Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Lemon Twigs - How Can I Love Her More?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Delvaux: Im Schatten der Sphinx

Konscht a Literatur

Jean Delvaux: Im Schatten der Sphinx

Am Literaturarchiv zu Miersch ass zanter kuerzem d'Ausstellung "Jean Delvaux - im Schatten der Sphinx" op. Fir de Vernissage huet den Direkter vum CNL Claude Conter en ausféierlechen Ausfluch an d'Welt an d'Wierk vum Jean Delvaux gemaach. Déi Welt ass eng Sammlung vu Sammlungen, duergestallt a ganz eegenen Uerdnungssystemer, a festgehalen a Kënschtlerbicher.

auto_stories

3 min

Im Schatten der Sphinx. Foto: Christof Weber

Zu Miersch am Literaturarchiv kann ee bis Enn Abrëll d'nächst Joer antauchen an eng ganz eegenaarteg, facettëräich, chaotesch an zugläich systematesch ugeluechten Ausstellung: Si heescht "Jean Delvaux - im Schatten der Sphinx".

Gewise gi Kënschtlerbicher an Aarbechte vum Jean Delvaux, deen déi lescht 15 Joer kontinuéierlech u sengem Wierk geschafft huet. An dee mat Collagen - mat am eenzelen dacks onwäertvolle Stécker Pabeier, awer och mat Fotoen, Timberen, Schrëft a Bildstécker, Skizzen an Duerstellungen - e ganz eegen Universum opgebaut huet, deen ee selwer muss erliewen, fir e faassen ze kënnen.

Erënneren a conservéieren

Och Literatur fléisst am Jean Delvaux säi Wierk an. Fir de Claude Conter, Direkter vum Centre national de littérature, gehéiere Kënschtlerbicher, wéi dem Jean Delvaux seng, ganz kloer am Literaturarchiv ausgestallt. Et géif ëm d'Iddi vun der Conservatioun, vum Archivage a vum Sammele goen. "Alles Begrëffer, déi zentral Aufgaben an engem Archiv benennen", esou de Claude Conter.

Dës Praktike wieren zentral an der Konschtkonzeptioun vum Jean Delvaux. Am Kënschtler senger Virstellung hätten d'Erënneren an d'Conservéieren eng fundamental Bedeitung, fënnt den Direkter vum CNL. "Andeems de Jean Delvaux privat Fotoen, Ticketen, Timberen, Rechnungen, Dokumenter, al Bicher, Pabeieren, Obelisken, Globussen, geometresch Kierperen, Booter a villes aneres op Floumäert opkeeft, entzitt hie se dem Vergiessen."

Wunderkammer

Am Zentrum vun der Ausstellung steet d'Sammele selwer. Dem Jean Delvaux seng Konschtbicher sinn dem Claude Conter no Collagen, déi d'Archivpraxis reflektéieren. Den Ausgankspunkt wier d'Praxis vum Sammelen.

Wichteg am Jean Delvaux senger Aarbecht ass de Verglach - doduerch kann een eng Uerdnung schafen an eng Sammlung zesummestellen. Duerch de Verglach - an dësem Fall mat der Technik vun der Collage realiséiert - kréien déi nach esou onwäertvoll eenzel Elementer, mat deenen den Artist schafft, en anere Wäert. De Claude Conter benotzt dofir de Begrëff vun der Wunderkammer: Mat deem Begrëff goufen an der Spéitrenaissance an am Barock d'Sammlunge bezeechnen, déi Objete mat ganz ënnerschiddlechen Originnen zesummebruecht hunn. Et ware Cabinets de curiosités.

CNL-Archivbote als Katalog

Fir d'Ausstellung "Im Schatten der Sphinx" huet de CNL e Katalog erausbruecht, deen am beschte Sënn vum Wuert aus der Rei danzt: En ass net klassesch gebonnen, mee presentéiert sech an der Form vum Archivbote vum CNL: Am A3-Dageszeitungsformat, opgedeelt an déi fënnef thematesch Beräicher vum Jean Delvaux sengen Aarbechten - a mat Texter vun der Angelika Thomé. Dat Ganzt op engem Hannergrond, deen dem Jean Delvaux seng Collagen a Kënschtlerbicher reflektéiert: Immens faarweg, villfälteg, villschichteg,villsäiteg, ebe Jean Delvaux.


D'Ausstellung "Im Schatten der Sphinx" ass nach bis de 28.04.2017 am Centre national de littérature ze gesinn.