Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Boucq & Jerome Charyn - New York Cannibals

Gezeechent

François Boucq & Jerome Charyn - New York Cannibals

En däischter Affär an enger bonter Stad an zeechneresch ass d'BD grousse Kino, en opulent Wierk, dat een op all Säit beandrockt. Eng BD mat engem dynameschen, detailléierten a wibbelege Stil.

auto_stories

2 min

"New York Cannibals" ass en Thriller, deen 1991 zu New York spillt. De Paul (oder Pavel) ass e russeschen Tattoo-Kënschtler, dee laang Zäit an engem Gulag war an elo fir d'Police Phantom-Biller zeechent. Seng erwuessen Adoptivduechter, d'Tanaka, ass eng Polizistin a Bodybuilderin mat japanesche Wuerzelen.

Extravagant a memorabel Figuren

D'Geschicht fänkt domat un, datt d'Tanaka selwer e Kand adoptéiert, an zwar e Bëbee, deen et einfach esou an enger Säitestrooss fënnt. Do stécht natierlech méi derhannert, an d'BD iwwerschléit sech mat weideren Handlungselementer a Rätselen, déi et no an no aféiert: eng mysteriéis Regierungsagence, al Bekannter aus dem Gulag, en Zouhälter, dee mat Bëbeeën handelt, etc.

Um Schluss hänkt natierlech alles iergendwéi zesummen, mee ouni Thrillerklischeeën a wéineg plausibelen Entwécklunge kënnt "New York Cannibals" net aus. D'Stäerkt vun der BD läit éischter an den extravaganten a memorabele Figuren. Och d'New York, dat hei gewise gëtt, den ethnesch gemëschte Quartier Washington Heights an eng onbekannte Welt vun Outsider-Communautéiten ënner der Stad, huet seng Attraktiounen.

E wibbelege Stil

Si gi wonnerbar agefaange vum François Boucq sengem dynameschen, detailléierten a wibbelege Stil. Esou kann ee sech op de Säiten an an der Atmosphär vun New York verléieren, déi zum groussen Deel de waarme Faarwe vun der Koloratioun ze verdanken ass. De klasseschen Decoupage suergt par konter dofir, datt d'Actionzeenen déi néideg Rasanz hunn.

Sécherlech kéint "New York Cannibals" heiansdo e Gang erofschalten an op Verschiddenes verzichten. Mee de Paul an d'Tanaka si staark Personnagen, déi d'Geschicht droen, an zeechneresch ass d'BD grousse Kino, en opulent Wierk, dat een op all Säit beandrockt.