Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Huet déi Fra eppes ze verstoppen?

Nei am Kino

Huet déi Fra eppes ze verstoppen?

Mat sengem Drama "A Girl Missing" (Yokogao) huet de japanesche Realisateur Koji Fukada e subtille Fraeportrait gedréint, dee mat den Erwaardunge vum Spectateur spillt. En absolut kuckenswäerte Film.

auto_stories

3 min

D'Infirmière Ichiko (Mariko Tsutsui) bekëmmert sech scho méi laang ëm eng eeler krank Fra, am Haus vun där hirer Famill. Mat der Zäit huet sech eng Verbonnenheet entwéckelt, besonnesch och mat den zwee Meedercher, deenen d'Ichiko an der Fräizäit bei den Hausaufgaben hëlleft. Enges Daags kippt dat Ganzt, wéi dat jéngste Meedche gekidnappt gëtt: D'Infirmière geréit a Verdacht a gëtt vun de Medie geschleeft.

De 40 Joer ale japanesche Regisseur Koji Fukada ass bekannt fir gefillsvoll an nuancéiert Filmer iwwer mënschlech Relatiounen. Säi komplexen Drama ''A Girl Missing'' fiert op där Schinn weider.

Raffinéiert Manipulatioun

Gläichzäiteg spillt de Film mat den Erwaardunge vum Spectateur a mécht dat op eng ganz raffinéiert Manéier. Net eleng doduerch, datt en Zäitspréng suggeréiert, wou vläicht keng sinn a méiglech Handlungen undeit, déi dann awer net vollzu ginn.

Virop kritt een eng Fassad presentéiert an heiansdo e Bléck dohannert, woubäi een net onbedéngt méi schlau gëtt. Déi traditionell japanesch, respektiv asiatesch Zréckhalung ass hei wichteg. An der Ëffentlechkeet straalt d'Infirmière permanent, ass an all Situatioun extrem héiflech, souguer wa si ënner Drock steet. Et geet ëmmer drëms, d'Gesiicht net ze verléieren an - nach méi wichteg - dofir ze suergen, datt deen aneren et och net verléiert. Mee wat stécht hannert där Mask? Huet d'Fra eventuell eppes ze verstoppen?

Zweedeiteg Infirmière?

Dat wat da vun der Privatpersoun reveléiert gëtt dréit dozou bäi, de Verdacht ze streeën. D'Kamera fokusséiert sech dacks op dem Ichiko säi Gesiicht, all Variatioun am Ausdrock gëtt agefaangen, zum Beispill d'Mondwénkelen, déi falen. D'Actrice Mariko Tsutsui interpretéiert de Personnage wonnerbar.

Géigeniwwer enger männlecher Bekanntschaft täuscht d'Fra eng Adress vir, déi awer net hir ass. An hirem richtegen Appartement, wou si eleng wunnt, kuckt si verzweiwelt zur Fënster eraus, schléckt Pëllen, vermëttelt den Androck net eens ze ginn. Et kritt ee bizare Dramsequenze gewisen. Huet déi Fra psychesch Problemer? A wat hunn déi sexuell Fantasien ze bedeiten, déi si engem uvertraut?

Am Hannerkapp huet een natierlech d'Zweedeitegkeet vun der Infirmière, dësem diabolesche Personnage, deen an der populärer Kultur - besonnesch am Thriller an am Horrorfilm - gären agesat gëtt.

Fragmentarescht Bild

Vum Ichiko senger Vergaangenheet gëtt een och net vill gewuer. Iergendwann dauchen e Mann an e Kand op, mat deenen d'Fra an enger anerer Wunneng Zäit verbréngt. Wéi passt dat an d'Bild? Net fir näischt huet een am Film d'Motiv vum Puzzle, dee sech lues a lues zesummefüügt, an awer fragmentaresch bleift. Et ass och déi krank eeler Fra, déi op hirem Bett sëtzt, praktesch net méi gesäit a vum Damp vun hirer Zigarett ëmginn ass ...

Entgéint hirem Informatiouns-Usproch droen d'Medien net dozou bäi, fir Kloerheet ze suergen. Dovun ofgesinn, datt se Relatiounen destabiliséieren a Mënschen un de Bord vun der Verzweiwlung bréngen, produzéiert hiren Sensatiounshonger nëmmen eng weider Couche Niwwel.

''A Girl Missing'' läit iergendwou tëschent falschem Thriller a Psychogramm. Am Fong geholl ass et ''just'' de Portrait vun enger Fra, déi an hirer Verletzlechkeet gewise gëtt, eng onsécher Fra am mëttleren Alter, déi e Recht op sexuell Loscht zougestane kritt, gläichzäiteg och den Objet vun der Loscht vun aneren ass a sech doduerch ugräifbar mécht.

De Realisateur Koji Fukada verleet de Spectateur zu Interpretatiounen, déi net onbedéngt der Realitéit entspriechen an eigentlech nëmmen deem seng Virurteeler entlarven. Dat mécht de Fukuda op eng ganz subtil Aart a Weis. En absolut kuckenswäerte Film.