Jean-Marc Rochette - La Dernière Reine Eng donkel Zäit brécht un

"La Dernière Reine" ass eng klassesch Abenteuer- a Libesgeschicht. Eng Koppel stemmt sech an den Alpe vum fréien 20. Joerhonnert géint de Fortschrëtt a wierkt an hirer Anti-Modernitéit heiansdo ganz modern.

Jeff Thoss / tt

La dernière reine
La dernière reine ass bei Casterman publizéiert.

Am Dezember 2022 huet de renomméierten Zeechner Jean-Marc Rochette annoncéiert, datt hie mat der BD ophält an sech an Zukunft op Molerei a Skulptur konzentréiert. Do virdrun ass awer nach e lescht Buch, "La Dernière Reine", bei Casterman erauskomm, an deem sech den Zeechner trei bleift a eng klassesch Abenteuergeschicht presentéiert, wou d'Natur am Virdergrond steet.

Si spillt gréisstendeels an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert, am Vercors an de franséischen Alpen. Hiren Held ass den Édouard Roux, deen als Kand erlieft, wéi de leschte Bier an der Géigend - d'dernière reine - vun engem Jeeër erschoss gëtt.

Wéi eng Rei Réckblenden undeiten, staamt de Édouard aus enger Famill, déi schonn dausende Joren am Vercors lieft an eng besonnesch intensiv, bal scho magesch Verbindung zu de Bierger a speziell zu de Déieren huet. De Fraen aus der Famill gëtt nogesot, datt si Hexe sinn. Eng vun hire Prophezeiungen ass, datt eng donkel Zäit ubrécht, soubal de leschte Bier stierft.

Eng donkel Zäit

Dat ass dann och dat, wat den Édouard erlieft, well knapps ass hien erwuessen, muss en an de Éischte Weltkrich, aus deem en als "gueule cassée", also mat engem entstallte Gesiicht, erëmkënnt. Zu Grenobel schléit hien sech mat engem Sak um Kapp duerch, bis e vun enger Paräisser Sculptrice héiert, déi de blesséierten Zaldoten en neit Gesiicht soll maachen. Nodeems den Held bei si reest, gëtt aus der Abenteuergeschicht dann och eng Libesgeschicht.

DʼKënschtlerin, dʼJeanne Sauvage, bastelt dem Édouard net nëmmen eng Liederprothees, mat där hie sech erëm an der Ëffentlechkeet weise kann. Haaptsächlech schafft si un Déiereskulpturen, esou datt déi zwee direkt vill verbënnt a si schnell eng Koppel ginn. Si liewen ofwiesselend am Vercors, wou dʼJeanne mam Édouard senger Hëllef dʼInspiratioun fir eng Biereskulptur fënnt, an zu Paräis, wou hiert Wierk schliisslech ausgestallt a verkaf soll ginn.

Vun der Paräisser Konschtwelt ginn déi zwee awer leschten Enns batter enttäuscht, esou dass si decidéieren, sech ganz an dʼBierger zeréckzezéien, wou se an enger Hütt liewen a just nach, wann et net anescht geet, mat de Leit an der Stad, zu Grenoble, interagéieren.

Stad versus Land

"Zeréck zur Natur" ass de Message, deen d'BD priedegt. D'Erzielung baséiert op engem klassesche Géigesaz tëschent Kultur a Natur, tëschent Stad a Land, wou d'Liewen an der Stad als falsch, kënschtlech, a verduerwen duergestallt gëtt a just d'Liewen um Land dat authentescht ass, dat, wou de Mënsch am Aklang mat senger Ëmwelt existéiere kann a sech net verstelle muss - wéi den Édouard, dee seng Mask undeet, fir zu Grenoble oder zu Paräis net opzefalen. Hannert all deene Motiver stécht eng laang Traditioun vun der Zivilisatiounskritik, bei där e vläicht fir d'éischt un de Jean-Jacques Rousseau denkt, deem säin Afloss de Jean-Marc Rochette net ofstreide kann.

Schrecklech originell ass dat net an et kann een dem Auteur souguer eng gewëssen Naivitéit virwerfen an der Aart a Weis, wéi en hei mat einfachen Oppositiounen, mat Schwaarz-Wäiss-Molerei operéiert.

Mee, hien entwéckelt och interessant Parallellen zu eiser eegener Zäit an dëser historescher Geschicht, déi "La Dernière Reine" erëm spannend maachen. Op hir Zäitgenossen an de 1920er wierken den Édouard an dʼJeanne almoudesch, wéi aus der Zäit gefall, well se de Fortschrëtt ofleenen. Mee op eis, an de Zwanzegerjoren vun dësem Joerhonnert, wierken se paradoxerweis modern.

Klimaaktivismus avant la lettre

DʼJeanne erschaaft an de Bierger eng nei Form vu Naturkonscht, déi mer haut "Land Art" nenne géifen, wärend den Édouard zu enger Zort Klimaaktivist gëtt, deen dʼAusbeutung vun der Ëmwelt duerch dʼIndustrie an dʼAusstierwe vu ganze Spezies duerch den Afloss vun de Mënschen uklot.

Doduerch geroden déi zwee, genau wéi modern Aktivisten, och a Konflikt mat der Gesellschaft. Eng einfach Léisung bitt den "Zeréck zur Natur" also trotzdeem net, an dat Ganzt geet dann och, wéi een sech denke kann, tragesch aus. Hei spillen dann och dʼBieren erëm eng Roll.

Um Niveau vum Stil schafft de Jean-Marc Rochette mat wéineg Dialoger, wéineg Text, zum Deel esouguer mat wéineg Mënschen an de Casen. De Schwéierpunkt läit op Biller vun der Natur, zum Beispill Biller vun de Bierger zu allen Dages- a Joreszäiten, mee och Portraite vun Déieren. Hei ass den Zeechner e klore Romantiker, deen eis dʼNatur als eppes Majestéitesches presentéiert.

Speziell um Ufank, wou de Jean-Marc Rochette oft an der Zäit zeréckspréngt, deelweis an Epochen, wou nach guer keng Mënschen am Vercors gelieft hunn, kritt een den Androck, datt dʼLandschaft eppes Éiweges ass an de Mënsch just eng Nieweroll spillt.

Konventionell, an awer gelongen

Dat soll awer net heeschen, datt sech dʼBD bei Zeenen an der Stad oder soss tëschent Mënsche keng Méi gëtt. Och hei zeechent de Rochette mat enger Léift zum Detail, leeft Wäert op realistesch Dekoren an déi richteg Atmosphär a suergt domat och fir déi néideg Ofwiesslung tëschent de méi hektesche Passagen an der Zivilisatioun an deene méi rouegen, friddlechen an der Natur.

Stilistesch ass "La Dernière Reine" sécherlech gelongen a bréngt seng Léift zur Natur op eng beandrockend Aart a Weis eriwwer.

Et ass allgemeng eng traditionell, fir net ze soe konventionell Erzielung, déi interessanterweis awer grad an hirer Anti-Modernitéit modern ass. Datt den Édouard an dʼJeanne op eis wéi Klimaaktivisten aus dem 21. Joerhonnert wierke kënnen, wärend se fir dʼLeit an der Geschicht Gestalten aus eng donkele Mëttelalter sinn, ass deen Aspekt, dee "La Dernière Reine" zu engem Buch mécht, dat méi ass, wéi just eng souverän erzielten a gezeechent BD.

Et bleift e Comic, deen et sech an der Géintiwwerstellung vu Natur a Kultur ze einfach mécht, mee komplett onreflektéiert ass en eben net. Esou huet een et am Endeffekt mat enger klassescher Abenteuer- a Libesgeschicht ze dinn, déi engem och iwwert eis Zäit an eisen Ëmgang mat eiser Ëmwelt nozedenke gëtt. Als lescht BD, wann et da wierklech déi lescht bleift, ass dat net verkéiert.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Bastien Vivès - Dernier week-end de janvier (Casterman)
Bastien Vivès - Dernier week-end de janvier (Casterman)

Eng Léift um Comicfestival: dem Bastien Vivès seng neiste BD erzielt mat spuersame Mëttele vun enger onwarscheinlecher Libesgeschicht am Comicmilieu, déi sech bal net ze erkenne gëtt.

Déck Frënn Buchkritik
Karikatur

d'Land-Lieser kenne se, déi bësseg Comic strip-Rubrik "Déck Frënn" vum Duo Skif & Dresch. Elo läit hir Produktioun aus der Period 2019-2020 a Buchform vir: "Déck Frënn. La Comédie inhumaine".

Kertin Medinger - Le Départ Buchkritik
Literatur

Eng eeler lesbesch Koppel, zwee Jugendlecher an e Schrëftsteller um Wee a Richtung Fräiheet. Dat ass de Sujet vu "Le Départ", deem éischte Roman vun der 37 Joer aler Kerstin Medinger.

Pit Schlechter -  Fléiepëlz Buchkritik
Literatur

Als eng kritesch-humoristesch Bestandsopnam vun der Lëtzebuerger Sprooch kéint een dem Pit Schlechter seng Textsammlung "De Fléiepëlz. E Lëtzebuerger Orbis Pictus" (Kremart Edition), ëmschreiwen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen