Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir d'Charlotte Posenenske war Konscht ëmmer an Aarbecht

Ausstellung

Fir d'Charlotte Posenenske war Konscht ëmmer an Aarbecht

"Work in progress", esou ass der däitscher Kënschtlerin Charlotte Posenenske hir grouss Retrospektiv am Mudam iwwerschriwwen. Allerdéngs net, well d'Molerin a Sculptrice nach um schaffen oder experimentéiere wier - d'Charlotte Posenenske ass 1985 mat nëmme 55 Joer gestuerwen - mee well d'Aarbechten d'Ëffentlechkeet zum Weiderentwéckelen, respektiv participativen Notzen, motivéiere sollen. Am Mudam ass dat just begrenzt méiglech.

auto_stories

4 min

Wéi Zaldote stinn aktuell am groussen Hall vum Mudam eng Aart Schaarschtecher-Kamäiner aus brongem Kartong an enger Rei, zu hire Féiss raschte bosseg Skulpturen aus Blech, déi iergendwéi eppes vu Ventilatiounsréier hunn.

D'Eenzeldeeler dofir zesummegesat huet d'Ekipp vum Mudam. D'Molerin a Sculptrice Charlotte Posenenske huet dës Wierker géint dem Enn vun hirer Kënschtlerkarriär, op hirem Héichpunkt Enn der 1960er, just skizzéiert. D'Elementer dofir huet si a grousser Oplo gënschteg produzéiere gelooss, fir dat traditionellt Konschtwierk duerch en Industrie-Artefakt ze ersetzen, un deem d'Allgemengheet matschrauwen a -baue kéint. Dozou de Curateur vun der Expo, de Clément Minighetti vum Mudam.

"D'Posenenske war vun der Industrie an der Technologie faszinéiert, si hunn d'Ästheetik vun hiren Aarbechte geformt. Fir si war dat keen Universum, deen de Mënsch ecraséiert oder ecartéiert hätt. Déi mënschlech Interaktioun war am Zentrum vun der Kënschtlerin hirem Schafen. Dowéinst hir Wiel fir Kartong, well e méi bëlleg a méi einfach ze manipuléieren ass. Et goung hier net dorëms, impressionant, mee erneierbar Formen ze kreéieren. D'Basiselementer sollten Diversitéit erméiglechen, kee spektakulären Effet. Der Charlotte Posenenske hir Konscht war duerch an duerch demokratesch, an hirer Relatioun zum ëffentleche Raum, an hirer ekonomescher Approche an dem kooperativen Aspekt."

Et gesäit net no Konscht aus

D'Charlotte Posenenske, Joergang 1930, huet als Duechter vun engem jiddesche Papp den Zweete Weltkrich an enger Stopp zu Wiesbaden iwwerlieft. Duerno war si scho mat 15 Joer fir den Hessisches Staatstheater am Beräich Zeenografie aktiv, huet och no hirem Konschtstudium ëmmer nees Bünebiller entworf.

De Gruppenentwécklungsprozess vum Theater a Minimalismus-Ausstellungen, déi si zu New York gesinn huet, hu si nohalteg fir hir eege Konscht markéiert. Villes vun hir gesäit net no Konscht aus, mee ëm dës Irritatioun geet et. An dat huet 50 Joer nom Schafen, iwwer hiren Doud 1985 eraus, bis haut, Succès. D'Directrice vum Mudam Suzanne Cotter.

"D'Charlotte Posenenske huet an den 1950er studéiert, mee huet schonn 1968 ënner d'Konscht e Schlussstréch gezunn. Wärend där kuerzer Zäit war si extrem aktiv an an der Kënschtlerzeen present, zemools an Däitschland. Si war awer och an Amerika bekannt, ënner anerem, well si do mat engem Galerist zesummegeschafft huet, a well si am Echange mat amerikaneschen Artisten, déi an Europa gewise goufen, ausgestallt huet. No 1968 ass si aus eisem Bewosstsinn verschwonnen, vläicht manner an Däitschland, mee dach am Rescht vun der Welt. Mee fir d'dokumenta 12, am Joer 2007, sinn Aarbechte vun hir gewise ginn. A spéitstens zanterhier erlieft hir Konscht eng spektakulär Renaissance, gëtt hir Wichtegkeet nees kloer."

Eng an d'Akaul

Um Héichpunkt vun hirer Karriär, 1968, huet d'Charlotte Posenenske decidéiert, datt et sech fir si mat der Konscht erleedegt hätt. Si wollt net Deel vum Konscht-ekonomeschen Exploitatiounszyklus ginn, huet hir Aarbechten zum Materialkäschtepräis verkaf.

"Obwohl die formale Entwicklung der Kunst in immer schnellerem Tempo weitergegangen ist, ist ihre gesellschaftliche Funktion verkümmert. Es fällt mir schwer, mich damit abzufinden, dass Kunst nichts zur Lösung drängender gesellschaftlicher Probleme beitragen kann", gëtt d'Charlotte Posenenske zitéiert, déi 1968 e Soziologiestudium ugefaangen huet a bis zu hirem Doud an ONGen aktiv war. Eng Ausso, déi fir verschidde Konschtvermëttler en Effet muss hunn, wéi wann d'Kënschtlerin hinnen eng an d'Akaul ginn hätt.

Mee et ass derwäert, sech mat Wierk an och Essaien, am Ganzen, vläicht net op der Sich no Léisungen, mee no Impulser, Denkustéiss, ze beschäftegen. Schued just, datt een an engem Musée natierlech net selwer Hand un der Charlotte Posenenske hir Holzspéinplacken, Blechréier a Wellkartong leeën, mee exklusiv kucken dierf. Doduerch geet e wichtegen Aspekt vun hirer Philosophie dach deels ënner.