Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - By This River

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Welt zerbréckelt

Literatur

Eng Welt zerbréckelt

''Ouereschlëffer" ass den zweeten a leschte Band vum Jemp Schuster sengem Duerfepos. Wärend den éischten Deel ''Bluttsëffer'' eng Welt opgebaut hat, fält déi am zweeten Deel auserneen. Populär Literatur am gudde Sënn vum Wuert an, jo, e grousse Worf!

auto_stories

4 min

Den Zweete Weltkrich hat d'Liewen am fiktiven Eislécker Duerf Grozeg duerchernee gehäit an ural Solidaritéiten zerstéiert. An der Nokrichszäit ass erëm opgebaut ginn, awer net méi dat Aalt. Duerch d'Modernisatioun ass eppes ganz Neies entstanen - mat alle Konsequenze fir de sozialen Zesummenhalt.

Datt den eelste Jong de Bauerenhaff sollt iwwerhuele war net méi selbstverständlech; déi bis dohi relativ autonom Bauere sinn an d'Ofhängegkeet vun de Banke geroden; d'Stolindustrie am Minett huet ëmmer méi Aarbechtskräfte vum Land ewech gezunn.

Wou ee fréier Bluttsëffer nach als effikasst Mëttel géint d'Giicht agesat hat, vertraut ee sech elo der moderner Medezin un. Der Famill Gerber hiren Drauwestack, d'Symbol vun der Kontinuitéit tëschent de Generatiounen, gëtt zerstéiert. Traditionell Bauereweisheete gi vergiess. Et ass praktesch d'Enn vun enger Kultur.

Broch mat der Traditioun

A sengem Roman ''Ouereschlëffer'' illustréiert de Jemp Schuster de Moderniséierungsprozess a seng Widderspréch mam Schicksal vun der Famill Gerber, déi een nach aus dem éischte Band ''Bluttsëffer'' kennt, mee op déi sech d'Handlung elo konzentréiert.

Iwwer allem steet den Aloyse, en egoistesche Mann, deem de Bauerenhaff am Fong egal ass: hie strieft eng Karriär an der Politik un. Fir seng Famill huet hien och net vill iwwereg. Dofir gëtt dem pater familias seng Autoritéit och net méi ouni Aschränkung unerkannt - wann iwwerhaapt... Den Aloyse verkierpert wéi keen anere Personnage de Broch mat der Traditioun, woufir en dann och bestrooft gëtt.

Eng ambivalent Moderniséierung

Mee net alles ass negativ bei deem sozio-ekonomesche Wandel, dee Lëtzebuerg nom Krich matgemaach huet. Déi nei Méiglechkeet, fir mam Bus an d'Ausland ze fueren, erweidert den Horizont vun den Duerfbewunner. Den Individuum ka sech elo onofhängeg vun der Famill an dem Familljebetrib selwer verwierklechen, wéi d'Beispill vum Gust beweist. Besonnesch d'Situatioun vun de Frae verännert sech no an no.

''All Fra dréit hire Päckelchen'' war nach de Motto vum éischte Band. Am zweeten Deel erkämpfe sech d'Fraen hir Rechter, hin zu méi Selbstbestëmmung: d'Elise, déi Zigarilloe fëmmt a Moto fiert, geet sech säi Gléck baussent der Koppel sichen; eng vu sengen Duechtere fillt sech zum weibleche Geschlecht higezunn a lieft déi Sexualitéit baussent der Norm och gären aus; eng zweet Duechter engagéiert sech an der Drëtter Welt; asw.

De politesche Militantismus vun der 68er Jugend, mat sengem Mao-Kult, gesäit de Jemp Schuster méi kritesch. D'Politik kënnt allgemeng net gutt bei him ewech. Schonn d'Gemengepolitik ass e Sammelbecke fir Karrieristen, Korruptioun an Zesummenhang mat Immobiliëspekulatioun gëtt am Roman breet thematiséiert.

Pafefrësser

Dem Auteur säin Antiklerikalismus zitt sech duerch déi zwee Bänn vum Romanwierk. Dësen Antiklerikalismus erkläert den Titel vum zweete Band, wéi aus dësem Zitat vun engem gewësse Regenwicht (!) ervir geet:

''De schwaarzen Ouereschlëffer (auris infiltrator clericalis) ass déi geféierlechst Variant, déi an der Reegel scho beim Kanddaf mam Wäiwaasser iwwerdroe gëtt an direkt d'zentral Nerve vum Gehir ugräift''.

Deen, am Jemp Schuster sengen Aen, zersetzende gesellschaftlechen Afloss vun de Pafe schéngt d'Moderniséierung relativ gutt iwwerstanen ze hunn. Sou ass zum Beispill Pedophilie an der Kierch weiderhin en Thema. Grad ewéi d'Hypokrisie, déi allerdéngs am zweeten Deel an enger bedeitungsschwangerer Zeen zu Auschwitz op en absolutten Héichpunkt gedriwwe gëtt. Bei dëser pechschwaarzer Satir kann ee sech trotz allem froen, ob den Auteur net vläicht e bëssen iwwert d'Sträng geschloen huet...

E Wierk voller Humor

Den truculente Bauerenhumor aus de ''Bluttsëffer'', dee vun der Long op d'Zong dohir kënnt, ass och nees an den ''Ouereschlëffer'' present. Datt d'Handlung méi no un eis Zäit erukënnt, datt méi mat de Wierder gespillt gëtt. Hannert der ''Raiberkees'', beispillsweis, ass et net schwéier, d'Raiffeisekees z'erkennen. Heiansdo verfält den Humor och a bëllege Klamauk, wéi an der italieenescher Zeen mam Netty a mam Gust. Mee esou Ausrutscher sinn zum Gléck éischter seelen.

Net fir näischt bréngt de Jemp Schuster dann och op eng ironesch Manéier seng eegenen Zunft an d'Gespréich :

"Kabarettisten, schreift en, dat ware meeschtens frustréiert Proffen, ënnerfuerdert Schoulmeeschteren, gelangweilt Staatsbeamten an anonym Journalisten, déi als Hobbystëppler probéiert hunn, Tabuen ze briechen."

E Stéck Lëtzebuerg

Am grousse Ganze fiert ''Ouerschlëffer'' do weider wou ''Bluttsëffer'' opgehalen hat. Am zweete Band stéisst een zwar op Längten, déi den Auteur mat Ellipsen hätt kéinten aus dem Wee raumen. A bei engem Romankonstrukt vun iwwer 1.000 Säite verzeit ee schonn deen een oder anere logesche Feeler. Wann den Hond Millo XIII sech op Säit 112 um Haff mellt nodeems en eigentlech op Säit 89 erschoss gi war, dann erënnert dat schonn e bëssen un d'Schéinheetsfeeler vun de ''romans-feuilletons'' aus dem 19. Joerhonnert.

A genee dat ass dem Jemp Schuster säin Duerfepos: populär Literatur am gudde Sënn vum Wuert. Mat där flotter Mëschung aus Chronik, Familljesaga, Sozial- a Kulturgeschicht, jo eleng duerch d'Ausmooss vu sengem literaresche Projet, huet den Auteur d'Lat nawell héich geluecht. Seng zwou Zillen - ''Bluttsëffer'' an ''Ouereschlëffer'' - sinn e Stéck Lëtzebuerg.