Radioen

On air

Notturno  |  Ellen Arkbro & Johan Graden - Temple

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gefillsvoll a rabiat

Nei am Kino

Gefillsvoll a rabiat

Eng Rentnerkoppel wëll d'Enkelkand virum geféierleche Stéifpapp retten. ''Let him go'' vum Amerikaner Thomas Bezucha ass en zolitten Neo Western Drama mam Duo Diane Lane a Kevin Costner an den Haaptrollen.

auto_stories

3 min

Am US-Staat Montana, Uganks den 1960er Joren. D'Margaret (Diane Lane) an den George (Kevin Costner) sinn eng Koppel vu jonke Rentner, där hire Bouf déidlech verongléckt ass. Hien hannerléisst eng Wittfra, déi sech doropshi mat engem Anere bestit. En aggressive Mann, wéi sech erausstellt, dee souwuel seng Fra wéi och säi klengt Stéifkand schléit.

D'Margaret mécht sech Suergen ëm hiert Enkelkand, ëmsou méi déi dräi vun engem Dag op deen anere plënneren ouni Bescheed ze soen. D'Margaret kritt hire Mann George iwwerriet, mat eriwwer an den Nopeschstaat North Dakota ze fueren, wou d'Koppel sech allerdéngs mat der Famill vum aggressive Mann muss uleeën.

Typesch Elementer vum Western

De Showdown mat Gewalt, op deen d'Handlung fatalerweis histeiert, ass eng fir de Western typesch Erzielstruktur. An och soss fënnt een am Thomas Bezucha sengem Drama ''Let him go'' vill Elementer, duerch déi de Film sech an de Genre vum Neo Western aklasséiere léisst. Nieft den obligatoresche Päerd an de spektakulären Naturlandschaften ass et virun allem d'schwaarz-wäiss-Molerei bei der Charakteriséierung vun de Personnagen, respektiv der klorer Opdeelung vun de Rollen tëschent Gudden a Béisen : dat ass net weider schlëmm, well et am Western an der Reegel keng Plaz fir moralesch Ambiguitéite gëtt.

D'Rentner-Koppel fillt sech deemno an hirem gudde Rescht, wa se hiert Enkelkand inklusiv der Mamm aus der quasi Gefaangenschaft vun der Famill vum Mann wëlle befreien. Eng besonnesch zéi Band, ugefouert vun enger Matriarchin (Lesley Manville), déi Waarm a Kal gewinnt ass an zu allem bereet fir hir Borschte viru Friemen ze beschützen. Bei hir beschränke sech d'Mammegefiller op den enke Familljeclan.

Déi selwecht Mentalitéit herrscht iwwregens um Niveau vun den Autoritéiten : am Fall vun engem Konflikt mat der Lokalpopulatioun däerf ee sech vum Sheriff net all ze vill erwaarden.

Gläichberechtegt Koppel

Méi nuancéiert an allgemeng méi interessant ass dofir d'Heldekoppel gezeechent. Mann a Fra gi prinzipiell gläichberechtegt duerch d'Liewen, woubäi et d'Fra ass, déi hei d'Initiative ergräift. Engersäits hu mer also deen éischter méi zeréckhalenden a rouegen George, deen awer agräift wann et muss sinn ; anerersäits d'Margaret, déi fréier emol wëll Päerd gezillt huet a méi ewéi eemol hire Courage ënner Beweis stellt.

D'Thema vum Deuil zitt sech duerch de ganze Film an dreift d'Haaptpersonnagen iwwerhaapt emol un. Fangere vun enger Hand, déi mat enger Axt ofgehackt ginn : domat gëtt de Verloscht vun engem Kand op eng drastesch Aart a Weis zum Ausdrock bruecht. Nom Doud vun hirem eenzege Jong transferéiert d'Koppel hir Léift op d'Enkelkand, deelweis och op e jonken einsame Cowboy. Och hie muss eng Form vun Deuil verschaffen : de jonke Mann gouf als Kand vu sengem Indianerstamm lassgerappt an zwangs-assimiléiert.

''Let him go'' ass en zolitten Neo Western, gläichzäiteg gefillsvoll a rabiat. Ënnert anerem bitt de Film d'Geleeënheet, zënter méi laangem erëm d'Diane Lane an de Kevin Costner an Haaptrollen ze gesinn. Zwee Acteuren, déi vum Liewe gezeechent sinn - am gudde Sënn vum Wuert : béid Prestatioune loosse sech weisen.