Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All Geschicht zielt

Home Sweet Home

All Geschicht zielt

"Home Sweet Home" huet den 12. Abrëll Première am Mierscher Kulturhaus. D’Stéck ass Deel vum Flüchtlingsprojet "Widesight Project" a soll den Austausch mat Flüchtlingen duerch eng kënschtleresch an artistesch Zesummenaarbecht encouragéieren. D’Charlotte Wirth war bei enger Prouf derbäi.

auto_stories

4 min

(©Jeanine Unsen)

E Grupp Leit steet op der Bühn. D’Gesiichter gesäit een net. Se hu wäiss Masken un, a Kaputzen. Se wierke schei, verluer, ouni Orientéierung a geschwächt. Gläichzäiteg gesinn se duerch hier Mask bedreelech aus. Et ass eng anonym Masse. Se fäerten, mee duerch hier Maske fäert een si och.

Et si Réfugiéen, déi an der Friemt ukomm sinn, an engem Land dat se net kennen an an deem alles friem ass, d’Mënschen, d’ Kultur, d’ Sprooch. Op der Bühn hunn se duerch hier Mask kee Gesiicht. "Et gëtt ëmmer vu Flüchtlinge geschwat. A well mir der ganz vill kenne geléiert hunn, huet eis dat iergendwann gestéiert, well dat si jo Leit sinn déi een Numm hunn, an eng Geschicht", erkläert d’Milla Trausch. D’Kënschtlerin huet d’Stéck zesumme mat der däitscher Schauspillerin Jennifer Schecker op d’Bee gestallt.

Zu Lëtzebuerg ukommen

D’Milla Trausch hat scho méi laang wëlles e Projet zesumme mat Réfugiéen an d’Liewen ze ruffen. Am Februar wier d’Iddi zum Stéck "Home Sweet Home" entstanen, esou d’ Kënschtlerin. Dëst nodeem d’Milla Trausch d’Buch “Dans la mer, il y a des crocodiles” vum Fabio Geda gelies huet. Et ass d’Geschicht vun engem Jonken, deen alleng aus Afghanistan fort geet fir eng sécher Zukunft an Europa ze hunn.

​"Home ​Sweet Home" erzielt d’Geschicht vu Flüchtlingen, déi zu Lëtzebuerg ukommen. Dem Milla Trausch war et wichteg d’Réfugiéen aktiv um Stéck deelhuelen ze loossen. Et sollt kee Stéck nëmmen iwwert d’Flüchtlinge sinn, mee eent mat hinnen: "Mir hunn nogelauschtert." An dorausser hätte sech d'Themen erginn. Zum Beispill d'Thema vun der Trennung, vum eegene Land a vun der Famill. D'Fro ëm déi et dobäi geet: Wat bedeit et fir ee Mënsch, wann e sech op eng onsécher Rees muss maachen an eng ongewëss Zukunft?

D'Stéck riicht sech esouwuel u Réfugiéë wéi u Residanten - se solle sech d’Stéck zesummen ukucken. A fir dass d’Geschicht fir jiddereen accessibel ass an d’Sprooch keng Barrière duerstellt, setzt d'Stéck op eng visuell Sprooch, op Beweegungen an op d'Musek.

Nach méi Iddien

 

Aus der Zesummenaarbecht mat de Réfugiéë wiere Frëndschaften entstane, seet d’Milla Trausch. Och fir d’Kënschtler op der Bühn,d’Jennifer Schecker, d’Beate Wolff, d’Catherine Elsen, den Tuan Ly an de Marco Nanetti war d’Zesummenaarbecht mat de Flüchtlingen immens positiv. De Marco Nanetti huet betount dass de Projet de Réfugiéen eng Plattform gebueden huet fir sech anzebréngen. An der Zäit wou se net dierfte schaffen, wéissten d'Flüchtlingen dacks net wat maachen a wiere frou, wa se hir Energie an eppes Sënnvolles kéinten investéieren. 

​Mat "Home Sweet Home" geet d’Zesummenaarbecht mat de Réfugiéen awer net op en Enn. D’Stéck ass nëmmen den éischten Deel vum "Widesight Project". D’Atelieren an de Foyeren gi weider an et si nach méi Spektakele geplangt: Am Juni soll zum Beispill eng Opféierung an de Rotonde sinn déi Lëtzebuerger Schüler zesumme mat Réfugiéen op d’Bee gestallt hunn.