Radioen

On air

De Weekend  |  Calexico / Iron & Wine - Father Mountain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hiren Numm ass Krystyna Dul, net "dull"

Installatioun

Hiren Numm ass Krystyna Dul, net "dull"



D'Krystyna Dul war schockéiert iwwer d'Zuel vun den #metoo-Temoignagen, net just vu Bekanntheeten, mee och bei hire perséinleche Connaissancen. Op der 5. Triennale jeune création presentéiert si elo déi schwaarzw-wäiss Stommfilm-Installatioun #youtoo.

auto_stories

3 min

Der Krystyna Dul hir Sujete sinn déi mënschlech Natur, Tabusujeten, verdrängte Wënsch. Ursprénglech hat si sciences politiques a Polen studéiert, mee séier verstanen, datt een an der Politik ënner risegem Drock steet an net fräi schaffe kann. Iwwer e Journalismus- a Kommunikatiouns-Studium ass si du bei der Fotografie an der visueller Konscht gelant. Wou si endlech d'Gefill huet, d'Saache konstruktiv ugoen ze kënnen, well si net, wéi an der Politik, vun uewen erof schafft, ma vun ënnen, mat der Gesellschaft zesummen, erop.

Bei dëser Installatioun geet et der Krystyna Dul drëms, méi Sensibilitéit ze schafen, wat sexuelle Mëssbrauch ugeet, Perspektiven dovunner beliichten, un déi een heefeg net denkt. Si wëll och eis Manéier, wéi mi driwwer denken a Fro stellen.

Negativ Energie afänken

3 Ecranen op Aenhéicht, 3 Stommfilmer a Schwaarz-Wäiss. Deen éischte weist en A, deen zweeten e Mond, deen drëtten Hänn. D'Krystyna Dul huet Affer vu sexueller Gewalt interviewt an iwwerdeems gefilmt, awer de Visiteur vun der Expo héiert net en Temoignage a Wierder, mee a Gesten.

Zäiteweis wäert e sech verluer oder onwuel fillen, well e jo net versteet, firwat aus dem A Tréinen d'Baken eroflafen. Mee dat ass gewollt: jidderee soll säi Choix treffen, esou d'Krystyna Dul, sech Zäit huelen, nodenken, sech sensibel weisen oder awer ewechkucken, d'Aen virum Sujet verschléissen, fortgoen: "Mat der Kamera hunn ech deemno versicht, déi negativ Energie, déi sech iergendwou am Kierper verstoppt, an déi sech op eemol an Expressiounen ausdréckt, respektiv carrément entluet, anzefänken."

Dee Visiteur, dee fortleeft, trëppelt och dat mat Féiss, wat um Buedem ze liesen ass: D'Krystyna Dul huet net komplett op Text verzicht, eenzel Interviewsätz ginn op de Buedem projezéiert. Also awer e bësse wéi an engem Stommfilm vu fréier. Mee d'Rou, de Silence, am Raum war wichteg, suergt fir eng gewëss Keelt.

D'Triennale steet ënner dem Motto "Brave New World Order". D'Relatioun tëscht "New order" an #metoo? Fir d'Krystyna Dul:

"Do kommen elo endlech gesellschaftlech Changementer. Wat mir méi iwwer d'Monster "sexuelle Mëssbrauch" schwätzen, wat mir et ëmmer méi kleng kréien, méi schwaach maachen. Näischt soe fiddert seng Energie. Da wiisst et a gëtt nach méi béis. Wann awer geschwat gëtt, ginn d'Saache méi kloer, iwwerdenkt ee säin Handelen."

Roserei iwwer d'Situatioun, sech onmächteg fillen: Gefillszoustänn, déi d'Krystyna Dul virun der kënschtlerescher Beschäftegung mat hirem youtoo-Projet matgeholl hunn, ma duerch déi si och 2020 als fräischaffend Kënschtlerin gaangen ass, ier et si eng ganz aner Zort vun New World Order erlieft huet: d'Gebuert vun hirer Duechter.