg ginn. De Paul Kirps bedauert dës physesch Distanz tëscht dem Mënsch an der Konscht:

"Ech hu léiwer sou eng Ausstellung. Hei richt et och. Et richt no UV-Tënt. An all déi Saachen, dat fannen ech immens wichteg. D'Holz huet e Geroch, de Plexi huet e Geroch, d'Reflexiounen. A virun allen Denge kann een dat hei selwer entdecken. Dat heescht, wann een ronderëm déi Oeuvren geet huet ee verschidde Momenter, déi kann een sech selwer raussichen: dat si Reflektiounen, dat si Saachen, déi ee kann entdecken."

Den Titel vum Wierk - Module 3 - Section B - erënnert net just un d'Organisatiounssystemer vu Bibliothéiken an Archiven, mee léisst dem Kënschtler Spillraum fir weider Experimentatioun mat dësem Format.