Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cousin Kula - Hangin' On Your Lips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng desolat Situatioun

Theaterstécker an der Pandemie

Eng desolat Situatioun

Matzen an der Pandemie d'lescht Fréijoer haten d'Stater Theateren an de Mamer Kinneksbond aacht Autorinnen an Auteuren den Optrag ginn, en Theaterstéck ze schreiwen, dat sech mat der deemoleger Aktualitéit ausenanersetzt. D'Stécker koumen dann an der Saison 20/21 op d'Büne vun de genannte Kulturhaiser. Elo hunn Hydre Editions dës Texter publizéiert. D'Valerija Berdi stellt all eenzelen Text vir, haut ass et "Contraction_s" vun der Nathalie Ronvaux.

auto_stories

3 min

De Confinement d'lescht Joer war fir eis all eng aussergewéinlech Situatioun. En Zoustand, deen een net virdrun erlieft huet, an et ass scho spannend ze liesen, wéi déi verschidde Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller mat deem Sujet ëmginn. Virun allem, well déi aacht Autorinnen an Auteuren, déi den Optrag fir d'Theaterstécker ze schreiwe kruten, hier Texter matzen am Confinement och geschriwwen hunn.

Déi eng haten eng méi ironesch a humoristesch Approche, anerer hu sech méi poetesch, dystopesch, ganz realistesch. oder nach ganz imaginär eru gewot. An da ginn et déi, déi dat alles an hiren Text era bruecht hunn. Esou eent ass d'Nathalie Ronvaux mat hirem Stéck "Contraction_s."

Jiddwereen ass a senger Welt agespaart

Dräi Personnagen, déi an enger Zort Huis clos zesumme sinn: d'Valérie, d'Larisa an de Max (op der Bün am groussen Theater stoungen dann och d'Valérie Bodson, Larisa Faber an de Max Thommes). D'Valérie sengt d'Lidd New World Coming vun der Cass Elliot, d'Larisa ass schwanger a seent sech no der Natur dobaussen, an de Max wëllt an den Aarm geholl ginn.

Déi dräi sinn zesummen an engem Raum, mee jiddwereen ass a senger eegener Welt agespaart. D'Valérie probéiert den anere Courage ze maachen, Sange wier d'Léisung fir net ënnerzegoen. De Max ass doudonglécklech, schwätzt iwwer grujeleg mënschlech Erfarungen, déi hie grad duerchmécht. D'Larisa wëllt, datt hier Plaz bei der Fënster net kontaminéiert gëtt, datt si op d'mannst dës Plaz fir sech eleng behale kann.

Een traumateschen Zoustand

Et ass een Zesummesinn, awer kee Mateneen, kee lauschtert deem aneren no, an obwuel se an engem Boot sëtzen, huet keen en oppent Ouer fir deen aneren. An trotz dëser desolater Situatioun, engem traumateschen Zoustand, deen d'Nathalie Ronvaux hei beschreift, kënnt et zu esou absurden Zeenen, datt een haart laache muss.

Contraction_s, d'Wéie vun der Fra, wa se accouchéiere soll, wann d'Kand aus dem enke Bauch eraus komme soll, an déi dräi sinn och an esou engem Zoustand: agespaart, an et sinn déi verbal Kontraktiounen, déi ausbriechen, mee si kréie keng Fräiheet, well se a sech selwer agespaart sinn, sech selwer agespaart hunn, net just an engem Raum, mee am eegene Kierper, am eegne Kapp.

Et geet ëm méi wéi just de Confinement

E Stéck, dat wäit iwwer d'Situatioun vum Confinement eraus geet, wat d'Gedanke beim Liesen op aner Plazen, op aner Situatioune féiert, esou datt ee sech selwer verléiert a genuch Material dann huet, fir vill nozedenken.

Contraction_s gouf vum Stéphane Ghislain Roussel den 18. September 2020 op d'Bün vum Groussen Theater bruecht.