Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gliddeg aus der Pan

Nei Sendung

Gliddeg aus der Pan

"Dat muss gliddeg aus der Pan kommen", esou hunn an der Zäit déi populär lëtzebuergesch Schauspiller gesot, wa si den Text net esou ganz geléiert haten. Gliddeg aus der Pan, also ouni vill ze prouwen, an der Aktioun, am Moment, ongeplangt an onzenséiert.

auto_stories

1 min

Esou soll et och an dëser Sendung hiergoen, coproduzéiert vum KUK an dem radio 100,7. Zwee Leit aus Konscht & Kultur ginn als Gäscht agelueden a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech wäert sëtzen hunn. Kee vun hinne weess, wat de Programm vun der Sendung ass, a mir och net. Si ginn eng Stonn laang an de Studio agespaart a musse sech de Programm live aus de Fangere suckelen, gliddeg aus der Pan eben.

An der éischter Episod waren déi jonk Rapperin Nicool an de Marco Lorenzini, Lëtzebuerger Theater- a Filmschauspiller, eis Invitéen.