Radioen

On air

De Moien  |  Arcade Fire - Everything Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Portante - Le Travail de l'Origine

Gedichtband

Jean Portante - Le Travail de l'Origine

"Den Territoire vu menger Experimentatioun, dat ass Poesie", seet de Schrëftsteller Jean Portante. Elo koum en éischt Band mat senge Gedichter, déi hien tëschent 1986 an 2004 publizéiert huet, am Verlag La rumeur libre eraus. Iwwer d'Genese vun der eegener Sprooch, wéi eng Roll d'Poesie dra spillt, a wéi een dat am Buch "Le travail de l'origine" retracéiere kann, huet de Jean Portante dem Valerija Berdi erzielt.

auto_stories

5 min

Zanter 1983 lieft de Jean Portante zu Paräis, et ass och an deem Joer, wou hie seng éischt Gedichter publizéiert: "Feu et boue." Dëst a weider dräi éischt Gedichtbänn sinn net an der neier Anthologie publizéiert, an dat huet och ganz bestëmmten Ursaachen, seet de Jean Portante:

"Ganz einfach, well ech do meng Sprooch nach net hat. Wou ech ugefaangen hunn mat schreiwen, hunn ech gemengt, ech géif op franséisch schreiwen, schreiwen, wéi d'Fransouse schreiwen, ech si bei Klassiker kucke gaangen, an dat heescht dat ass en Apprentissage de l'écriture. Wann ech awer net publizéiert hätt déi Zäit, da wier dat éischt, dat zweet, dat drëtt komm. Vun deem Moment un, wou ech d'Origine siche gaange sinn, dat heescht, déi italienesch Sprooch, déi a mer schwätzt, vun deem Moment un, ass meng Schrëftsprooch entstanen an ech hu se lues a lues opgebaut, dat huet och laang Zäit gebraucht, dat seet och den Titel vum Buch virdrun, "Le Travail de la Baleine". Et fänkt un mat engem Text, dat ass "Horizon, vertige & Italie intercalaire", do ginn ech mer bewosst, datt ech net kann op Franséisch schreiwen an do fannen ech eng Äntwert an dat ass de Collage. Dat ass déi éischt Etappe bis op emol lues a lues déi Sprooch sech opbaut."

Verschidden Ausléiser an Aflëss

Tëschent 1987 an 1990 huet de Jean Portante a Kuba gelieft, als Editeur an Iwwersetzer geschafft an no senger eegener Sprooch gesicht. An do wieren e puer Declice gewiescht:

"Den éischten Declic, dat war ze Havanna, wou ech do e puer Joer gewunnt hunn, a wou ech dem groussen Dichter begéint sinn, dem Juan Gelman, dee mer dat gesot huet. Dee mer gesot huet: du schreifs a soss kenger Sprooch wéi an denger. Du schreifs Portante, esou wéi ech Gelman schreiwen. An da muss du der déi Sprooch opbauen, kreéieren, Poesie heescht jo op griichesch kreéieren.

Et ass och dem Juan Gelman, dem bedeitende argentinesche Schrëftsteller, deem de Jean Portante dëst Wierk dediéiert huet.

"An do hunn ech ugefaange mat där Iddi do am Kapp eng Sprooch ze sichen, an zu Havanna war op emol de Wal do, well d'Mier héchstwarscheinlech viru mer war, d'Memoire vum Wal, de Lëtzebuerger Wal, Mrs Haroy, den Déifferdenger Wal, de Stater Wal. An deen huet mer gesot: da maach et wéi ech, da bass du an denger eegener Intimitéit, an denger eegener Sprooch. "

De Wal an d'Kreatioun vum Wuert "Effaçoner"

Et ass dës Adaptatioun vum Wal, seng Migratioun vum Land an d'Mier, déi net just fir dem Portante seng Baleine gesuergt huet, mee och fir d'Kreatioun vum Wuert "Effaçonner", dat a sengem literareschem Schafen eng ausschlaggebend Roll spillt.

Esou ass dës Transformatioun vun der Baleine och am Wuert "Effaçoner" dran, e Wuert, dat och engem Gedichtband 1996 den Numm ginn huet an och dëser neier Editioun dran ass-:

"Effaçoner, dat seet dat genee, hien huet seng Been, seng Patten an hien huet seng Flosse façonnéiert, an ass esou e Wal ginn. Mee hien huet eppes firwat hues du deng Long behalen, domat kanns du jo net am Waasser liewen, du hues se jo net méi all, an net ausgewëscht an dat ass seng Long. An do hunn ech gefrot, an do huet hie gesot, dat wichtegst, wat ech um Festland hat, dat wollt ech net sacrifiéieren, dat war meng Respiratioun, Da maach du och deng Respiratioun. A wat war meng Respiratioun, dat war meng dat war an der Kandheet, da war déi italienesch Sprooch, déi do begruewe war, esou wéi d'Long vum Wal."

An dësem éischten Deel vum Jean Portante sengem poetesche Wierk kann ee ganz gutt seng eege Sich nom Origine retracéieren.:

"Ech hu mer do misse meng Sprooch do opbauen, d'Verb effaçonner huet mer den Ustouss ginn, dono koume Bicher wéi Point, dat och an dësem Band ass. Point ass den idealen Effaçonnement, well Point huet zwee Sënner. Wann ech Point d'interrogation soen, dann ass dat de Punkt, oder Point de départ, dat ass de Punkt, wou ech fort ginn, mee et heescht och: Il n'y a pas de départ - Point de départ. Dat Wuert Point effacéiert sech selwer, dat ass dann déi nächst Etappe gewiescht, Point kënnt just hannert Effaçonner dat als Buch, eraus komm ass. Et ass ëmmer dëse Mouvement d'éffaçonnement" fir op d'Origine ze kommen , an d'Origine ass déi vum Ufank , vu mengem Ufank, vun all Ufank."

Et ass awer net just e Sichen, mee och eng Entwécklung, déi duerch verschidden Evenementer eng bestëmmte Richtung geholl huet

"Do si vill Saache geschitt. Ech hu misse fir d'éischt Sprooch bauen, dat hëlt vill Zäit, vill Bicher, ech hunn der e ganze Koup gebraucht, fir déi Sprooch , déi ech souwuel Langue baleine oder langue effaçonnée, et kann een hier den Numm ginn, deen ee wëll, déi hunn ech missen opbauen, déi gouf et jo net, déi hunn ech misse kreéieren an dat huet sech vu mengem Buch zum aneren opgebaut, bis op eemol an 2013 ass dat komm an et ass 2009 ausgeléist ginn: den Äerdbiewe vu L'Aquila. An dat gëtt dann den zweeten Tome, dee geet da bis dohinner. Den 2. Tome wäert warscheinlech Le Travail du poumon heeschen an dann den drëtten, dat ass Après le tremblement. Wat do alles geschitt. Do war déi Sprooch, déi ech mer opgebaut hunn, net méi fonctionéiert, well do den Paysage intérieur futti gemaach ginn ass vum Äerdbiewen an d'Long och. Dat ass e Wee, datt déi italienesch Sprooch huet missen eraus kommen an dat ass dann och geschitt."

Nieft der Poesie, ass awer och de Roman, deen eng bedeitend Plaz am Portante sengem Schreiwen huet. Wou steet d'Poesie? Wou de Roman?

"Den Territoire vu menger Experimentatioun, dat ass Poesie, d'Applikatioun dovun ass de Roman. Do gëtt alles erkläert a gezielt wat geschitt ass. Kandheet, d'Anekdote vum Wal,... dat alles ass an de Romaner, wärend d'Poesie d'Experimentéierfeld ass, fir mer eng Sprooch ze ginn."