Radioen

On air

Tockcity  |  Daniel Avery - Wonderland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inka & Niclas: no more "Vista points"

Fotografie

Inka & Niclas: no more "Vista points"

Zanter 2007 schaffen d'Inka an den Niclas Lindergard, aus Schweden, als Fotografen-Duo zesummen. Zanter 2007 bedeelegt sech Lëtzebuerg um europäesche Mount vun der Fotografie, kuerz "EMoP". Fir déi aktuell Editioun sinn hei am Land zum Thema "Rethinking nature, rethinking landscape" 26 Ausstellungen opgaangen. D'Koppel Inka an Niclas goufen net just fir d'Expo am Nationalmusée um Fëschmaart sélectionéiert, si stellen och an der Etüd vun Arendt a Medernach aus, sinn do ufanks dës Mounts mam "EMoP-Award" ausgezeechent ginn.

auto_stories

4 min

Inka Lindergard: Mat deem Projet ass eis Kollaboratioun 2007 ugaangen. Deemools si mir op Distanz zu de Leit gaangen.

Niclas Lindergard: Mir hunn d'Mënschen observéiert, wéi en Déierefotograf Déieren observéiere géif. Mir hunn eis zum Beispill an Hecke verstoppt. Esoubal een entdeckt gëtt, ass de Moment allerdéngs eriwwer, an du muss dir eng nei Plaz sichen.

Inka: Zwee Meter Distanz hätte mir och dunn ouni Problem anhale kënnen. Duerch dëse Projet si mir vill gereest, op déi Plazen, déi d'Mënsche wéinst hirer grandioser Naturkuliss unzéien. Vu datt mir vill gewaart hunn, hate mir Zäit, nozedenken. An op eemol hu mir eis gefrot, firwat d'Leit es net midd ginn, ëmmer déi selwecht Phenomeener, wéi zum Beispill Sonnenënnergäng, ze fotograféieren, an dann och nach ze posten, just fir ze weisen, datt si do, an och do, waren. Am Norde vun Norwegen hu mir eis mam "Midsummer" beschäftegt. Esou hu mir ugefaangen, op vill verschidde Manéieren, mat de Faarwe vum Sonnenënnergank ze schaffen an ze spillen. Mir maachen dat haut nach vun Zäit zu Zäit. A Schweden wiiss de an, a mat, der Natur op. Net just der physescher: si ass och a Legende present, déi s de lies, oder a Lidder, déi's de séngs. Ech mengen awer net, datt bei eis d'Traditioun vun der Landschaftsfotografie eng gréisser Roll gespillt huet.

Niclas: E Beispill: Skandinavien ass berüümt fir d'Polarliicht. Mir wësse genee, wéi dat ausgesäit. Eventuell duerch Diskussiounen, mee haaptsächlech duerch d'Datebanken, déi virtuell Galerië, mat Fotoen a Biller. Vill Skandinavier hunn awer d'Liichter nach ni mat eegenen Aen erbléckst! Dozou hu mir e Projet gemaach: mir hu versicht, en Nordliicht ze rekreéieren, dat mir perséinlech nach ni gesinn haten.

Inka: Dat schlëmmt ass, datt esouguer déi, déi d'Polarliichter tatsächlech gesinn hunn, gréisstendeels un déi Opnamen aus den Datebanken denken, wann een "Nordic light" seet, well déi vill méi Impakt hunn, wéi déi perséinlech Experienz. Doduerch, datt et esou eng Onmass gëtt, hu se eppes Penetrantes. Mir schaffe mat ganz ënnerschiddlechem Material, dat op de Blëtz reagéiert. Mir schleefen zum Beispill Reflexiounskleeder, Spigel-Objete mat eis ronderëm. De Moment wou mir op den Ausléiser drécken, de Flash ugeet, kënne mir just roden, wéi d'Endresultat vun eisen Experimenter duerno op der Foto ausgesäit. Mir fotograféiere jo baussen: do kann een ni wëssen, wéi de Wand zirkuléiert, op a wéi eng Liichter do sinn. Mee mir hunn ugefaangen, genee dat ze appreciéieren: datt mir net alles ënner Kontroll hunn, datt d'Bild herno net der originaler Iddi entsprécht.

Niclas: Mir dréinen de Volume ganz gären emol erop op 11. Bedeit: mir maache gäre Fotoen, déi unzéien, an déi een eragezu gëtt. Mee si sinn och eng Aart Commentaire zu deenen absurde saturéierte Landschaftsbiller, déi am Iwwerfloss existéieren.

Inka: Déi eng Serie, déi mir zu Lëtzebuerg weisen, nennt sech "Vista Point". Mir ware fir d'4. an engem amerikaneschen "National Park". An do waren nees déi Leit, déi ëmmer an ëmmer erëm déi nämmlecht Fotoe maachen. Dat war fir eis wéi wann d'Landschaft a Stécker gerappt géif ginn. Panneaue mat enger Kamera an der Mentioun "Vista Point" hunn de Visiteuren en plus de Wee bei den nächste Mirador gewisen. Natierlech mat Spektiv, fir datt ee fir d'éischt genee kuckt, wat een duerno knipse soll. Do hu mir einfach d'Mënz fir d'Spektiv op eis Kameralëns geluecht, an hunn esou déi Foto geholl, déi mir huele sollten. Elo ass op der Opnam am Zentrum e grousse schwaarze Fleck, wéi e Lach; et gesäit ee just de Bord vum Panorama. Interessanterweis schafft d'Gehier géint e Blackout, fëllt eng Inconnu mat Liewen, Interpretatiounen, esou datt een d'Bild am Fong awer ouni de Schiet vun der Mënz gesäit.

Niclas: Datt mir en Retour, souzesoe fir eng Mënzen-Fotografie, hei elo e Präis kritt hunn, ass super. Doduerch gëtt eis Plattform méi grouss, mir kënne méi ausstellen. Mir hunn eis riseg doriwwer gefreet.