Food For Your Senses 2015 ass annuléiert

Dëst Joer wäert kee “Food For Your Senses” sinn, well kee Site fonnt gouf. Nodeems d’asbl, déi de Festival zanter 10 Joer organiséiert, dräi Opriff lancéiert hat fir een neien Terrain ze fannen, gouf elo d’Decisioun geholl fir d’Editioun 2015 z’annuléieren. Detailer iwwer d’Entscheedung an d’Konsequenze fir d’Zukunft vun der Manifestatioun ginn e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz matgedeelt.

De Food For Your Senses, dee vum 24. bis de 26. Juli sollt iwwer d’Bühn goen, ass dee gréisste Festival zu Lëtzebuerg fir alternativ Musek a Konscht. D’lescht Joer waren op deenen 3 Deeg all Kéiers iwwer 4.000 Visiteure gezielt ginn. Ënnert de Museksgruppen, déi schonn annoncéiert waren, sinn “Mighty Oaks”, “Birth of Joy” an “Natas Loves You”.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen