Radioen

On air

De Moien  |  Aliocha Schneider - Avant Elle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En eemolegen Zeechestil

300 vum Zack Snyder

En eemolegen Zeechestil

Comics musse sech net ëmmer ëm Superhelden dréien, mee se behandele ganz verschidden Theemen. Am Joer 1998 hunn de Frank Miller an d'Lynn Varley zum Beispill eng historesch Virlag geholl, an déi an hirer Graphic Novel 300 verschafft.

auto_stories

3 min

Mir ginn an d'Joer 480 viru Christus. De persesche Kinnek Xerxes probéiert mat enger riseger Arméi Griichenland ze erueweren, nodeems dat sengem Papp Dareios zéng Joer méi fréi net gegléckt war, well hie bei Marathon vun den Athener geschloe gouf.

E puer griichesch Staaten hu sech dem Xerxes elo schonn ugeschloss, Athen wëllt sech dem persesche Grousskinnek awer widdersetzen. Dëse schéckt en Diplomat op Sparta fir sech d'Ënnerstëtzung vun dësem Staat ze sécheren.

D'Spartaner hunn awer keen Interessi doru sech enger anerer Muecht ënnerzeuerdnen an d'Konsequenz ass Krich. Well et awer d'Zäit vun de Karneien ass, e reliéist Fest wärend deem a Sparta net gekämpft dierft ginn, muss de Kinnek Leonidas mat nëmmen 300 vu senge Spartiaten der persescher Iwwermuecht entgéint zéien.

Net als akkurat historesch Duerstellung ze verstoen

Esouwäit d'Ausgangspositioun vun der Graphic Novel "300", déi de Frank Miller 1998 mat der Lynn Varley geschafen hat. An dës Schluecht huet eng historesch Virlag. Am Joer 480 viru Christus huet nämlech tatsächlech e Grupp vu Griiche bei den Thermopylen enger persescher Muecht géigeniwwer gestanen, eng Schluecht, déi den Herodot iwwerliwwert huet.

Dem Frank Miller säi Comic dierf een awer net als akkurat historesch Duerstellung verstoen, "300" huet och net dësen Usproch. Mee de Frank Miller hëlt dës historesch Virlag a probéiert dorausser eppes Epesches ze maachen.

Dat gëllt awer net onbedéngt fir d'Geschicht u sech, well déi ass eigentlech séier erzielt. Et geet eben ëm de Kampf tëschent de Spartaner an de Perser, vill méi ass do eigentlech net. An och wiem eng Charakterentwécklung wichteg ass, fir deen ass dem Frank Miller säi Comic net onbedéngt dat richtegt. Bis op de spartanesche Kinnek Leonidas, ginn d'Figuren net auserzielt.

Visuell eng grouss Freed

Also keng komplex Geschicht an eendimensional Charakteren, mee firwat sollt een dann d'Graphic Novel "300" iwwerhaapt liesen? Ganz einfach, wéinst dem Zeechestil. An deen ass wierklech fantastesch a kompenséiert a mengen Aen déi aner Schwächten. D'Faarwen, déi d'Lynn Varley gewielt huet, sinn äerdeg a passen excellent zu dësem Theema. An de Frank Miller versteet et d'Dimensiounen an d'Dynamik vun de Schluechten a senge Biller duerzestellen. Am Normalfall ass e Comic eng Symbios aus Zeechekonscht a Storytelling, hei ass de Fokus ganz kloer op een Aspekt geluecht ginn.

Visuell ass dës Graphic Novel wierklech eng grouss Freed. A wann een dann nach eng Virléift fir esou en historesche Setting huet, dann huet ee mat "300" vill Spaass.

An dem Frank Miller seng Graphic Novel war och d'Virlag fir dem Zack Snyder säi Film "300" aus dem Joer 2006. De Regisseur huet sech a ville Momenter quasi eent zu eent un de Comic gehalen an e puer Zeene Virlagen-getrei nogestallt. An och d'Faarf-Palett huet de Zack Snyder aus dem Comic iwwerholl. Och an dësem Sënn ass 300 interessant fir dës Proximitéit ze gesinn, déi e Comic an e Film virun allem optesch kënnen hunn.