Radioen

On air

Espresso Beats  |  David Holmes & Raven Violet - Necessary Genius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng grouss visuell Kraaft

Lucy Sullivan - Barking

Eng grouss visuell Kraaft

"Barking" nennt sech den Debut vum Lucy Sullivan, eng Graphic Novel iwwer psychesch Krankheet, an doriwwer, wéi de Gesondheetssystem domat ëmgeet.

auto_stories

1 min

D'Protagonistin Alix kënnt net iwwer den Doud vun enger Frëndin ewech. Nodeems et enges Daags um Gelänner vun enger Bréck steet, bréngt d'Police et an d'Psychiatrie.

Hei gëtt d'Alix weiderhi vum Doud vu senger Frëndin verfollegt, dat him als Geescht reegelméisseg erschéngt, mee et muss sech och am Mikrokosmos vun der Psychiatrie zerechtfannen.

Rau an expressiv

D'Originalitéit vun der Graphic Novel läit awer net onbedéngt an der Geschicht, mee éischter an der Aart a Weis, wéi dem Alix säin Zoustand duergestallt gëtt. D'Lucy Sullivan benotzt e grafft Schwaarz-Wäiss, eng onreegelméisseg Linn, déi de Säiten eng grouss Dynamik an e bal scho physeschen Impakt ginn.

Text wéi Zeechnungen si rau an expressiv an et ass ee permanent gefuerdert, sech nei ze orientéieren a sech an dem Alix säi Kapp eranzeversetzen. "Barking" ass e Buch mat eng grousser visueller Kraaft, déi ee matrappt, an engem doriwwer och d'Thematik vun Trauer an Depressioun méi no bréngt.