Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Fiktioun no un der Realitéit

Lukas Jüliger - Unfollow

Eng Fiktioun no un der Realitéit

Mat engem rouegen a "léiwe" Stil gelëngt et dem Lukas Jüliger eng ëmmer méi onheemlech a grujeleg Atmosphär ze erschafen. Eng Fiktioun, déi heiansdo geféierlech no un der Realitéit ass.

auto_stories

1 min

D'Graphic Novel "Unfollow" ass eng Parabel op zäitgenëssesch Jugendkultur a -beweegungen. Se erzielt d'Geschicht vum Earthboi, enger Mëschung aus Greta Thunberg a Social-Media-Influencer, en Ëmwelt-Aktivist, dee säi Message iwwer YouTube-Videoen an Instagram-Posts verbreet a domat zu engem Messias fir ëmweltbewosst jonk Leit gëtt.

Beschriwwe gëtt dat alles aus der Perspektiv vum Earthboi sengen éischte Follower a "Jünger", déi vollkomme vun him iwwerzeegt sinn.

Eng ëmmer méi grujeleg Atmosphär

"Unfollow" ass an engem ganz reegelméissegen an duusse Stil gezeechent. Dem Lukas Jüliger geléngt et, mat dem rouege a "léiwe" Stil an dem optimisteschen Text eng Atmosphär ze erschafen, déi mat der Zäit ëmmer méi onheemlech a grujeleg gëtt.

Wann een dem Enn vum Buch méi no kënnt, gëtt et kloer, wourop d'radikal Beweegung, déi den Earthboi inspiréiert huet, erausleeft, mee laang Zäit muss ee genee liesen a kucken. Doranner läit de Reiz vun "Unfollow", dat aus eiser Öko- an Internetkultur eng Fiktioun erschaaft, déi heiansdo geféierlech no un der Realitéit ass.