Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Syl Johnson - Don't Do It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng zweet Jugend?

Jiro Taniguchi: Quartier lointain

Eng zweet Jugend?

An der Welt vun de Manga BDe ginn et selbstverständlech och grouss Klassiker. An der Serie Graphic Novel Classics stellt de Jeff Thoss een dovu vir: Quartier lointain vum Jiro Taniguchi.

auto_stories

5 min

Wärend d'Graphic Novel sech an de Nonzegerjoren lues a lues als Form etabléiert an dem Comic zu enger neier gesellschaftlecher Akzeptanz verhollef huet, gouf et gläichzäiteg och e Manga-Boom an Europa a Nordamerika. Dee war um Ufank staark op Titele fir e jonke Public beschränkt. Datt et an dësem Beräich och Wierker fir erwuesse Lieser gëtt, Bicher mat engem soi-disant "literareschen Usproch", ass ënner anerem duerch Iwwersetzunge vum Mangaka Jiro Taniguchi kloer ginn.

Speziell Quartier lointain, dat 2002 an 2003 an zwee Bänn bei Casterman erauskoum, an 2007 als Vertraute Fremde bei Carlsen, huet engem europäesche Public gewisen, datt de Manga och aner, méi roueg a reflektéiert Säiten huet. Déi si quasi d'Spezialitéit vum Taniguchi, deen zwar och Gangstergeschichten illustréiert huet, mee éischter fir seng realistesch an detailléiert Duerstellunge vun Alldagszeenen a Japan bekannt ass.

Situatiounskomik a penibel Momenter

Och Quartier lointain gehéiert hei dozou, woubäi et sech beim Realismus vum dësem Manga ganz kloer em e magesche Realismus handelt: Den Hiroshi, e Mann vu 48 Joer, ass um Wee vun enger Geschäftsrees zeréck bei seng Famill, klëmmt an de falschen Zuch a lant an der Klengstad, wou hien opgewuess ass. Hei besicht e spontan d'Graf vu senger Mamm, schléift an, an erwächt als 14 Joer ale Jong an de fréie Sechzeger Joren.

De erwuessene Mann, deen sech a sengem Teenager-Kierper erëmfënnt, dat kléngt no enger Prämiss vun enger Hollywood-Komedie, mat vill Situatiounskomik a penibele Momenter. Et ass net esou, datt Quartier lointain doropper verzicht. Nodeems den Hiroshi sech sécher ass, datt en net just dreemt a wierklech zeréck a senger Jugend ass, muss hien sech erëm un e Liewen tëschent Elterenhaus a Schoul gewinnen.

Am Kierper vum Teenager

An der Klass ass hien op ee Mol e Musterschüler, dee souguer déi richteg Äntwert weess, wann en net oppasst. Bei de Meedercher huet den Hiroshi op ee Mol Succès, well hien am Verglach zu senge Klassekomerode räif a kultivéiert wierkt. A wann e bei engem Kolleeg doheem heemlech Whisky drénkt, vergësst en, datt säi 14 Joer ale Kierper deen net esou verdréit wéi säin 48 Joer alen.

Et geet awer a Quartier lointain e méi, wéi d'Diskrepanz tëschent dem Hiroshi sengen erwuessene Geescht a sengem jonke Kierper fir Situatiounskomik ze notzen. An enger éischter Phas presentéiert de Manga eng nostalgesch Mediatioun iwwert d'Jugend. De Hiroshi fënnt eng Liichtegkeet vum Liewen erëm, ouni d'Responsabilitéite vum Geschäftsmann a Familljepapp, eng zweet Jugend, vläicht esouguer besser, wéi déi éischt. Déi typesch Onsécherheete vum Teenager ploen den Held net. Hie weess jo, wéi et weidergeet.

De Paradox vum Zäitreesen

Woubäi hei och erëm nei Froen opkommen, Froen, wéi een se aus Science-Fiction-Geschichten iwwer Zäitreese kennt. Nodeems den Hiroshi elo en anere Mënsch ass, dee sech anescht verhält, verännert hien doduerch net d'Zukunft? Ass seng eege Famill, vun där hien sech vläicht scho viru senger Rees an d'Vergaangenheet emotional distanzéiert hat, iwwerhaapt nach do, wann en enges Daags erëm sollt als erwuessene Mann erwächen?

D'Méiglechkeet, d'Zukunft an enger aner Richtung ze lenken, ass besonnesch brisant, wann et em dem Held seng Eltere geet. Den Hiroshi huet nämlech schnell realiséiert, dass hie just e puer Méint virun dem Moment an der Zäit zeréckkomm ass, wou säi Papp d'Famill vun engem Dag op den anere verlooss huet a ni méi gesi gouf. Dat ass d'zentral Evenement am Hiroshi sengem Liewen, mat dem den Doud vu senger Mamm e puer Joer méi spéit och zesummenhänkt.

Den Held freet sech also, ob hien d'Decisioun vu sengem Papp ännere kann oder soll. Mee fir se änneren ze kënnen, muss en se fir d'éischt verstoen. Esou gëtt Quartier lointain a senger zweeter Hallschent zu enger klenger Detektivgeschicht, wou de Jong dem Papp nospionéiert, fir erauszefannen, op et zum Beispill eng aner Fra a sengem Liewe gëtt.

D'Verhältnis zu der Famill

De wierklech spannende Punkt, a vläicht den Aspekt, deen dem Taniguchi säi Manga insgesamt auszeechent, ass de verännerte Bléck op seng Elteren, deen den Hiroshi hei kritt. Fir d'Kand sinn d'Elteren einfach Elteren, déi sech eleng duerch hier Bezéiung zu him definéieren. Mee als Erwuessenen am Kierper vun engem Kand léiert de Protagonist seng Eltere fir d'éischt Kéier als Mënsche kënnen, déi e Liewen niewent dem Elteresinn hunn.

Et gëtt elo keng Selbstverständlechkeete méi am Hiroshi sengem Verhältnis zu senger Famill. Hien entdeckt, dass seng Mamm a säi Papp komplex Individue sinn, déi eng Virgeschicht hunn, déi net zwangsleefeg op seng eege Gebuert erausleeft, an e Liewen, dat net onbedéngt esou verlaf ass, wéi si sech dat gewënscht hunn.

Déi zweet, éischt Chance

Et geet a Quartier lointain am Endeffekt also net drëm, nach eng Kéier jonk sinn, eng zweet Chance ze kréien, fir am Liewen alles Besser ze maachen. Déi zweet Chance, dat ass am Fong déi éischt Chance fir den Hiroshi, eppes ze verstoen, wat en déi éischte Kéier, als wierklecht Teenager, net hätt verstoe kënnen. D'Decisioun vu sengem Papp, och wa se fir hier selwer traumatesch Konsequenzen huet, léiert de Hiroshi awer iergendwou nozevollzéien, an en zitt doraus och eng Léier fir säin eegent, erwuessent Liewen.

Dëst alles erzielt de Jiro Taniguchi mat enger präziser Linn, engem psychologesche Gespier an enger poetescher Sensibilitéit, déi Quartier lointain zu engem graphic novel classic éischter Klass maachen.