Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng valabel Definitioun vu Fräiheet

Netflix

Eng valabel Definitioun vu Fräiheet

Mat hirem Film "Une Fille facile'' hat d'Rebecca Zlotowski d'lescht Joer um Festival vu Cannes polariséiert. E summerlech liichte Film, dee mat de Clichéë ronderëm déi passiv "femme-objet" brécht.

auto_stories

4 min

D'Naïma (Mina Farid), deem seng Mamm als Botzfra an engem Luxushotel zu Cannes schafft, huet grad säi 16. Gebuertsdag gefeiert. Déi grouss Vakanz huet ugefaangen an dem Meedche seng 22 Joer al Cousine Sofia (Zahia Dehar) kënnt et op d'Côte d'Azur besichen. Een Owend léiert d'Sofia e räiche Geschäftsmann kennen, dee béid Meedercher op seng Yacht invitéiert.

''Une fille facile'' hat d'lescht Joer um Festival vu Cannes, wou en an der Quinzaine des réalisateurs gelaf war, nawell fir Diskussioune gesuergt. Verschidde Kritiker hate sech mat Luef iwwerschloe wärend anerer domat guer a glat näischt konnten ufänken.

Eng Actrice, déi kee kal léisst

Gutt méiglech, datt de Film däitlech manner polariséiert hätt, wann net déi fréier ''escort girl'' Zahia Dehar matgespillt hätt, eng vun hiren éischte Rollen iwwerhaapt. Bis dohi war d'Franco-Algerierin virun allem doduerch opgefall, datt si als deemools nach mannerjäreg Prostituéiert bekannte franséisch Fussballspiller als Clienten hat - eng an de Medie breet getrëppelt Affär, déi geriichtlech Suitte krut.

Am Film interpretéiert si de Personnage vun der Sofia, fir dee si net all ze vill huet missten dobäi erfannen. Et ass déi ''fille facile'' aus dem Titel, eng jonk Fra, déi eng Rei Schéinheetsoperatiounen hanner sech huet, ganz labber mat der Sexualitéit ëmgeet, ''carpe diem'' ënnen um Réck tätowéiert huet a gäre mat Luxusposchen dorëmmer spadséiert - wou all déi Suen hierkomme gëtt net erkläert, respektiv brauch et och net ze ginn.

Feministesche Statement

Datt d'Realisatrice Rebecca Zlotowski, déi fir hir feministesch Positioune bekannt ass, bewosst op d'Zahia Dehar zeréckgegraff huet, schéngt evident ze sinn. Et ass sécherlech en Deel Provokatioun dobäi fir scho mol bei all deene kënnen unzëecken, déi der Sofia hire Liewensstil absolut verurteelen.

D'Sofia ass eng selbstbewosst jonk Fra, si spillt mat hirem - net grad subtillem - Charme a wëllt jiddefalls d'Liewen op hir Manéier genéissen. D'Zahia Dehar wierkt alles anescht ewéi ofstoussend. Si straalt effektiv eng gewësse Liewensfreed aus, eng Liichtegkeet, déi staark un d'Brigitte Bardot aus der gudder Zäit erënnert, net eleng wéinst hirer Dictioun.

Mir sinn also wäit ewech vun der ''femme-objet'', déi de Männer passiv ausgeliwwert ass, respektiv wa se aus bescheidene soziale Verhältnesser kënnt, just hiren eegene Kierper huet fir sech engem räiche Mann kënnen ''ze verkafen''. Iwweregens ass de räichen Typ, mat deem et sech aléisst, och sexuell attraktiv. Et ass also duerchaus e selbstbestëmmt ''ginn'' an ''huelen'', woubäi déi Relatioun elo guer net verherrlecht gëtt wéi dat bei engem Film ewéi ''Pretty Woman'' de Fall war. Mat all deene Clichéë brécht ''Une Fille facile'' ganz kloer.

D'Sofia gëtt net verurteelt, mee och net verherrlecht

An awer schaaft de Film eng gewëssen Distanz zum Sofia senger Opfaassung vu Fräiheet. De Film gëtt nämlech net aus senger Perspektiv erzielt, mee aus där vun der jonker Cousine. Dat 16-järegt Naïma entdeckt zwar ee fir hatt onbekannte Liewensstil, deen duerchaus unzéiend ass.

Allerdéngs mierkt d'Naïma séier, datt et méi Alternative gëtt, fir net ewéi seng Mamm mussen als Botzfra ze schaffen. Zemools seng Gespréicher mam Philippe (Benoît Magimel), den Employé vum räiche Geschäftsmann, maachen him bewosst, datt richteg Fräiheet am Fong nëmmen ze kréien ass, wann ee vu kengem aneren ofhänkt.

''Une Fille facile'' ass e ganz honorabelen, wéinst senger summerlecher Atmosphär agreabele Film - Liichtegkeet heescht jo net onbedéngt Frivolitéit. E beweist, datt feministesch Thematiken net ëmmer musse mat der Briechstaang behandelt gi fir pertinent ze bleiwen.