Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Daniel Balthasar & Fox - Capacity

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng reell imaginär Welt

Festival de Cannes 2019

Eng reell imaginär Welt

Mat Cannes XR dediéiert de Filmfestival dëst Joer den immersiven Technologien eng eege Rubrik. Ënner den honnerten Experienze sinn och Lëtzebuerger Produktioune vertrueden. Technologië wéi 8K, 360 Grad oder Virtuell Realitéit sollen hei net just fir Professioneller zougänglech sinn. D'Maxi Pesch huet d'Experienz um 72. Filmfestival vu Cannes gemaach.

auto_stories

3 min

Et ass schonn erstaunlech, dat Gefill, wierklech ze mengen op enger anerer Plaz ze sinn. Mam ganze Kierper. Um Minus 1 vum Palais du Festival gouf dëst Joer eng ganz Arkad mat Casquen installéiert. Do ka jiddweree seng eegen Experienz maachen, erkläert de Sébastien Lefebvre vun 360 Film Festival.

"Et ginn Experienzen, do ditt Dir just de Casque un, ouni Mouvement. Dat ass, wéi wann Dir an der Realitéit wiert, just datt Dir an enger komplett anerer imaginärer Welt sidd. Elo ginn et och schonn Experienzen, déi vill méi wäit ginn. Zum Beispill kënnt Dir wierklech d'Gefill hu mat engem Gleitschierm ze fléien oder mat Delfinen an enger Piscine ze schwammen. Dat hänkt e bësse vun den Installatiounen of, déi een ausprobéiert."

Och Lëtzebuerger Produktioune sinn dobäi, wéi zum Beispill "Ayahuasca" vun der Produktiounsfirma A-Bahn. D'Experienz vun der Drog ouni drogéiert ze sinn, erkläert de Paul Bouschard vun Diversioncinema.

"Während der ganzer visueller Rees huet ee vill Halluzinatiounen. Et gesäit ee Schlaangen, Insekten, duerno ass een a Raim, déi wonnerschéi sinn oder an aneren, déi dech erdrécken. Zum Beispill ass een an engem Moment an enger Liichtkathedral, kuerz drop am Land vun den Doudegen. Alles dat ass d'Experienz vun de Leit, déi déi Drog wierklech huelen."

Technologië wéi d'8K Opléisung, déi Reell oder Augmentéiert Realitéit hätte sech an de leschte Jore séier weiderentwéckelt an hätten eng Zukunft viru sech, mengt de Sébastien Lefebvre.

"Et geet duer, datt ee gesäit, datt ëmmer méi Arkaden opginn. Ech mengen, datt et am Gaangen ass sech gutt ze developpéieren. Elo sinn d'Casquen och vill méi agreabel, et huet ee manner d'Gefill, datt een op engem Boot ass."

Elie Levasseur

Niewent der Arkad, wou een ausprobéiere kann, ginn zu Cannes um Marché vum Festival während sechs Deeg Konferenze ronderëm de Sujet organiséiert. Net nëmme Professioneller an deem Beräich sollen ugezu ginn, erkläert den XR Programmchef Elie Levasseur. Mat Cannes XR soll en Ekosystem kreéiert ginn.

"Haut huet een en Ekosystem vu Professioneller an deem Beräich. Mee et ginn ëmmer méi Produzenten, Artisten an Industrieller, déi sech op dës nei Technologië spezialiséieren. An et sinn déi Leit, déi mir och wëllen unzéien."