Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Obongjayar - Sugar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Dier an d'Literaturarchiv

Fundstücke/Trouvailles

Eng Dier an d'Literaturarchiv

Wat hunn der Josée Ensch hir Schlësselen, e Soutien aus dem Archiv vum Georges Hausemer a Lëtzebuerger Krimien, an deenen et ëm Natur geet, mateneen ze doen? All dës Objeten an Theme fënnt een a "Fundstücke/Trouvailles" erëm. An deem neie Buch huet d'Lëtzebuerger Literaturarchiv seng Aarbecht vun de leschten zwee Joer dokumentéiert.

auto_stories

2 min

(© Archives CNL)

Déi zweet Editioun vun "Fundstücke/Trouvailles" ass méi voluminéis, ewéi dat éischt Buch an deem d'Joeren 2012/2013 dokumentéiert goufen. Dat kënnt engersäits dohier, datt an de Joren 2014/2015 méi Archivmaterial am CNL ogeschafft gouf, erkläert den Direkter vum Lëtzebuerger Literaturarchiv Claude Conter. Mee besonnesch géif méi iwwer d'Literatur hei am Land gefuerscht ginn, wat sech am Buch erëm spigelt.

De CNL gëtt d'Buch eraus, de Krees vu Contributeuren ass awer méi grouss. De Claude Conter nennt Kritiker, Wësseschaftler vun der Uni Lëtzebuerg an aus dem Ausland, oder och jonk Literaturstudenten. An et hätt een och mat deenen zesumme geschafft, déi d'Luxemburgistik "begrënnt" hätten: D'Generatioun vum Germaine Goetzinger, Frank Wilhelm, Gast Mannes a Roger Müller.

Am éischte Kapitel vum Recueil fënnt de Lieser bis ewell net verëffentlecht Texter, déi zimlëch frësch aus der Fieder vun den Auteure kommen. Dann huet de CNL och 16 Texter an Optrag ginn, fir un de Roger Manderscheid z'erënneren, deen 2010 gestuerwen ass.

Sammelsurium

Den Zilpublikum ass breet gefächert, grad wéi de Contenu an d'Sproochen. D'Buch ass mat senge knapp 400 Säiten keent waat ee misst vu vir bis hannen duerchknaen. Nom Prinzip "Ipp dipp dapp" kann een einfach eng Säit opschloen, an dann deen Artikel, déi Textcreatioun oder Explikatiounen iwwer den "Objet vum Mount" liesen.

"Fundstücke/Trouvailles" ass e Sammelsurium, dee Loscht soll maachen op méi: Méi lëtzebuerger Literatur, méi Fuerschung iwwer Literatur, méi Abléck an d'Archiven, an dat wat schonn emol zu Lëtzebuerg geschriwwe gouf. Eigentlech kéint een och soen, dass de CNL jidderengem mat dëser Aarbecht eng Dier an de Lëtzebuerger Literaturarchiv opmécht, an invitéiert och an dee Fundus eranzekucken dee soss fir de Public nët permanent op steet.

Eng Schatzkëscht fir Literatur z'entdecken

D'Texter wieren an engem accessibele Stil geschriwwen, fir méiglechst ville Leit den Inhalt nozebréngen, betount de Claude Conter. An d'Entdeckungen ginn net exklusiv iwwer d'geschriwwent Wuert: Och Fotoen, Bréiwer, Biller, Zeechnungen spigelen dat erëm wat d'Literaturarchiv ze bidden huet.

All dës Aarbecht soll wie gesot net bannent de Maueren vum CNL bleiwen, mee de Recueil wier eng "Schatzkëscht", déi ee weider bei déi eigentlech Literatur soll féieren, hofft de Claude Conter.

De CNL wëll elo Mol derbäi bleiwen, all zwee Joer seng "Trouvaillen" eraus ze ginn. Dat well de redaktionellen a finanziellen Opwand ze grouss wier, fir en Annuaire draus ze maaachen, esou de Claude Conter. Mee nom drëtte Band, dee schonn an der Maach ass, kéint ee vläit doriwwer nodenken. Material ass op alle Fall genuch do.