Radioen

On air

Notturno  |  Kate NV - Plans

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sprangprëssessioun SF-style

Nei am Kino

Sprangprëssessioun SF-style

De Christopher Nolan, Realisateur vun intellektuell stimulante Blockbusteren, leet mat "Tenet" e weideren originelle Film vir. Dëse Science Fiction-Thriller kënnt awer net u fréier Wierker vun him erun.

auto_stories

4 min

No enger mësslongener CIA-Operatioun zu Kiew fir geklaute Plutonium ze recuperéieren, gëtt den anonymmen Agent ''The Protagonist'' (John David Washington) vun der Geheimorganisatioun ''Tenet'' rekrutéiert. Seng nei Missioun besteet doranner, engem russeschen Trafikant op d'Spuer ze kommen, deen eng ganz besonnesch Zukunftstechnologie kontrolléiert: et ass d'Fäegkeet, Géigestänn uechter d'Zäit ze versetzen.

Dem Agent seng Missioun ass u Wichtegkeet net ze iwwertreffen, well et ëm näischt manner geet ewéi den Drëtte Weltkrich ze verhënneren.

"Intellektuell" Blockbusteren

Dem brittesch-amerikanesche Realisateur Christopher Nolan säin neie Film gëtt schonn zanter laangem als de Blockbuster vum Summer annoncéiert, seng Sortie gouf allerdéngs schonn e puer Mol duerch de Coronavirus no hanne verréckelt. De massive Marketing am Virfeld huet d'Erwaardungen natierlech héich geschrauft.

Den Nolan ass bekannt als den Auteur vun der leschter Batman-Trilogie, virun allem da vun enger Partie aussergewéinleche Filmer, déi de Spectateur duerch d'Komplexitéit vun Handlung an Opbau virun eng intellektuell Erausfuerderung stellen, ouni dofir mussen op spektakuläre Massekino ze verzichten. Dat beschte Beispill ass den zéng Joer alen ''Inception'', e Thriller, deen nom Prinzip ''en Dram am Dram am Dram'' strukturéiert an tëschent deene verschiddenen Niveauen hin an hir gespronge war.

Déi aner Zäitrees

D'Iddi hanner dem Science Fiction-Thriller ''Tenet'' ass déi vum Palindrom, engem Wuert, Saz oder Text, déi sech - genee wéi de Filmtitel - onverännert vu vir no hannen oder vun hannen no vir liese loossen. Déi imaginär Technologie, déi am Mëttelpunkt vum Film steet, erlaabt eng Inversioun vum Gesetz vun der Entropie, no deem all System, all Organismus sech noutgedrongen desorganiséiert an zerfält.

Et ass elo net déi klassesch Zäitmaschinn, mat där ee sech op e bestëmmte Punkt an der Zukunft oder der Vergaangenheet ka versetzen. Villméi geet d'Rees via en Dréipunkt souzesoe Schrëtt fir Schrëtt nees an der Zäit zeréck. Esou kuckt een de Protagoniste vum Film no, wéi se an enger Welt intervenéieren, déi scho vollzunn ass a sech reegelrecht zeréckentwéckelt.

A wann dat net nëmmen e Schëff um Mier ass oder e Villchen um Himmel, mee eng Kläpperei, eng Verfolgungsjuegd op der Autobunn oder e Militärasaz a Sibirien, dat heescht ëmmer méi komplex Handlungen, dann ass dat schonn eng faszinant Experienz, déi fir Desorientéierung suergt a vum Spectateur verlaangt, bei der Staang ze bleiwen. Net alles, wat um Ecran defiléiert, mécht direkt Sënn.

Formell virtuos, net ouni Schéinheetsfeeler

Formell ass dat Ganzt eng Reussite, well et net just e Gimmick, eng Spillerei ass. De ganze Film gëtt konsequent vum Prinzip vum Palindrom bestëmmt, an de permanente Konflikt tëschent d'Beweegungen no vir an no hanne kulminéiert an engem impressionante finale Clash.

Denkt een dës formell Virtuositéit awer elo ewech, da bleift am Fong geholl just e simplisteschen Agentethriller iwwereg, eng Zort James Bond, deen eng Kéier méi d'Welt vun engem machiavellistesche Béise muss befreien.

D'Personnagë sinn op hir respektiv Funktioun reduzéiert: den Haaptprotagonist a säi Kumpan (Robert Pattinson) sinn ewéi Maschinnen, där hiren Humor op dat Néidegst rationéiert ass an déi stuer hir Missioun erfëllen; de Béisen (Kenneth Branagh) ass e Sadist, ewéi en am Buch steet; an do tëschent hu mer deem seng wonnerschéin onschëlleg, well blond Fra (Elizabeth Debicki), déi iergendwéi de Schlëssel zu deem ganzen an der Hand hält, mee an där e manner prüden 007 e bësse méi gesinn hätt ewéi d'Mamm, déi hiert Kand wëllt a Schutz bréngen.

Bei engem méi konventionelle Film géif een dës negativ Aspekter sécherlech net duerchgoe loossen, et si scho méi ewéi just Schéinheetsfeeler. ''Tenet'' bleift awer en iwwerduerchschnëttlecht an originellt Wierk, wéi een se an där Form dach seelen am Kino gesäit. Déi 150 Minutte si spannend, quitt datt déi quasi permanent bombastesch Soundkuliss, déi de Film rhythméiert, e bësse midd ka maachen. De Christopher Nolan kënnt hei net un d'Qualitéit vu sengem ''Inception'' oder dem méi rezenten ''Interstellar'' erun. Trotz allem bleift et e ganz apaarten an interessante Film.