Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sofia Bolt - Bus Song (feat. Stella Donnelly)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konscht a Kultur fir jiddereen

Casino – Forum d’art contemporain

Konscht a Kultur fir jiddereen

D’Kulturoffer zu Lëtzebuerg wiisst. D’Acteure missten dowéinst eng nei Clientèle unzéien, seet déi nei Presidentin vum Casino - Forum d’art contemporain. Fir d’Delphine Munro soll de Casino seng Roll als national Kultur- a Konschtplattform ausbauen.

auto_stories

2 min

D'Delphine Munro ass Presidentin vum Verwaltungsrot vum Casino.

D’Delphine Munro ass net nëmme Presidentin vum Verwaltungsrot vum Casino - Forum d’art contemporain. Si ass och Responsabel fir d'Konschtkollektioun vun der European Investment Bank. D'Kollektioun ëmfaasst eng 700 Wierker an zielt zu de Bedeitendsten an der Groussregioun. Déi nei Presidentin vum Casino huet jorelaang Erfahrung am Kulturmanagement an an der Kommunikatioun: Si huet am Centre Pomidou zu Paräis, bei der Fondation Cartier, dem Institit français zu Prag, dem Auktiounshaus Sotheby's a bei enger Rëtsch Banken a Finanzinstituter geschafft.

D'Zil vun hirer Nominatioun als Presidentin vum Casino wier et awer net nëmmen, hirt Adressbuch matzebréngen, ënnersträicht d'Delphine Munro. Et géif hir drëms goen, de Konschtmusée lokal ze festegen an international ze promovéieren.

Keng Angscht viru Konscht

De Casino soll an Zukunft méi Wäert op den Austausch mam Public leeën, esou d'Delphine Munro. Dofir solle Ronndëschgespréicher, Debaten a Konferenzen organiséiert ginn. Gläichzäiteg géif awer och an d’Produktioun investéiert ginn. Lëtzebuerg hätt sech zu engem kulturellen Zentrum an der Groussregioun entwéckelt. D'Kulturzeen géif ëmmer méi lieweg ginn an déi kulturell Offer géif sech ëmmer weider entwéckelen. “Dozou wëll ech bäidroen”, betount d'Delphine Munro.

Bei esou enger grousser Offer wier et wichteg eng nei Clientèle unzezéien. D’Delphine Munro wëll virun allem Jonker, eeler Leit a Mënsche mat Handicap fir Konscht begeeschteren. "Zäitgenësseg Konscht ka Leit, déi keng Experte sinn, heiansdo Angscht maachen", esou d’Presidentin vum Casino. Deem misst een entgéint wierken.