International Classical Music Awards 2014

De Jury vun den International Classical Music Awards, an deem de Radio 100,7 och Member ass, huet d’Nimm vun de Laureaten 2014 publizéiert.

Den Dirigent Charles Dutoit kritt ee Präis fir säi Liewenswierk. Kënschtler vum Joer ass den Andreas Staier, ee Spezialist um Fortepiano. De Präis vum “Young Artist of the Year” kritt dee franséischen Braatschist Adrien Boisseau. Nieft dësen Spezialpräisser gëtt et nach Präisser fir CD- an DVD-Produktiounen a 16 Kategorien – vun der Renaissance-Musek iwwer Kouer-Musek, Oper bis bei zäitgenëssesch Musek. Ënnert de Laureaten sinn Dirigenten Riccardo Chailly, Sir Colin Davis, Peter Eötvös, Paavo Järvi, Valery Gergiev, dee polneschen Komponist Krzysztof Penderecki, de Gambist Jordi Savall, d’Sänger Ian Bostridge, Matthias Goerne, Philippe Jaroussky, Angelika Kirchschlager, Julia Lezhneva, Anne-Sofie von Otter, d’Geiisten  Daniel Hope, Patricia Kopatchinskaja, Frank Peter Zimmermann, d’Pianisten Andrea Bacchetti, Elisabeth Leonskaja a Joseph Moog, deen 2012  “Young Artist of the Year” war.

D’Jury vun den ICMA setzt sech aus Spezialisten vu Musekszäitschrëften, Radioen an Internetportalen zesummen. Nieft dem Radio 100,7 ass Lëtzebuerg och duerch den Online-Magazin Pizzicato vertrueden.

D’Präisiwwerreechung an de Gala-Owend vun den International Classical Music Awards sinn den 12. Abrëll am Kader vum Internationalen Beethoven-Festival zu Warschau.

www.icma-info.com

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen