Flüchtlingen: D'Gemenge mobiliséiere sech
De Gemengesyndikat Syvicol hofft, datt d’Regierung d’Gemengen an Zukunft nach méi staark bei der Opnam vu Flüchtlingen ënnerstëtzt. D’Gemenge wiere sech hirer Responsabilitéit an der aktueller Situatioun bewosst. Si kéinten d’Erausfuerderungen an de Beräicher Logement, Schoul an Integratioun awer net alleng meeschteren.
[caption id="attachment_9379" align="aligncenter" width="604"] Zu Diddeléng entsteet eng Struktur aus Containeren. Foto: Tessy Steffen-Koenig[/caption]
An enger Rei Gemengen ginn de Moment konkret Projeten fir nei Strukturen fir Réfugiéën ze bauen. Am Quartier Schmelz zu Diddeleng soll zum Beispill Ufanks d’nächst Joer en neie Foyer fir Flüchtlingen opgoen. Et ass e Projet, dee scho méi laang a Planung ass. Op den Terrainen, déi ArcelorMittal gehéieren, entsteet hei eng Struktur aus Containeren, déi vun der Gemeng, dem Olai an dem Roude Kräiz gedroe gëtt.
Virgesi wär eng Struktur fir 60 Leit, déi fir maximal 90 Leit ausgeweit kéint ginn, wa Famille mat Kanner géifen opgeholl ginn, seet de Buergemeeschter vun Diddeleng Dan Biancalana. Bei de Flüchtlinge géif et sech ëm Mënschen handelen, déi an der Opnam-Prozedur wären, déi an der Moyenne zwee Joer géif daueren.
Iwwer déi reng Gebaier eraus, ass hei och en Intregratiounsprojet a Planung. Onkloer ass de Moment awer nach wéi eng Form vun Ënnerstëtzung d’Gemeng Diddeleng kritt. Den Direkter vum OLAI Yves Piron hätt an enger Sitzung vum Gemengerot seng voll Ënnerstëtzung garantéiert, sou de Buergermeeschter. D’Organisatioun vun der Schoul gesäit den Dan Biancalana allerdéngs als manner evident.
Och e Projet zu Beetebuerg
E weideren, ähnleche Projet ass och zu Beetebuerg virgesinn. Zanter zwee Joer schonn ass d'Gemeng dowéinst an Diskussioune mam OLAI, sot eis de Buergermeeschter Laurent Zeimet. En Terrain hannert der Sportshal ass am PAG ëmklasséiert ginn – do soll eng Struktur aus Préfabriquéë fir Asyldemandeure gebaut ginn. "Mir si prett", seet de Laurent Zeimet.
Et géif ee lo op den OLAI waarden. "Ech gi mol dovun aus, datt nom Ufank vun eisen Diskussioune mam OLAI eng Zäit koum, wou den Drock manner grouss war. Firwat et duerno net méi séier virgaang ass, dat kann ech schlecht kommentéieren", sou de Laurent Zeimet weider. Hien hofft elo datt séier déi néideg Décisioune geholl gi fir dee Projet ëmzesetzen.
Och aner Gemenge solle bereet sinn, Terrainen zur Verfügung stellen. Konkret Zuelen dozou well den OLAI awer nach keng erausginn.
Ënnertstëtzung vum Staat
De Gemengesyndikat Syvicol rifft seng Memberen dozou op, weider Solidaritéit mat de Flüchtlingen ze weisen. Obwuel kloer wier, datt d’Gemenge sech hirer Responsabilitéit bewosst wieren. “Ech kenne keng Gemeng, déi keng Flüchtlinge wéilt ophuelen”, seet den Emile Eicher. Allerdéngs fuerdert de Syvicol-President och, datt de Staat d’Gemenge virun allem finanziell bei den Erausfuerderungen ënnerstëtzt.
Niewent der Integratioun an der Scolarisatioun, wier de Logement e grousse Problem. Ëmsou méi, well Flüchtlingen zum Beispill aus Syrien iwwer eng länger Zäit géifen heibleiwen. De Moment géifen och vill Flüchtlingen an Hoteller ënnerkommen. Den Emile Eicher proposéiert, datt de Staat Gemengegebaier kéint iwwerhuelen.
De Syvicol wënscht sech datt op Regierungsniveau e Guichet unique fir Flüchtlingsfroen gegrënnt gëtt. An datt den OLAI personell verstäerkt gëtt.
Beim OLAI selwer krute mir gesot, datt tatsächlech vill Gemengen sech de Moment géife melle fir Hëllef ze proposéieren. “Et kéinten der awer nach méi sinn”, heescht et. Konkret Zuele ginn et net.
Fir weiderzeliesen: de Communiqué vum Syvicol iwwer déi aktuell Flüchtlingssituatioun (10.09.2015)