Fluch oder Seegen?
Och 10 Joer no hirer Ouverture suergt d’Philharmonie um Kierchbierg nach ëmmer fir Diskussiounen. D’Skeptiker gesinn an der Philharmonie de grousse Monopolist, d’Adepte luewen Dynamik an d’Villfältegkeet vum Museksliewen, déi zanterhier neien Driff krut. - Fluch oder Seegen? De Guy Engels mat enger Kulturchronik zu 10 Joer Philharmonie.
Jorzéngte laang ass Lëtzebuerg duerch eng musikalesch Wüst gaangen, huet Honger an Duuscht no Nouten a Kläng gelidden, éier et 2005 endlech an Arkadien ukoum – am Musekstempel, deen de Christian de Portzamparc um Kierchbierg opgeriicht hat. Een Oval vu wäisse Sailen a bannendran een no Shakespearschem Modell gebauten Forum sollte Lëtzebuerg aus der musikalescher Nuecht a paradisesch Zoustänn féieren.
Esou oder ähnlech loossen sech vill Reaktiounen op d’Ouverture vun der Philharmonie sengerzäit resüméieren. Wéi wa Lëtzebuerg virdru musikalescht Broochland gewiescht wier. Dobäi sinn och schonn an deene ville Jorzéngte virdru sämtlech Gréissten aus der Klassik an dem Jazz am Ländche passéiert, gouf et vill äifreg Concertsorganisateuren, déi mat perséinlechem Engagement, mat Häerzblutt d’Musekszeen um Liewen gehalen hunn.
2005 war keen Urknall, mee eng Konsequenz vun eppes, wat 10 Joer éischter passéiert war. 1995 war Lëtzebuerg déi éischte Kéier europäesch Kulturhaaptstad – eng Initiative, déi net nëmmen een neit Kulturbewosstsinn geschafen huet, mee vrun allem d’Erkenntnis, datt mer vun den Infrastrukturen an der Organisatioun hir, deem Bewosstsinn net gerecht ginn. Eng Mahler-Symphonie an engem Zelt spillen, wou d’Ventilateure blosen, ass net onbedéngt internationalen Standard. Och net ee Proufsall fir een ausgewuessene Symphonieorchester, wou et keng passend Raimlechkeeten fir d’Administratioun gëtt an et un elementare sanitären Ariichtunge feelt.
„Pecunia non olet“ – Geld sténkt net, sot schonn de réimesche Keeser Vespasian, wéi en ëffentlech Toiletten zu Roum ageriicht huet. Zu Lëtzebuerg gouf och Geld an d’Hand geholl, fir de Museksbetrib ze professionaliséieren. Zéng Joer no der Aktioun europäesch Kulturstad hat Lëtzebuerg sech dësen Titel och endlech verdéngt.
A wéi ass de Bilan 20 Joer duerno? 10 Joer, nodeems d’Haus op der Place de l’Europe mat Pomp and circumstance, a Präsenz vu gekréinten Häipter seng Dieren opgemaach huet? Reng zueleméisseg ass en op alle Posten positiv: eng enorm Diversitéit vu Veranstaltungen, eng kontinuéierlech Progressioun vun der Zuel vu Visiteuren, eng fest economesch Basis, ee wichtegen, wirtschaftleche Vecteur fir aner Secteuren.
Kulturell gouf eng nei Dynamik ugestouss, een Upassungsprozess, wou munnech Skeptiker sech a senger Positioun confirméiert gesäit: Alles fir d’Philharmonie an näischt méi fir déi daper Kämpfer, déi all déi Jore virdru gesuergt hunn, datt dem Museksliewen d’Loft net ausgeet.
Anerer hu sech ugepasst, hu sech quasi mat-professionaliséiert, fir net d’Schlappen ze verléieren. A wann d’Kulturministesch an der Lescht sämtlech Konventiounen mat Kulturacteuren op de Leescht geholl an nei verhandelt huet, dann ass dat een Zeechen, datt deen Upassungsprozess nach voll amgaangen ass an deem engen oder anere letztendlech gutt gedoen huet.
D’Philharmonie ass haut sécher déi grouss Sonn, ronderëm déi sech alles dréint. Mee an hirem Schied bleiwen nach ëmmer Plazen, wou ë bësse Liicht hifält a wou anert Museksliewe gutt gedeie kann.