Archeologie Fouillen ënner dem Helleg Geescht

Zanter e puer Méint lafen ënner dem Helleg Geescht-Plateau erëm d'Aarbechten, fir d'Iwwerreschter vum fréiere Klouschter fräizeleeën. Bis Enn 2024 soll d'archeologesch Krypta dem Public zougänglech gemaach ginn. Reportage.

Michel Delage

Crypta Helleg Geescht.jpg
De pavéierte Foussbuedem aus dem 16. Joerhonnert ass schéin erhalen

Wéinst dem Schantje vun der Cité judiciaire war de Site viru gutt zwanzeg Joer mat Sand zougeschott ginn. Am Virfeld hate Sondagë gewisen, datt nawell vill Elementer vum fréiere Klouschter ënner dem Helleg Geescht-Plateau erhale bliwwe sinn, dat obschonns dat reliéist Gebai 1770 zerstéiert gi war.

Allerdéngs hat sech Lëtzebuerg géigeniwwer der UNESCO engagéiert, de Site ze valoriséieren. No enger politescher Decisioun d'lescht Joer konnten d'Aarbechten um archeologesche Site, déi am Sand verlaf waren, also nees weidergefouert ginn.

Passerelle a multimedial Presentatioun geplangt

Zanter Mee dëst Joer gëtt de Sand erausgeholl. D'Strukture vum fréiere Klouschter gi fräigeluecht. An um Enn soll de Site dem Public zougänglech gemaach ginn: mat enger Passerelle an enger multimedialer Presentatioun. Mëtt bis Enn 2024 soll den archeologesche Site opgemaach ginn.

Um Wierk sinn den Institut national pour le patrimoine national (INPA), den Institut national de recherche archéologique (INRA), den Architektebüro Teisen-Giesler an en Zeenograph, deen nach iwwer Ausschreiwung muss ermëttelt ginn.

D'Strukture vun der fréierer Kierch sinn och visibel

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Ben Thuy
Sot Emol

Wisou ginn et keng Mammute méi? War de Neandertaler wierklech an enger Sakgaass vun der Evolutioun? De Ben Thuy erfuerscht dës Froen als Paleontolog a sengem Alldag.

Ben Thuy
Am Gespréich

Bei enger Fouille op engem Chantier op der Cloche d'Or gouf d'Fossilie vun engem Ichtyosaurus fonnt. Dësen Temnodonotsaurus huet viru ronn 190 Millioune Jore gelieft, weltwäit gouf bis ewell een Exemplaire fonnt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen