Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Hope Gap": eng Filmkritik

Hope Gap

"Hope Gap": eng Filmkritik

Wat verbënnt d'Schauspiller Annette Bening, Bill Nighy a Josh O'Connor? Si sinn net just um groussen Ecran beléift, mee och op Theaterbünen. De perfekten Trio fir de William Nicholson. Den engleschen Auteur a Metteur-en-scène wollt nämlech en eegenen Theatertext aus den 1980er filmesch ëmsetzen. D'Resultat sollt bei eis Mëtt Mäerz ulafen; wéinst dem Confinement ass dat op September verréckelt ginn. D'Kerstin Thalau iwwer "Hope Gap".

auto_stories

3 min

D'Grace an den Edward sinn op der dernière Ligne droite virun hirem 29. Hochzäitsdag. Fir d'Grace ass d'Sich nom Gléck, also dagdeeglech konstruktiv Ausenanersetzungen an der Koppel, schonn d'Gléck. Den Edward kann domat ëmmer manner ëmgoen, fäert instinktiv, all Moment bei der Grace bäizelafen, net deem Mann ze entspriechen, dee si sech gewënscht huet, dee si awer versicht aus him ze maachen. Dat huet hien awer ni op déi englesch Tapéit, un der englescher Südküst zu Seaford, bruecht. Et ass ëm einfach ëmsou méi bewosst ginn, wéi hien d'Angela, d'Mamm vun engem vu senge Lycée-Schüler, kennegeléiert huet, an tëschent hinnen zimmlech séier zimmlech alles wéi selbstverständlech gelaf ass.
Op engem Weekend, wou de gemeinsamen erwuessene Fils si besicht - den Edward hat hien iwwer Telefon quasi dozou iwwerriet, well d'Grace zimmlech verlaangert hat - kënnt - och esouguer fir den Edward - onerwaart de Moment, wou hien d'Bomm platze léisst, allerdéngs op seng Manéier: kee Wuert ze vill, oder ze haart, a wou hien da schonn dobäi ass, péckt hien direkt seng siwe Saachen a geet. Kann een eng Decisioun fir Zwee huelen?
No esouvill Joren net fir eppes Gemeinsames kämpfen, mee einfach opginn? Fir d'Grace geet dat guer net, an awer ka si guer näischt dogéint maachen. Och net géint hire Gefillschaos, do kann de Wee laanscht d'Küst nach esou schéi sinn.
"Hope Gap" nennt e sech, erënnert sech hire Fils. Wann Zwee sech streiden, freet sech deen Drëtten? Nee, hien ass deen, deen am Onglécklechsten de Buedem ënner de Féiss verléiert. No enger onerfëllter Léift ass hien am Konflikt mat sech selwer, well hie realiséiert, datt d'Ierwe vu senger Mamm, gemixt mat deem vu sengem Papp, a sengem Kapp an a sengem Kierper fir hie kee Sënn ergëtt. An awer wëllt hien no bei senger Mamm sinn, hir bäistoen: zwee Aen zoudrécken, wéi si sech e Mupp uschaaft, dee si Eddie nennt a ronderëm kommandéiert. Wat den Hond iwweregens begeeschtert matmécht.
D'Schauspiller Annette Bening a Bill Nighy ware fir d'éischt emol jorelaang gefeiert Theaterschauspiller, éier d'Annette Bening am Milos Forman sengem "Valmont" oder dem Sam Mendes sengem "American Beauty" an de Bill Nighy am "Love Actually" oder "Hitchhiker's Guide through de Galaxy" fir grousse Kino gesuergt hunn. D'Grace an den Edward ware fir si fonntent Friessen. Si ginn an dësen, dach theatralesche Personnagen op. Am Text vum William Nicholson, deen och de Realisateur vum Film ass, dee sech awer tatsächlech éischter als Dréibuchauteur, vu "Gladiator" zum Beispill, en Numm gemaach huet.
"Hope Gap" ass autobiografesch, den Nicholson war an der Zäit den debosseléierte Fils. Eng Roll, déi den 30 Joer ale Josh O'Connor iwwerholl huet, dee bei eis rezent mam Film "God's Own Country" säin Duerchbroch hat. E Winning Team deemno fir de Projet "Hope Gap". An awer bleift ee streckeweis baussen, huet een d'Gefill, do hätt e Realisateur eng Aart Selbsttherapie versicht. Well fir déi grouss Conclusioun: "dat do ass scho Ville geschitt, domat ass deen Eenzelen net eleng" brauch een net mat iwwer den "Hope Gap" ze pilgeren.