Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschlechterrolle spilleresch a Fro stellen

Festival

Geschlechterrolle spilleresch a Fro stellen

Vun e Freide bis e Sonnde fënnt zu Esch déi 3. Editioun vum Queer Little Lies-Festival statt, organiséiert vum Kollektiv Independent Little Lies.

auto_stories

4 min

Wann ee sech de Programm vun dësem Joer ukuckt, da fält engem op, datt en e bëssen aneschtes ass, wéi bei den Editioune virdrun, wat och eppes mat deem neie Lieu ze dinn huet, an deem de Festival stattfënnt.

Aus dem Escher Theater plënnert de Queer Little Lies-Festival nämlech an de Bâtiment 4, en Tiers-Lieu Culturel, dee sech wuel manner fir grouss Spektakelen eegent, dofir awer fir Atelieren a Workshops, déi den Accent op d'Begéinung an den Austausch a méi klengem Kader leeën.

Manner spektakulär also, dofir ofwiesslungsräich a ludique soll de Programm sinn: Gebuede gëtt zum Beispill e Boygroup-Workshop mat uschléissender Drag King-Show, awer och e Flamenco-Atelier, Queer Yoga, an zum Ofschloss eng Conférence théâtralisée iwwer d'Bedeitung vum Wuert "Queer".

An der Haut vun Howie, Justin a Co

Wie schonn ëmmer emol dovunner gedreemt huet, Deel vun enger Boyband ze sinn, dee kritt d'Méiglechkeet, sech Samschdes, de 26. November am "She's the man"-Workshop vun der Kölner Gender- a Mediepädagogin Stephanie Weber auszeprobéieren.

Een Dag laang kann ee sech wéi de Gary, Howie, Justin a Co fillen. Owes, am Kader vun der uschléissender Drag King-Show, kréien dann zwee Boybands d'Méiglechkeet, géinteneen ze battelen. Gesangstalent brauch ee keent matzebréngen - d'Lidder gi mat Playback performt -, dofir awer eng Auswiel u Kleeder an eng kleng Playlist mat senge léifste Boyband-Klassiker.

Firwat da grad Boybands? D'Stephanie Weber war fréier selwer e Fan vun de Backstreet Boys a si fënnt, datt dës gecast Gruppen, deen hir Zesummesetzung explizitt op d'Zilgrupp vu jonke Meedercher ausgeriicht ass, e besonnesch gutt Studienobjekt sinn.

Kann een da wierklech Stereotyppen a Fro stellen, an deem ee Stereotyppe verkierpert? Jo, mengt d'Stephanie Weber, well ebe grad duerch déi Iwwerzeechnung Problemer an der Duerstellung siichtbar gemaach ginn.

"Es geht um die Konstruktion von Männlichkeit, die ganz praktisch dargestellt wird. Häufig lösen Genderthemen Unbehagen aus, aber im Endeffekt ist die Auseinandersetzung mit Gender etwas ganz Befreiendes, weil wir die Dinge hinterfragen und Handlungsspielräume eröffnen. Das ist zum Beispiel mein Interesse, dass die Teilnehmenden einfach tun, ohne es geschlechtlich zuzuordnen. Weil da sollten wir irgendwann mal hinkommen, dass es keine geschlechtlichen Begrenzungen mehr gibt. Denn wer macht die? Woher haben wir denn eine bestimmte Vorstellung, was wir geschlechtlich einordnen? Das gilt es, das zu hinterfragen, und das können wir natürlich auch spielerisch tun."

D'Stephanie Weber entwërft hei eng Zukunftsvisioun vun enger Gesellschaft an där et keng geschlechtlech Begrenzunge méi ginn, well net kloer ass, wien déi Begrenzungen definéiert -domat ginn eben och Muechtverhältnisser a Fro gestallt.

Datt net jiddwereen déi Visioun deelt, gesäit een ëmmer erëm, op ganz tragesch Manéier wéi déi lescht Woch am Colorado, awer och duerch d'Diskussioun ronderëm de "One-Love"-Bändchen op der Weltmeeschterschaft. Et schéngt, wéi wann et géif eng Dynamik ginn, an där een Deel vun der Gesellschaft oppen ass fir Verännerung, wärend en aneren Deel sech ëmmer méi verspäert.

D'Sandy Artuso vum Kollektiv Independent Little Lies gesäit déi Dynamik änlech:

"Dat ass leider den Effekt deen dann antrëtt, wa verschidde Populatioune méi an de Virdergrond däerfe kommen, dann entsteet op der anerer Säit Géigewand. Hei zu Lëtzebuerg si mer méi protegéiert, menge mer, mee et ass awer e Géigewand ze spieren. Dat ass bei eisen Nopeschlänner nach méi evident. Dat fänkt anti-feministesch an anti-gender un, a geet da ganz séier an all aner Anti-Formen eran. Déi hunn dat gemeinsam, datt se hir Realitéit kontestéiert ginn, woubäi op der anerer Säit keen hinnen eppes wëll ewechhuelen. Engersäits kënne mer vun enger méi héijer Visibilitéit profitéieren - et féiert awer och dozou, datt et anerer méi antagoniséiert, leider."

Hofft een dann och déi Leit ze erreechen, déi keng Bezéiung, respektiv keng Loscht op dat Thema hunn?

"Dat ass d'Hoffnung", sou d'Sandy Artuso. "Et war eis ëmmer scho wichteg, eng Plattform ze bidde fir Artisten, déi soss villäicht méi Schwieregkeeten hu fir gebucht ze ginn, mee awer och fir de Leit hei Spektakelen ze weisen, déi se soss net kënne kenne léieren. Fir d'Leit aus de Communities, awer net just. Mir haten den Androck am Escher Theater, datt dat relativ gutt geklappt huet. Dëst Joer setze mer drop, datt mer am Bâtiment 4 nei Noperen hunn, déi dann och hire Publik matbréngen a Saachen entdecke kommen.

An d'Gespréich kommen

Begéinung an Austausch stinn also am Zentrum vum Queer Little Lies-Festival vun dësem Joer, an dat op ganz verschidde Manéieren, beim Feieren awer och a rouege Momenter, wéi beim Queer Yoga.

Agelaut gëtt de Queer Little Lies-Festival haut, e Freiden den Owend, mat enger Liesung, déi an der Escher Bibliothéik stattfënnt, mat der kanadescher Trans-Schrëftstellerin Sophie Labelle.

All Informatioune fënnt een um Site www.queerlittlelies.lu - do huet een och d'Méiglechkeet, sech fir déi verschiddene Workshops anzeschreiwen.