Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee schlechten Trip, leider ...

Netflix

Kee schlechten Trip, leider ...

"Have a Good Trip. Adventures in Psychedelics'' ass en Documentaire iwwer LSD, vum Donick Cary realiséiert. Et ass kee politesche Film, mee eng Suite vun Temoignagë vu plus ou moins prominente Konsumenten.

auto_stories

4 min

Als een, dee selwer nach ni LSD geholl huet, net onbedéngt drun interesséiert ass, es ze huelen, an awer wëllt verstoen, wéi sech en Trip mat psychedeleschen Drogen ufillt, sinn ech natierlech op déi erzielten Erliefnesser vun Drëtten ugewisen. Déijéineg, déi esou Erfarungen am Prinzip am beschte kënne vermëttelen, si Kënschtler.

Ech denken do zum Beispill un dem Aldous Huxley seng Essai-Sammlung "The Doors of Perception" vun 1954 oder dem Terry Gilliam seng 1998er Verfilmung vum Hunter S. Thompson-Klassiker ''Fear and Loathing in Las Vegas'', an natierlech d'Originalvirlag selwer.

Suite vun Temoignagen

Netflix bitt zanter Kuerzem en Documentaire iwwer LSD un, eng Eegeproduktioun, déi vum Donick Cary realiséiert gouf. De Cary huet Enn den 1990er Joren eng hallef Dosen Episode vun de Simpsons geschriwwen, duerno d'Animatiouns-Serie Lil' Bush iwwer de fréieren amerikanesche President George W. Bush an d'Liewe geruff, respektiv huet hie fir divers amerikanesch Talk Showe geschafft.

Säi Film ''Have a Good Trip. Adventures in Psychedelics'' ass eng Suite vun Temoignagë vun och alt bekannte Sänger an Acteure wéi Sting, Donovan, Adam Horovitz (vun de Beastie Boys), Rosie Perez oder Ben Stiller (nëmmen een Trip op sengem Konto, allerdéngs ee vun de Produzente vum Film). Déi meescht si manner bekannt amerikanesch Perséinlechkeeten aus dem Showbiz, déi am Laf vun hirem Liewe méi oder manner reegelméisseg Bekanntschaft gemaach hu mat LSD, Champignonen an anere Substanzen.

Kee politesche Film iwwer LSD

Wie sech elo eng politesch-gesellschaftlech Ausenanersetzung mat deenen Drogen erwaart huet, gëtt séier enttäuscht. Et ass keen am Detail recherchéierten Documentaire, deen zum Beispill déi geheim Programmer vun den amerikaneschen Autoritéiten ënner d'Lupp geholl hätt. Dës Droge waren deemools agesat gi fir déi politesch Kontestatioun vun de Jugendbeweegungen ze briechen.

D'Archivbiller vu Politiker, déi an de 60er a 70er Joren ëffentlech virun LSD gewarnt haten, gi just am Ufank vum Film gewisen als Klamauk-Effekt, fir sech dovun ze distanzéieren an eng tolerant Approche ze promouvéieren. E puermol gi wëssenschaftlech Erklärunge vun engem Dokter ageblent, a ganz kuerz kënnt dem berüümte Psycholog Timothy Leary säi Fils zu Wuert - de Leary hat an de 1960er Jore Reklamm gemaach fir psychedelesch Drogen als Medikament géint Geeschteskrankheeten. Leider geet de Film net weider op deen Aspekt an.

Villméi konzentréiert e sech op d'Wierkung vum LSD, oder wéi méi oder manner prominent Konsumenten esou en Trip erlieft hunn, also scho mol e gudden oder e schlechten Trip haten. Esou erzielt de Sting, wéi hien um Land sollt hëllefen, e Kallef op d'Welt ze bréngen, wéi hie grad high war. Vun der Carrie Fisher, der Prinzessin Leia aus der Star-Wars-Serie gëtt ee gewuer, wéi am Central Park zu New York op eemol eng Eechel ugefaangen huet mat hir ze schwätzen. Wéi e Reebou aus sengem Penis erausgesprongen ass, gëtt dann de Rapper ASAP Rocky zum Beschten, asw. asw., een Temoignage nom aneren, schéi strukturéiert a Kapitelen ënnerdeelt. E bësse méi Verrécktheet an der Form hätt ee sech bei deem Sujet scho gewënscht ...

Bof ...

Fir en Hauch vu Psychedeleschem sollen trotz allem nogestallten Zeenen oder e fake edukative Tëlees-Reportage mat 80er Cheap-Vintage-Touch suergen, respektiv animéiert Sequenzen, déi ausgesi wéi aus de Basis-Astellunge vun enger Animatiouns-Software. Et muss jo net direkt vum Niveau vun engem seventies Zeechentrickfilm à la "Fritz the Cat" sinn, mee vun engem Realisateur, dee scho mol un de Simpsons matgeschafft huet, kann ee sech duerchaus méi erwaarden.

''Have a Good Trip. Adventures in Psychedelics'' wierkt entweder wéi eng Doku vun engem duerchaus motivéierten Amateur fir e klenge Lokalsender, oder awer wéi vun engem Profi gemaach, deen hei ratz-fatz en Optrag ze erleedegen hat. Dat heiten ass emol kee schlechten Trip, leider ...