Livestream Gliddeg aus der Pan #3: Bady Minck an Ian De Toffoli

"Dat muss gliddeg aus der Pan kommen", sou hunn an der Zäit déi populär lëtzebuergesch Schauspiller gesot, wa se den Text net sou ganz geléiert haten. Gliddeg aus der Pan, also ouni vill ze prouwen, an der Aktioun, am Moment, ongeplangt an onzenséiert.

Gliddeg aus der Pan #3

"Dat muss gliddeg aus der Pan kommen", sou hunn an der Zäit déi populär lëtzebuergesch Schauspiller gesot, wa se den Text net sou ganz geléiert haten. Gliddeg aus der Pan, also ouni vill ze prouwen, an der Aktioun, am Moment, ongeplangt an onzenséiert. Sou soll et och an dëser Sendung hiergoen: Zwee Leit aus Konscht & Kultur ginn als Gäscht agelueden a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech sëtze wäert hunn. Si wëssen och net wat de Programm vun der Sendung ass, a mir, éierlech gesot, och net. Si ginn eng Stonn laang an de Studio agespaart a musse sech de Programm live aus de Fangere suckelen, gliddeg aus der Pan, eben.

An der Regie sëtzt de Kënschtler Serge Tonnar, bekannt fir seng Diplomatie a politesch Korrektheet, an intervenéiert fir dass näischt ubrennt.

Am Studio: d'Bady Minck an den Ian De Toffoli.

Gliddeg aus der Pan: Eng Zesummenaarbecht vum radio 100,7 an dem Kulturkanal.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen