"Jonk Kënschtler mat engem immense Culot"
Ënnert dem Titel "Feed the meter" ("Fidder d'Parkauer") weist d’Galerie Bernard Ceysson um Wandhaff bis de 6. Januar eng Ausstellung mat zäitgenëssescher Molerei vu jonke Kënschtler aus den USA.
Biller vum Jonathan Allmaier (©Loïc Bénétière)
Den Titel "Feed the Meter" bezitt sech op d'Aart a Weis, wéi hien dës Ausstellung zesumme gestallt huet, erkläert de Wallace Whitney, dee selwer Moler ass. "Als Curateur sinn ech d'Ateliere vun all de Kënschtler besiche gaang, fir Konschtwierker erauszesichen a fir erauszefannen, wat ech an der Ausstellung wëll weisen. An ënnerwee hunn ech ebe misse Suen an all méiglech Parkauer geheien."
Faarwen, déi paken
Zesummegestallt huet de Wallace Whitney eng Ausstellung mat Wierker vun 21 jonke Kënschtler. D’Resultat ass den éischten sou groussen internationale Gruppeprojet, deen an enger Lëtzebuerger Galerie gewise gëtt. De Galerist Bernatd Ceysson huet sech perséinlech ëm den Accrochage vun de Biller gekëmmet. Säi Fils an Associé Francois Ceysson erkläert, dass eng Rei vun de Kënschtler schonn eng gewëss Renommée an der Konschtwelt hunn: "D'Dona Nelson kéint een als Mamm vun deem Kënschtlergrupp hei bezeechnen. De Spencer Sweeney wier dann sou eppes wéi de grousse Brudder, hien ass ee Pionéier an ass och scho méi bekannt an der Zeen.”
D'Expositioun setzt den Akzent op d’Deconstructioun vum Tableau. An d’Faarwe spillen eng wichteg Roll. "Des Ausstellung weist Konscht, déi elo zu New York geschitt - immens réi, provisoresch, aggressiv, expressionistesch, a mat vill Faarf", seet de Wallace Whitney. De François Ceysson nennt zwee Beispiller: “Den Jonathan Allmaier benotzt keng fäerdeg Faarwen, mee mëscht d'Pigmenter selwer. Seng Faarwe paken, si sinn immens lieweg an déif. D'Faarwen, déi d'Elena Pankova asetzt, sinn vill méi douce. A wéi aner Kënschtler hei benotzt si just d'Leinwand, ouni de Châssis."
Biller vum Elena Pankova (©Loïc Bénétière)
Parallelen zur Beweegung "Supports/Surfaces"
D’Expositioun hätt ee staarke Lien zur franséischer Konschtbeweegung aus de 1960er an 1970er Joeren, déi sech “Supports/Surfaces” nennt, erkläert de Galerist. D’selwecht wéi deemools hätten dës jonk Artisten een immense Culot: “Mir hunn bei dëse Kënschtler dat nämmlecht Verlaange gespuert, fir weider ze molen an awer gläichzäiteg och d'Konschtwelt ze änneren amplaz se sou hin ze huele wéi se ass.”
D’Kënschtler vun der Beweegung "Supports/Surfaces" hätten d'Impressioun gehat, ënnert der Konscht vun de 1950er Joere leiden an dowéinst no Alternative gesicht, fir aus enger Sakgaass eraus ze kommen. An och am Fall vun deene jonken Amerikaner hei, kéint ee soen, dass si op d'Konscht vun den 2000er Joere reagéieren, "déi éischter dem Design ähnlech an eng éischter konsensuell war". Mat hirer Nonchalance an hirer Energie hätte si Léisunge fonnt, déi un "Supports/Surfaces" erënneren, fënnt de François Ceysson: "Dowéinst hate mir Loscht si ze weisen."
Audio:
De Bäitrag vum Maxi Pesch: