Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Massive Attack - Karmacoma

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Komm, ech filmen dech!"

Film

"Komm, ech filmen dech!"

Op der Basis vu Lëtzebuerger Familljefilmer aus den 20er, 30er a 40er Joren huet d'Geneviève Mersch, an Optrag vum CNA, fënnef kuerz Documentairë realiséiert. D'Serie "Komm, ech filmen dech!" ass vun dësem Mëttwoch un a Kinoen uechter d'Land ze gesinn.

auto_stories

2 min

D'Geneviève Mersch ass ënnert anerem bekannt fir kuerz Documentairen ewéi "Le Pont rouge", "John" oder nach "Roger".

An Optrag vum Centre national de l'audiovisuel (CNA) huet si elo Filmmaterial vu Lëtzebuerger Amateuren aus den 20er bis 40er Jore verschafft. D'Resultat besteet aus fënnef Kuerzfilmer vun all Kéiers ëm déi fënnef Minutten, déi zesummen d'Serie "Komm, ech filmen dech!" erginn:

1) "De Johny Quaring erzielt"

2) "Wéi geet dat dann?"

3) "Wéi war et fréier?"

4) "Wat films de dann?"

5) "Firwat films de dann?"

Film vum Mathias Quaring: Johny Quaring (Foto: CNA 2020)

Net nëmme loossen déi Filmercher e Stéck Lëtzebuerger Vergaangenheet opliewen. Op eng dacks witzeg Manéier erzielen si och, wéi Amateurcineasten deemools mat enger Kamera ëmgaange waren.

Am Gespréich mam Michel Delage erkläert d'Geneviève Mersch, wat si un deenen alen Amateurfilmer gereizt huet, a wat sech filmtechnesch iwwer se soe léisst:

Lauschterenplay_arrow

Geneviève Mersch

Zënter Mëtt den 90er Jore sammelt de CNA geziilt Lëtzebuerger Amateurfilmer. Hir Archivéierung ass nawell e laange Prozess, erkläert d'Viviane Thill, Responsabel fir de Filmdepartement:

Lauschterenplay_arrow

Bauerenhaff zu Haut-Bellain 1929, Film vum Mathias Quaring (Foto: CNA 2020)


D'Serie "Komm, ech filmen dech!" leeft vun dësem Mëttwoch un an de Cinextdoor-Kinoen (fréier CDAC) uechter d'Land, all Woch een anere Film, als Virspann zum respektiven Haaptfilm.