Radioen

On air

Notturno  |  Benoît Martiny - Bushfire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Imaginer Servais: 30 Literaturwierker aussergewéinlech presentéiert

Expo am CNL

Imaginer Servais: 30 Literaturwierker aussergewéinlech presentéiert

"Imaginer Servais" heescht déi nei Ausstellung am Nationale Literaturarchiv. Fir den 30. Gebuertsdag vum Literaturpräis "Prix Servais" ze feieren, ginn déi 30 priméiert Bicher a ganz aussergewéinlecher Form zu Miersch presentéiert. Eng sonor a fotografesch Iwwersetzung vun 30 Lëtzebuerger Literaturwierker an 30 Kabinnen - oder: 30 Konschtwierker. D'Nathalie Jacoby a Ludivine Jehin hunn d'Expo konzipéiert an d'Véronique Kolber huet fotografesch Wierker contribuéiert.

auto_stories

5 min

Wou et dorëms gaangen ass, 30 Joer de Prix Servais ze feieren, wier et kloer gewiescht, datt si et mat enger Expo wéilte maachen, seet d'Nathalie Jacoby. Et wier och direkt kloer gewiescht, datt et géif ëm d'Fondatioun oder de Prix Servais u sech an dëser Ausstellung sollt goen, mee ëm déi 30 Bicher, déi zënter 1992 mam Prix Servais ausgezeechent goufen, seet d'Directrice vum CNL:

"Mir wollten an déi 30 Bicher era goen. E Liesandrock vermëttelen, esou datt een als Visiteur d'Impressioun huet, et kéim een direkt an di Bicher eran, et hätt een direkt en Androck dovun, wéi eng Stëmmung an deem Buch ass, vläicht och ëm wat fir eng Theemen et geet. Dofir hu mir eis fir eng Ausstellung entscheet, déi vläicht abstrakt ass, déi immens subjektiv ass, et huet bal all Mënsch matgeschafft, deen am CNL schafft an zwielef Curateuren hunn sech déi 30 Bicher opgedeelt, hunn se ganz genau gelies, driwwer recherchéiert an dunn esou Toolboxen zesumme gestallt, wou se ze engem Iddie ginn hunn fir de Visuel an zum aneren Iddie fir en Audio-Element. An et war relativ séier kloer, datt mir mam Véronique Kolber wéilten zesumme schaffen."

Eng perséinlech a subjektiv Aarbecht

D'Véronique Kolber huet als Fotografin schonn op der ganzer Welt ausgestallt. Si huet eng Sensibilitéit fir d'Lëtzebuerger Literatur an huet sech elo domat beschäftegt, den Inhalt vun den eenzele Bicher a Fotografie ëmzesetzen:

"Verschidde Bicher hunn ech kannt an direkt hat ech eng Foto virun den Aen. Ech hunn Toolboxe kritt, déi konnt ech liesen. Munchmol ass et mir net duergaangen, da sinn ech heihinner komm, ech hu mer d'Buch geholl, ech hunn dra gelies, ech wollt et upaken, ech wollt wëssen, wéi d'Buch ausgesäit. Dann hunn ech mir kleng Iddien opgeschriwwe fir all Buch. An déi Iddien, déi sinn direkt ganz fest bliwwen, ech mech einfach a mengem Kapp zréck versat an Aarbechten, déi ech scho gemaach hunn, a Fotoen, déi ech vläicht hat, déi ech vläicht och mat mengem Handy gemaach hunn."

Et wier eng immens perséinlech a subjektiv Aarbecht gewiescht, sou d'Véronique Kolber. Et ass jo och hier eegen Interpretatioun vum Buch, déi si hei fotografesch realiséiert huet.

A wann een dann an déi eenzel Kabinne geet, déi duerch e Mier vu wäissem Pabeier vunenee getrennt sinn, da begéint een dëse Fotoen. Mol ass et eng, mol eng ganz Serie, mol kleng, mol riseg, mol verstoppt, mol aus Stoft - et ass net just d'Motiv, datt dat jeeweilegt Buch iwwersetzt, mee och d'Matière, d'Gréisst, d'Plaz an d'Manéier wéi dës Fotoen hei gewise ginn.

Nieft de Fotoen ass et dat Auditiivt, wat een an d'Welt vum Buch mathëlt. Et brauch een dofir just d'Kopfhörer unzedoen, déi een an der Entrée vun der Ausstellung zur Verfügung gestallt kritt. D'Nathalie Jacoby erkläert:

"Dat ass keng Beschreiwung vum Buch, mee et ass eng Aart auditiv Unnäherung un dat Buch, also mat Musek, mat Soundeffekt, heiansdo kleng Zitater, klengt Archivmaterial vun den Auteuren och an all Kabinn ganz anescht."

Eng oder e puer Fotoen, en Audio, dee knapp zwou Minutten dauert - eng Erausfuerderung, esou konzentréiert e Gefill fir e Buch beim Visiteur auszeléisen. Dozou seet d'Nathalie Jacoby:

"Et war immens flott mam Véronique a mat den dräi Audio-Kënschtler, muss ee soen, zesummen ze schaffen. An dat waren de Luka Tonnar, de Martin Engler an de Paul Ford a mir wollte ganz bewosst dräi Leit hunn, well mer do och eng Varietéit wollten hunn am Klang an et huet jiddereen sou e bëssen seng Signature."

Et muss een sech op déi atmosphäresch Bijouen aloossen

An effektiv, et muss een Zäit matbréngen awer virun allem bereet sinn, sech op des kleng atmosphäresch Bijouen anzeloossen. All Kabinn huet Neies, Iwwerraschendes an Originelles ze bidden. All Buch entfaalt sech ze enger klenger Aventure, déi een an enger Kabinn innerhalb vun e puer Minutten erliewe kann.

Et wier eng ganz subjektiv Approche vun den eenzele Mataarbechter gewiescht, mee d'Ludivine Jehin, Chercheuse am CNL preziséiert:

"Subjektiv ass wouer, et ass absolut déi Erfarung, déi een herno eleng an där Kabinn mécht. Mir hunn et jo och schéi fonnt, dass een eng Immersioun proposéiert. dofir hu mer och déi Kabinnen zougemaach, oder hallef zougemaach. Et ass schonn eng Iwwerraschung, mee et ass och ee Moment, deen een eleng mat dem Toun a mat deem Bild verbréngt, a wou een och eng Erfarung mécht. mee et ass an deem Sënn och net ze vill subjektiv, do sinn awer déi kleng Wëssenschaftler an ons, déi wären net ganz am Aklang mat der totaler Subjektivitéit, well et ass awer ëmmer begrënnt, ëmmer an Zesummenaarbecht mam Text, et ass ëmmer en Connivence mam Text. Dat heescht, do wou e Paradox entsteet an do wou e staarkt Bild entsteet oder en Detail ervirgehuewe gëtt, dann ass et ëmmer justifiéiert an et ass ëmmer well den Text dat proposéiert. A well ee geduecht huet, deen Text geet genau dohinner, den Text geet genau dohinner. Dofir huele mir dat am Zoom dran."

Eng aussergewéinlech Ausstellung un där d'Virbereedugsaarbecht den Organisateuren e groussen Defi war. Elo steet d'Expo do fir e ganzt Joer a mat dësen 30 visuell a sonor Exponate wëll d'Ekipp vum CNL och eppes Weideres erreechen. D'Nathalie Jacoby seet:

"Mir hoffen, datt et Loscht mécht, d'Bicher ze liesen. Dat hei si Lecturen, déi ganz kuerz op de Punkt bruecht sinn. An déi natierlech subjektiv sinn an och ganz, ganz kuerz a punktuell - an do ass esou vill méi ze entdecken. Mir hunn och zwee Liesecker ageriicht, datt d'Leit och duerch Bicher bliedere kënnen, mee d'Hoffnung ass wierklech, datt se heem ginn an d'Bicher liesen."